Photo: Eric Salard (CC BY-SA 2.0)

De Géigendeel vu Journalistescher Opklärungsaarbecht ass Vertuschung. Déi national Press spréngt mol nees eng Kéier engem Konzern un d’Säit, deen international an d’Schlagzeile geréit.

„Wann Innovatioun an Hightech Hand an Hand schaffen fir eng besser Effizienz“, dat ass net e Saz aus enger Goodyear Werbebrochure. Et ass de Schlusssaz vun engem RTL Reportage, deen dëse Sonnden ausgestraalt gouf. Et geet ëm Goodyear, genee gesot iwwert ëm ee Pneuen-Simulatordeen de Konzern Goodyear rezent zu Lëtzebuerg a Betrib geholl huet. Dass d’Reportagë vun RTL dacks wéi Reklamme wierken ass déi eng Saach, déi aner Saach ass, dass RTL Goodyear hei hëlleft vun engem massive Skandal ofzelenken.

Honnerten Accidenter, Dosenden Doudeger an d’Spuere féieren op Lëtzebuerg. D’Pneuefabrick vu Goodyear hei am Land steet international a besonnesch a Frankräich zanter e puer Deeg net wéinst der „gréisster Playstation“ an der Ëffentlechkeet, mee wéinst engem schockéierden Skandal, an deen och Lëtzebuerger Behörden Involvéiert sinn. Nodeems am Hierscht lescht Joer schonn eng ARTE-Doku de Fall vum Sophie Rollet behandelt huet, deem säi Mann bei engem Accident em d’Liewe koum deen eendeiteg op ee Produktiounsfeeler vun engem Pneu zeréckgeféiert gi konnt, hu sech zwou Whistleblower mat Informatiounen un d’Zeitung Le Monde gewandt. Le Monde huet iwwert déi lescht Woch eng Serie vu véier Artikele publizéiert a konnt weisen, dass ee bei Goodyear fréi vun de Problemer wosst, sech awer aus ekonomesche Grënn géint déi néideg Réckruff-Aktioun decidéiert huet. Zesummegefaasst gouf d’Enquete e.a. vu France Culture, déi vun engem globale Skandal schwätzen an dovunner, wéi eng Rei vu Komplize verhënnert hunn, dass iwwert de Fall geschwat gëtt. Et ass lo dovunner auszegoen, dass eng sëllegen Accidenter nei ënnersicht gi wäerten.

Medial Géigenoffensiv

An zu Lëtzebuerg? Punktgenau um Dag vun der éischter Publikatioun vu Le Monde invitéiert Goodyear op eng Pressekonferenz, inklusive Wirtschaftsminister Lex Delles a schéckt ee Pressecommuniqué ronderëm. Et geet net ëm d’Virwërf, net ëm de Skandal. Mee eben ëm een „Simulator“ fir Pneue virtuell ze testen, wat engem vun deene weltwäit gréissten Hiersteller vu Pneuen als Akt vun der Nohaltegkeet verkeeft. Net just RTL, mee och d’Wort an den L’essentiel beriichte mam Goodyear-Wording vun der „Playstation“.

Zu Lëtzebuerg ass et just d’Tageblatt, dat kritesch beriicht, eleng awer dem Skandal net déi néideg Opmierksamkeet gi kann, déi en zum nämmlechte Moment a Frankräich kritt. RTL ass net just dat gréisste Medium am Land, mee och dat mat der beschter Finanzéierung. Eng Redaktioun mat professionelle Journalist*innen huet d’Entscheedung getraff, net iwwert e Skandal ze beriichten, mee der medialer Géigenoffensiv vu Goodyear ënnert d’Äerm ze gräifen.