Highlights
Ween oder wat as en Nemo?
Positiv non-binary Representatioun um ESC? Net mat RTL!

Vergaangene Weekend war den ESC zu Malmö. Eng gutt Geleeënheet fier RTL en neien Artikel an der Serie „Misgendering fir Ufänger*innen“ ze verëffentlechen.

Vum 8. bis 14. Mee
Alerte Rouge uechter d'ganzt Land

Meteolux an CINEXTDOOR mellen iwer di ganz Woch verdeelt direkt e puer Alertes Rouges.

De Kontext
Adapto-Service: Och ausserhalb vum Summerlach e Problem?
Dës Fro gëtt an eisen ëmmer méi schnellen an opgeluedenen Zäiten ëmmer méi wichteg.
Rediffusioun vun der Rediffusioun
Wéi RTL d'Zäit ëm kritt

An engem rezente Reportage iwwer d’Model Mandy Graff heescht et: „RTL ass jiddwerfalls stellvertriedend fir vill Lëtzebuerger houfreg op dës Leeschtung“. Op d’Lëtzebuerger*innen houfreg op d’Leeschtung vun RTL sinn?

Tëscheruff vum Ben Barsch
Wat ech der Welt schonns ëmmer matdeele wollt

An der Rubrik „Meenung“ vun RTL Eent solle Mataarbechter*innen eppes schreiwen, wa se keng Zäit oder Iddi fir e richtege Reportage hunn. De Commentaire haut vum Ben Barsch.

Kaddoe fir Bertelsmann
Dem Xavier Bettel säin hannerhältege Milliounen-Deal

Ontransparent an ondemokratesch: sou huet deen deemolege Medieminister d’Zukunft vun de Medien hei am Land aushandele gelooss.

Eidel Verspriechen, Ligen an Dreem aus Konventioun vun RTL (7)
RTL Radio Lëtzebuerg: Service Public ouni Missioun

Iwwerraschung: De Lëtzebuerger Staat bezilt RTL fir eng Radios-Chaîne ouni wierklech ze spezifiéieren, wat déi Radios-Chaîne eigentlech maache soll.

Sidd dir op den RTL1 Abrëllsgeck ragefall?
Abrëll, Abrëll: RTL awer nach an der Hand vu Bertelsmann

RTL Lëtzebuerg huet Iech dëst Joer keen Abrëllsgeck gegënnt, wuel awer RTL1.

"Gréisste Playstation" amplaz Pneuen-Skandal
Wat RTL a Goodyear Iech virenthalen

De Géigendeel vu Journalistescher Opklärungsaarbecht ass Vertuschung. Déi national Press spréngt mol nees eng Kéier engem Konzern un d’Säit, deen international an d’Schlagzeile geréit.

Merci fir näischt
RTL & LGBTQI+ Representatioun

Haut ass „Trans Day of Visibility“. Wat wëllen se dann elo, nach méi schlecht Representatioun?

Nëmmen dat Bescht
RTL1: den neiste Produit an der RTL Famill

De Camille Aal presentéiert wéi all Stonn ee coup de coeur, mat dem hien nëmmen entfernt finanziell Verstréckungen huet. D’Land gëtt ëmmer méi kleng, wie soll dann do schonn nach den Iwwerbléck halen?

Eidel Verspriechen, Ligen an Dreem aus Konventioun vun RTL (6)
Ignoréiert RTL säi Cahier de Charge fir d'Tëlee?

Am Konzessiounsvertrag mat der CLT-UFA spezifizéiert de Staat, wéi eng Programmer RTL a Contrepartie zu Milliounen u Subventiounen ze produzéieren huet.

Sidd mat dobäi
Grouss Avant-Première vum RTL-Film "Stëmm vu Lëtzebuerg"

Den 12. Abrëll um 20h00 ass et souwäit, da leeft an der Abtei Neimënster den neie Film iwwer RTL.

Den Trailer ass do!
Film "Stëmm vu Lëtzebuerg" gouf annoncéiert

„Hai am Stau!“ - Dës Pushnoriicht vun RTL hält d’Land an Otem. Fir d’Joëlle Zander, CEO vum gréisste Mediebetriib am Land ass et d’Geleeënheet endlech déi nei Sendung ”Kontext’ ze lancéieren.

