Photo: banlon1964 (CC BY-NC-ND 2.0)

Wousst der schonn: dass RTL selwer de Grond war, firwat Lëtzebuerg sou laang net bei der Eurovision dobäi war? Och lo maache se just mat, well et si kee Cent kaschte wäert.

D’Eurovision ass eng riseg Reklammsmachinerie. Marke wéi Baileys, Philadelphia an och Booking.com hunn sech an deene leschte Joren intensiv iwwer den europäesche Gesankscontest vermaart. Och zu Lëtzebuerg ass ee prett fir d’Event mat Reklammen z’encadréieren: De Virentscheed ass „sponsored by City Concorde“. Kee Wonner, dass d’IP, d’Regie Publicitaire vun RTL um Dill ass, an dat souguer mat eegene Mataarbechter an der Finall vum Virentscheed. D’Publicitéitsrecetten an den Tickets-Verkaf eleng ginn awer kaum duer, fir déi prestigiéis Veranstaltung ze finanzéieren – weder hei am Land wéi um europäesche Level.

Dowéinst participéieren d’Chaînen aus dem EBU-Netzwierk och finanziell um Projet Eurovision. D’EBU, dat ass den internationale Verband vun den ëffentlech-rechtlechen a Service-Publics Medien. Am Géigesaz zur kommerzieller Tëlee stinn si fir Valeuren amplaz fir Kommerz.

Ëffentlech-rechtlech Medien an Europa… an RTL

Fir RTL Lëtzebuerg, déi souwuel mat der Auswiel vum Bäitrag aus Lëtzebuerg wéi och mat der Ausstralung vum Event beoptraagt gouf, sinn d’Reegele vun der EBU awer éischter graff Richtlinnen. Sou gëtt d’EBU zum Beispill vir: „PSM organisations must have a legal personality of their own“. Allerdéngs existéiert RTL Lëtzebuerg am Fong guer net eegestänneg als Firma, zumindest net als „legal personality of their own“. An der Lëscht vun den EBU Memberen ass dowéinst och net „RTL Lëtzebuerg“, mee de milliardeschwéieren Konzern CLT-UFA ze fannen, zu deem RTL Lëtzebuerg gehéiert.

E kommerziellt Medienimperium, dat vum däitsche Privatiséierungs-Monster Bertelsmann kontrolléiert gëtt, als Member vum Verbond vun den ëffentlech-rechtlechen? D’Memberschaft vun der CLT-UFA bei der EBU ass historesch gewuess. D’CLT-UFA Virgängerin CLR, deemools nach eng wesentlech méi kleng Firma, wor nämlech EBU-Grënnungsmember 1950 – aus Mangel un engem ëffentlech-rechtlechen Radio zu Lëtzebuerg. Och haut gëtt et zum Tëlees-Monopol vun RTL zu Lëtzebuerg keng Alternativ. Et ass ee praktesch gezwongen en Ae fir d’CLT-UFA zouzedrécken.

D’Eurovision wor RTL ze deier

Genee dëse Konzern wor zanter 1995 awer de Grond, firwat Lëtzebuerg net méi un der Eurovision deelgeholl huet. Deemools, 1995, wor d’CLT ënnert dem Gaston Thorn grad dobäi, ee reklammenbedriwwent Medienimperium opzebauen an z’expandéieren. D’Eurovision wor kee gutt Geschäft an de kulturellen Austausch dem eemolege Präsident vun der Europäescher Unioun offensichtlech egal - déi Sue woren gutt gespuert. Ausserdeem stoung d’Fusioun mat Bertelsmann un, d’Interessi vun der CLT u Lëtzebuerg wor, soe mer mol sou, éischter limitéiert. A Konsequenz huet d’CLT-UFA sech geweigert, weider ee lëtzebuergesch Membersbeitrag un d’EBU ze bezuelen.

No Jore vun der Absence, 2023 dann op ee mol d’Iwwerraschung! Als zoustännege Medieminister verkënnegt de Xavier Bettel, reng zoufälleg kuerz virun den ustoenden Walen, dass déi populär Iddi vun engem Retour vu Lëtzebuerg zum Eurovision lo awer Realitéit gëtt. Et ass also net de Privatkonzern, mee de Staat, deen hei eng Entscheedung getraff huet an offensichtlech bereet ass, Sue fléissen ze loossen. De Staat ass un RTL, also d’CLT UFA erugetruede, fir si mat der Ausriichtung vun der ESC-Qualifikatioun ze beoptragen. D’Participatioun, wäert Lëtzebuerg dëst Joer wuel eng 200- 300.000€ kaschten an dobäi kommen d’Produktiounskäschte vum nationale Virentscheed. En Defizit wier couvréiert, de Staat géif dofir suergen, dass d’Eurovisiouns-Aventure fir RTL mindestens op Null ausgeet.

Alt nees méi Sue fir RTL

Esou een Defizit kéint awer an d’Milliounenhéicht goen – de Fall gesat, wou Lëtzebuerg d’Eurovision gewanne géif. Sputt bleift dem Staat bei der zousätzlecher Subventionéierung vum Privatkonzern RTL eigentlech keen, de Staat huet der CLT-UFA nämlech schonns fir hire reguläre Betrib zu Lëtzebuerg ee finanziellen Ausgläich vun bis zu 15 Mio. versprach – an dat ass de legale Maximum, den EU Gesetzer no. Oder gouf hei nees, wéi scho mat Hëllef vum Filmfong , ee verstoppten Zousätzleche Wee fonnt, fir Suen an d’CLT-UFA fléissen ze loossen? Wat steet dann elo genee an dësen zousätzleche Vertrag tëscht Staat an RTL? Sou vill Transparenz ass net méiglech, ëmmerhin ass d’CLT-UFA jo keen ëffentlech-rechtlechen Sender, mee ee Privatkonzern.

Wat awer iwwer Pressecommuniquéë vum Medieministère nieft der Versécherung Defiziter ze couvréiere kloergestallt gouf: Falls d’CLT-UFA awer méi Bénéfice ewéi Verloschter maache géif, däerf si selbstverständlech d’Sue behalen.