RTL1 Informatiounen no
Et ass een Hai am Stau

Dës Nouvelle iwwerrascht: No engem Wollef am Oste vum Land an enger Kaz am Zuch bis an d’Stad gouf elo een Haifësch am Stau gemellt.

Commentaire vum Nicole Morue
"Dir gitt ënner!!"

Wien als Journalist hei am Land seng Aarbecht maache wëll, brauch dacks vill Gedold an eng héich Frustratiounstoleranz. Wou ass de néidege Respekt fir dëse schwierege Beruff freet sech d’Nicole Morue vun RTL Eent an hirem Commentaire.

Eidel Verspriechen, Ligen an Dreem aus Konventioun vun RTL (5)
Eng "Commission de Suivi" ënnert der Kontroll vum Ministére

Wien kontrolléiert eigentlech, ob de Konzessiounsvertrag agehale gëtt? E Bléck an der Vertrag weist, dass eng wierklech Kontroll vun der CLT-UFA ënnerbonne gi kann.

Wéi eng Partei steet RTL am noosten (3)
De groussen Iwwerbléck: Wéi vill LSAP stécht an RTL — an ëmgedréint?

Eng Iwwersiicht mat den involvéierte Persounen an ee Bléck op eng Geschicht voller Widderspréch.

De Video ass do!
D'Theaterstéck "Ween stoppt RTL?" elo online kucken

D’Opnam vun der leschter Virstellung vum Stéck, den 10. Mäerz 2024 am Kasemattentheater.

Wéi et elo hei weidergeet
RTL1 Redaktioun ass nees opgedaucht

Zwee Méint laang gouf et all Dag nei Artikelen, wéinst dem Theaterstéck gouf et eng kuerz Ënnerbriechung. Elo gi weider Projeten ugekënnegt.

Elo online spillen
Hei Elei, Knips Elei (Update: elo och fier Android)

Maacht iech als Freelance-Fotograf vun ärem Liiblingssender op de Wee, d’Topstories vu muer ze dokumentéieren - an ofzekasséieren.

RTL Eent - Review
"Hei Elei, Knips Elei" erfëllt all d'Erwaardungen
Dat neit 3D-Autosspill aus dem Haus RTL Eent léisst keng Wënsch op an ass net nëmme fir d'Fans vun den Accidentsfotoen op rtl.lu en absolutte Must.
Et gouf nees zolidd geklickt
Dat waren déi beléiftsten Artikelen am Mount Februar

RTL Eent ass elo zwee Méint al. Wéinst senger traditiounsräicher Geschicht, senger Wichtegkeet fir de Mediestanduert Lëtzebuerg an deene villen Aarbechtsplazen um Kierchbierg ass och RTL Eent elo schonn sou systemrelevant, dass de Staat eis alles duerchgoe loosse géif.

Publicitéitsrecetten vun RTL.lu
Online séier vill Suen maachen

Ass bei de Reklamme fir déi traditionell Medie scho laang de Pic erreecht ginn? Oder huet RTL mol nees eng raffinéiert Geschicht ausgeduecht fir u staatlech Gelder ze kommen.

Eng héichdekoréiert Kulturjournalistin
Tipps vum Christiane Kremer fir Erfolleg ze hunn

Ouni Visibilitéit, kënnt een als Kulturschafenden net wäit - dat misst virun allem d’Kulturjournalistin Christiane Kremer wëssen, déi sech iwwert hier Aarbecht bei RTL Visibilitéit fir hier zweet Aarbecht als Autrice verschafe konnt.

Eidel Verspriechen, Ligen an Dreem aus Konventioun vun RTL (4)
Wéi eng Ziler a Missiounen huet RTL - ausser Suen ze maachen?

Lëtzebuerg huet eng immens divers Bevëlkerung: vill verschidde Sproochen, Liewensrealitéiten an Usiichten treffen openeen. Fir dass eis Gesellschaft sech versteet a kenneléiert, fir dass eis Demokratie funktionéiert, fir dass all Mënsch Zougank zu fiabelen a relevanten Informatiounen huet, dass all Mënsch gesi gëtt, fir dass Mëssstänn opgedeckt ginn hu mir e Service Public mat enger staarker Missioun. Oder?

De Jacques Santer am Portrait
E politescht Liewen am Déngscht vum Mediekonzern

De Jacques Santer huet sech seng ganz Karriär iwwer ëmmer gutt d’CLT-UFA gekëmmert, an dat vun erstaunlech ville verschidde Posten aus.

Eidel Verspriechen, Ligen an Dreem aus Konventioun vun RTL (3)
Qualitéitskontroll bei RTL?

An der Serie iwwer den aktuelle Konzessiounsvertrag tëscht RTL (CLT-UFA) an dem Staat widme mir eis haut dem éischt Kapitel. Hei geet et ëm d’Qualitéit an d’Kontroll vun den Inhalter.

Gëtt dacks vergiess
Wiem mer d'Heescheverbuet wierklech ze verdanken hunn.

Zanter 2016 huet sech sou munches bei RTL geännert, wéi d’Beispill „Heescheverbuet“ weist. Et produzéiert een net méi selwer de Rassismus, mee et bitt een dem Rassismus am Sënn vum Meenungspluralismus eng Plattform.

Noruff op de Guy Weber, Kapp vun der Informatioun bei RTL
Ganz grouss geduecht....?

Vëloen, DNA a Tëscheriff: eent vun de bekanntste Gesiichter vun RTL trëtt of. D’Land verléiert domat e vu sengen dichtegste Virgesetzten.

Pssscht, grousst Geheimnis!
Wéi vill Profit mécht eigentlech RTL Radio Lëtzebuerg?

RTL wëll keng Informatiounen iwwer d’Publicitéitsrecetten vun RTL Radio Lëtzebuerg publizéieren. De Verdacht verhäert sech, dass Milliounen u Recettë verstoppt ginn, fir dass de Staat méi bezilt. RTL Eent huet fir iech nogerechent.

Eidel Verspriechen, Ligen an Dreem aus Konventioun vun RTL (2)
Eng "Mission de Service Public" fir e kommerzielle Sender

Am zweeten Deel vun der Serie geet et ëm vill waarm Loft an hallefhäerzeg Ofsécherungen am éischte Kapitel.

Eidel Verspriechen, Ligen an Dreem aus Konventioun vun RTL (1)
E besonnesch dichtege Vertrag, deen nach fir vill Problemer suerge wäert.

Am éischten Deel vun der Serie gëtt de Vertrag a säi Virwuert präsentéiert. Wien ënnerschreift den Deal a wéi eng Geschicht hu sech déi Bedeelegt ausgeduecht fir de Milliounen-Vertrag dem Public ze verkafen?

Grouss Léift fir d'subventionéiert Privattëlee
Deckt den Tom Weidig elo RTL?
Den Tom Weidig, Deputéierte vun der rietsradikaler ADR Fraktioun an der Chamber, huet eng éischte Kéier ëffentlech Stellung zur Diskussioun ronderëm d'RTL-Subventioune geholl.
Reklamm fir Luxus-Vakanzen
"Ausgesat": eng neokolonialistesch Aventure op RTL

„On n’a pas de sous, est-ce que vous pouvez nous conduire“: E Saz, deen zu Lëtzebuerg wuel net gutt ukënnt, virun allem wann een déi falsch Hautfaarf huet. Mee zum Gléck si mir jo Wäiss Europäer a kënnen eis an anere Länner de Batti stellen.

Wéi eng Partei steet RTL am noosten (2)
De groussen Iwwerbléck: Wéi vill CSV stécht an RTL - an ëmgedréint?

Eng Iwwersiicht mat den involvéierte Persounen.

Ass Äert Lëtzebuergesch sou richteg wéi dat vun RTL? (7)
Opgepasst, RTL braucht Är Opmierksamkeet!

De „Best-Of“ vun den RTL-„Opgepasst“-Warnungen, mat deenen RTL eis duerch d’Geforen vum Alldag leed.

Haut ass Welt-Radiodag
Sou brutal verdeedegt RTL säi Radios-Monopol

RTL hat Joerzéngte laang eleng d’Monopol um Radio zu Lëtzebuerg, a genee do wëllen se och nees hin zeréck. Gedriwwe vu kommerziellen Interesse geet RTL dobäi iwwer (Sender-)Läichen.

Ass Äert Lëtzebuergesch sou richteg wéi dat vun RTL? (6)
Sachlechen Journalismus op RTL? Éischter onwarscheinlech!

Wann een näischt Spektakuläres ze mellen huet, da spekuléiert een eben. De sechsten Artikel an eiser Kategorie iwwert den RTL-Sproochgebrauch.

De Bock zum Gäertner gemaach
Dem Paul Konsbruck säi fatale leschten Aarbechtsdag

Wéi sech d’Regierung an d’CLT-UFA iwwer d’Parlament lëschteg gemaach hunn.

Patrimoine culturel vu Lëtzebuerg?
Är Kommentaren op RTL.lu sinn Deel vum Service Public

Ee louchen Deal tëscht Staat a Bertelsmann, ee geheime Vertrag an d’Kommentarfunktioun ënnert RTL Artikelen ergi wat? Genau ee Service fir de Publique.

Dräibiz-Anarchisten sangen eng Hymne op RTL1
Si däerfen alles. Si kréien alles. Si kënnen näischt - Ween stoppt RTL?
Wéi eng Partei steet RTL am noosten (1)
De groussen Iwwerbléck: Wéi vill DP stécht an RTL - an ëmgedréint?

Eng Iwwersiicht mat den involvéierten Persounen.

ADR, Spaghetti Carbonara a Guy Kaiser
Wéi RTL mat Rietsradikalen ëmgeet

Wéi solle Medien iwwer rietsextrem Ideologien a rietsradikal Parteie beriichten? Sinn d’Medie selwer a Gefor duerch staark rietsradikal Parteien?

Intransparenz bei RTL
E mysteriéisen Deal

Äre Partner, Eise Partner – same, same? RTL vermëscht Reklamm a journalistesche Content. Dat ass illegal.

Comeback vum Mr. Boulevard?
D'Ligen an d'Valeure vum Alain Berwick

Alain Berwick, ee Mann dee bei RTL grouss Karriäre gemaach a gären iwwer d’Valeure vun RTL philosophéiert huet. 2016 ass en aus dem Nascht gefall wat en sech selwer sou schéi gebaut huet. Elo kéint en nees mat engem grousse Comeback bei RTL ënnert de Flillek kommen. Oder éischter de ganze Vull kafen.

Manner Aarbecht, méi Profit
Launch vun RTL Eent Radio

Vun elo un kënnt dir RTL Eent och lauschteren.

RTL.lu och op däitsch?
Déi vläit lidderegsten Redaktioun vun der Welt

Firwat et sech einfach maachen, wann een et sech och ganz einfach maache kann. Dat ass d’Fro, déi sech dagdeeglech an der Online-Redaktioun vun RTL gestallt gëtt.

D'Mark RTL Eent ass N°1 am Land
Mir hunn dee Längsten

D’Famill vun den RTL-Medien erreecht all Woch een enorm groussen Undeel vun der Populatioun iwwer 15 Joer. RTL Eent bleift den éischte Mediekritik-Site am Land.

Wousst der schonn?
De Camille Ney mëscht alles bei RTL

Dëse Kënschtler mëscht net just Reklamm mat Journalismus, mee och Geschäft mat Pléséier.

Siichtbarkeet ass alles
De Luc Marteling kann et einfach net loossen

Wéi selbstverständlech an einfach alles ass, wann ee fir dat Medium schafft, dat am Léifsten iwwer a mat sech selwer schwätzt.

Heemlech Reklamm? Ma nee!
Sou gëtt een op RTL berüümt

Dir waart scho laang drop, dass dat gréisste Medium am Land endlech mol urifft an Är Firma oder äre Business portraitéiert? Mee et geschitt einfach net? Kee Problem, et gëtt do eng Léisung. Kommt och Dir endlech ganz grouss raus.

Wéi der ADR d'Mediepolitik iwwerlooss gëtt
Penibel, nach méi penibel, krass penibel

D’Chamber huet der ADR ee grousse Kaddo gemaach. An offensichtlech ass d’ADR prett, dësen och unzehuelen.

Ass et normal, soulaang keen eppes seet?
RTL léisst "One Last Time" an d'Messer lafen
Léiert och Dir, wéi een et mécht.
Sou gëtt RTL räich

Pscht! Dat duerf natierlech kee wëssen. Op alle Fall keen zu Lëtzebuerg.

Äre Liblingssender verheemlecht iech eppes
Wéi RTL Täter deckt

Aner Leit zerschloen an awer vum RTL Personal gefeiert ginn. Dat geet just, wann een sech e ganz bestëmmte Beruff ausgesicht huet.

Wéi d'Viviane Reding interessant Spagater mécht
D'Bertelsfra

D’Virschléi vun der Viviane Reding liesen sech wéi eng Wonschlëscht vun de private Medienkonzerner un de Kleeschen

Witzeg Geschicht
Wou sinn eigentlech d'Deckkäpp hin?

Wéinst dem Jugendschutz sinn d’Déckkäpp ënner Drock geroden - woren si een Affer vun der brutaler Cancel-Culture?

D'BCE bretzt sech och nach!
Wéi den RTL-Chef de Staat mat zweeter Firma ofzockt

Mat der enger Firma heeschen, mat der anerer d’Profitter astiechen: Esou einfach sinn d’Tricks vun eisem Service Public.

Ass Äert Lëtzebuergesch sou richteg wéi dat vun RTL? (4)
Et gouf sech de Batti gestallt a randaléiert
Et freet een sech schonn iergendwéi, wann een op RTL nees eng Kéier liese kann, dass sech "de Batti gestallt" gouf. Et war also nees eng Kéier eng méi lass.
E gutt Geschäft
Wien bezillt fir d'Eurovision?

Wousst der schonn: dass RTL selwer de Grond war, firwat Lëtzebuerg sou laang net bei der Eurovision dobäi war? Och lo maache se just mat, well et si kee Cent kaschte wäert.

Klicks mat Aneren hirem Leed
Problematesch Berichter op RTL.lu iwwer d'Thema Suizid

Triggerwarnung: RTL benotzt keng Triggerwarnungen. Och beim Thema Suizid sinn RTL d’Klicks méi wichteg, wéi eng responsabel Erugoensweis.

Guy Weber, Informatiouns-Chef vum ganze Land
Alerte rouge mécht just Spaass, wann RTL se mellt

Extreem-Wierder, Chaos iwwerall, Accidenter, tragesch Schicksaler an eng Regierung, déi mat Warn-SMSen eis Wirtschaft ruinéiert. Bei RTL wor alt nees eng méi lass.

Groussen Hokuspokus
Wéi RTL mat Immobilien Millioune mécht

Aus engem klenge Gebai huet RTL ee grousst Immobiliegeschäft um Kierchbierg gezaubert.

Ass Äert Lëtzebuergesch sou richteg wéi dat vun RTL? (3)
Eng méi lass

Een Ausdrock huet RTL an de lëschte Joer nawell eng sëllege Kéier benotzt.

Hannerhältegen Ugrëff op d'Press
Hallefstaark "Konschtschafender" stelle sech de Batti

Eng Usammlung u Chaot*innen maachen sech mat Hëllef vun enger satirescher Websäit iwwer eis Redaktioun lëschteg. Witzeg ass dat allerdéngs net.

D'Geschicht vun engem Fousszaldot
En echte Patriot – mee net fir eis

Hien huet vill fir Lëtzebuerg gemaach… pardon, fir d’CLT. Dat ass jo quasi dat nämmlecht?

Sensationalismus a Verharmlosung
Mord u Frae bréngen zolidd Klicks

“Bezéiungsdrama“ als Wuert wollt RTL net méi benotzen, nodeems et vun hinne selwer als Verharmlosung vu Gewalt géint Fraen analyséiert gouf. Et ass scho Mëtt Januar, perfekte Moment fir gutt Virsätz aus der Fënster ze schmäissen.

Fuddelen d'ESC Finalisten "One last Time"?
Den Däiwel stécht am Detail

Lëtzebuerg kéint virun der gréisster Blamage an hirer Geschicht beim Eurovision Song Contest stoen. RTL léisst nämlech seng eegene Mataarbechter untrieden.

Wat e Schiltzohr
Dat honnertkäppegt Wonnerkand

Hien sëtzt ni tëscht de Still, mee op all de Still gläichzäiteg. Wéi den RTL-Mann Jean-Louis Schiltz Är Sue verwalt.

Är Kanner goufe vergëft, verbrannt a gesprengt
Bomm op Chantier entdeckt

Eis Redaktioun hat nach keng Zäit déi Meldung z’iwwerpréiwen, mee klickt w.e.g. scho mol op dësen Artikel, en ass spektakulär.

D'Duebelmandater vun Hengen a Gudenburg
Politesch Relatiounen

E Verglach vun gëschter an haut. Wéi steet et ëm den direkten Drot tëscht DP an RTL?

Bëlleg Serië fir deier Suen
Kann de Capitani RTL virum Ënnergank retten?

D’Krimis-Serie wor zu Lëtzebuerg an souguer iwwer d’Grenzen ewech ee Succès. Mee hannert de Kulissen ass et ëm méi, wéi Ënnerhalung gaangen.

Ass Äert Lëtzebuergesch sou richteg wéi dat vun RTL? (2)
Dir wäert iech nawell zolidd wonneren

RTL huet een eegene Gebrauch vun der Lëtzebuerger Sprooch entwéckelt, hei erkläere mir, wéi dat funktionéiert.

Kennt dir d'Firma "Information et Publicité"?
D'Schwëster vun RTL kasséiert of
De Staat soll déi finanziell Verloschter vun RTL Lëtzebuerg ausgläichen. Awer gläichzäiteg mécht de Schwësterkonzern vun RTL, déi sougenannten "Regie Publicitaire" IP, Bénéficer. Dat ass problematesch.
Huet RTL net matgeschnidden?
De Mann mat de Schéierhänn

Den Thomas Rabe ass de CEO vu Bertelsmann. Och RTL Lëtzebuerg ass him ënnerdoen – an dat huet Follgen. E spannend Liewe vum Punkrocker zum Blutteegel.

FAZeg geknäipt
Feel the news!

Wann RTL ee Plagiat produzéiert, dann iwwerleeë si sech gutt vu wiem. Fannt och Dir eraus, wie wierklech um Klimawandel schold ass.

Oneierlecher gi sech als RTL aus
Mir goufe geläscht!

Et wier net deen éischten Service Public, deen Bertelsmann verschwanne léisst.

Kënne sech RTL an atHome alles erlaben?
Gesetzer briechen, Datë klauen, Sech selwer feieren.

Et si strategic Partners in Crime: de gréisste Mediekonzern an déi gréisste Sichmaschinn fir Autoen an Haiser aus dem Land schaffen nawell gutt zesummen

Verwand am drëtte Räich
Eng schrecklech léif Famill

De Mammekonzern hannert RTL huet eng düster däitsch Vergaangenheet.

David Winter is coming
Haut scho rageluecht ginn?

Als Reviews a Gewënnspiller getarnten Onéierlechkeeten. RTL erreecht den nächste Level un Native Advertising.

RTL a Police schloen zesummen (1)
Elo ginn et der nawell zolidd an d’Schnëss

Net just d’Police ass um rietsen An blann – och hier Affer.

Een, deen d'EU verännert huet
Haut virun 43 Joer: Gaston Thorn gëtt EU Kommissiounspräsident

Ënnert sengem Mandat gouf et e gravéierende Richtungswiessel an der EU – den och gréisser Auswierkungen op Lëtzebuerg hat.

Ass Äert Lëtzebuergesch sou richteg wéi dat vun RTL? (1)
Sou onéierlech sinn Onéierlecher

Sou munch Bankraiber soen hire Matmënschen éierlech d’Meenung. Mee dat wäert se och net retten.

Hat d'Simone Beissel sech just vertuddelt?
Haut viru 7 Joer: E Gerücht geet em

Wéi vill Service-Publics Radioen ginn et eigentlech am Land? Attention, une chaîne peut en cacher une autre.

Knallhart, senil Fra
Eng Onéierlech schäffelt Suen

Wat de Xavier Bettel um Hals vun dëser däitscher Milliardärin mécht – a wat hire Konnt mat RTL Lëtzebuerg ze dinn huet.

Schafft och de Roy Grotz fir IP?
D'Lutte fir d'RTLs Reklammen geet lass

RTL steet an direkter Konkurrenz zu anere Medien, déi och op de Verkaf vu Publicitéit ugewise sinn. Do kënnt een och als Chef de l’information alt mol op kreativ Iddien.

E Qualitéitsprogramm vu Bertelsmann
Haut virun 40 Joer: RTL Plus geet op Sendung

Den 2. Januar 1984 goung et lass, kuerz virun 18 Auer start „RTL Plus“, een däitschsproochegen, kommerzielle Sender, deen vu Lëtzebuerg aus an enger Kooperatioun vu Bertelsmann an der CLT bedriwwe gëtt.

Premier, Kommissiounspräsident, RTL-Chef
Gaston Thorn - Alles anescht wéi éierenhaft an zeréckhalend
"Ee vun eise Beschten" seet den Jean-Claude Juncker, "un grand européen au destin exceptionnel" den José Manuel Barroso an de Paperjam nennt hien "d'Legend vum Joerhonnert".
De grousse Geheimnisser vum Grand-Duché op der Spuer (1)
Gëtt et "RTL Lëtzebuerg" iwwerhaapt?

Mat wiem gouf de Vertrag, iwwert deen Milliounen un Hëllefsgelder vum Lëtzebuerger Staat fléissen, eigentlech ofgeschloss?

Esou einfach geet et
E Bléck hannert d‘Kulissen vun der RTL "Redaktioun"

Hannert der Aarbecht vun RTL stieche vill Geheimnisser – souguer fir RTL selwer sinn eenzelner dovun iwwerraschend.

Historeschen Datum
Haut virun 3 Joer: D'Staatskeess gëtt grouss opgemaach fir RTL Lëtzebuerg

Den 01.01.2021 wor et esouwäit, deen neie Vertrag tëscht dem Lëtzebuerger Staat an dem milliardeschwéiere Konzern CLT-UfA/RTL Group ass ugelaf.

Erklärunge vun RTL1.lu
Fotoe vun Accidenter op RTL1 - firwat?

Eng Erklärung vun der Online-Redaktioun

Erklärungen vun RTL1.lu
Kopéierten Rapporten vun der Police op RTL1.lu - firwat?

Eng Erklärung vun der Online-Redaktioun

Erklärungen vun RTL1.lu
Kopéierten Pressecommuniqueeën op RTL1.lu - firwat?

Eng Erklärung vun der Onlineredaktioun

Firma hannert den Reklammen op RTL
Am Logo vun IP gouf Rassismus entdeckt

Et ass nach kengem opgefall, mee fir hier Corporate Identity schmückt sech IP mat frieme Plommen.

D'Joëlle Kirsch kann alles
Ass et nach e Reportage oder schonn Reklamm?

Wuel eent vun de bekannteste Gesiichter bei RTL Lëtzebuerg ass d’Joëlle Kirsch.

Verstouss géint de Pressecodex
Onéierlecher vermëschen am Internet Reklammen mat Journalismus

Schleichwerbung, favorabel Beriichter an Native Advertisement: RTL kennt all d’Tricks vum Reklamme-Business

Wuert fir Wuert
D'Tanja de Jager bleift op Sendung
D'Tanja de Jager wor 14 Joer laang eent vun deene bekanntesten Gesiichter op der RTL Tëlee
Reklamm