Photo: Frédéric de Villamil (CC BY-SA 2.0)

Lëtzebuerg kéint virun der gréisster Blamage an hirer Geschicht beim Eurovision Song Contest stoen. RTL léisst nämlech seng eegene Mataarbechter untrieden.

D’Band „One Last Time“ ass ënnert de Finalist*innen fir Lëtzebuerg um Eurovision Song Contest (ESC) 2024 zu Malmö ze vertrieden. D’Entscheedung fält an 10 Deeg. Vun honnerten Bewerber*innen sinn der just nach aacht iwwereg. Mee d’Formatioun ronderëm de Leadsänger Andrea Galleti hätt eigentlech scho längst disqualifizéiert gi missen.

De 27. Januar gëtt de groussen nationale Virentscheed vum ESC zu Lëtzebuerg op der Tëlee gewisen – also op RTL. RTL Lëtzebuerg gehéiert zur CLT-UFA, an déi gouf d’lescht Joer vum deemolege Medieminister Xavier Bettel beoptragt, de Virentscheed zu Lëtzebuerg z’organiséieren. D’CLT-UFA ass och Member vun der EBU, der European Broadcasting Union, déi d’Eurovision organiséiert.

Nëmmen e puer Méint, ier dass d’Nouvelle vum Lëtzebuerg-Comeback beim ESC am Dezember 2022 publik ginn ass, huet sech d‘Band „One Last Time“ gegrënnt. Den Leadsänger Andrea Galleti hat säin neie Projet grad um RTL präsentéiert an erzielt, wéi d’Bandmemberen zesummefonnt hunn. Den Andrea Galleti an de Bassist Jonathan Fersino wieren Aarbechtskolleegen. Bei der IP. An domat ass dat geschitt, wat net hätt geschéien däerfen.

RTL Personal ass beim Contest dobäi

Wat bei der Präsentatioun vum Grupp op RTL nämlech net gesot gouf: Déi sougenannte Regie Publicitaire IP, fir dee béid Bandmembere schaffen, ass selwer Deel vun RTL Lëtzebuerg. Et ass zu 100% eng Duechterfirma vun der CLT-UFA. Den Andrea Galleti schreift iwwert sech selwer op LinkedIn: „In 2017, I joined IP Productions, where I now take care of the radio productions of a large cataolgue of clients […] Since this year, however, I am now part-time at RTL Television“

Dir hutt richteg gelies. Bei der grousser, vun der CLT-UFA alias RTL organiséierter Final trieden zwee Mataarbechter vun der CLT-UFA-Duechter IP un. Op RTL Lëtzebuerg präsentéieren sech Mataarbechter vun RTL Lëtzebuerg als Kandidaten. An der Virronn goufe si vun enger Jury duerchgewonk, deen zum Deel aus RTL-Mataarbechter*innen, also direkten Aarbechtskoleeg*innen, bestanen huet.

Et gëtt kee Wee laanscht eng direkt Disqualifikatioun vu „One Last Time“

Elo stellen sech e puer Froen. Woussten den Andrea Galleti an de Jonathan Fersino scho virun all deenen anere Muséker*innen hei am Land, dass Lëtzebuerg nees beim Eurovision dobäi si wäert? Ëmmerhin hat sech d’Regierung virun der Entscheedung mat RTL consultéiert an déi Noriicht kéint intern circuléiert sinn. Wosste béid Museker, dass et eng vun RTL organiséiert Selektioun gi géif? Hunn si d’Reegele scho virdrunner kannt? Konnten si sech méi laang a méi geziilt virbereeden? Haten si duerch dës Ëmstänn Virdeeler? Oder huet d’Jury, déi jo deels aus hiren Aarbechtskolleeg*innen bestanen huet, si bevirdeelegt?

An wéi geet et elo weider? Wéi soll zum Beispill d’Jurysmember Tali Eshkoli d’Performance vun der Band „One Last Time“ beuerteelen, wann hir Firma selwer mam Konzern, fir deen zwee vun de Bandmembere schaffen, ee Vertragsverhältnis huet? Géif Lëtzebuerg de Risk agoen, bei hirem grousse Comeback op der ESC Bühn vun der EBU disqualifizéiert ze ginn? Ëmmerhi géifen am Fall vun hirer Victoire zwee Mataarbechter vun enger Firma, déi selwer Member vun der EBU ass, dohinner geschéckt ginn. An wéi eng Bezéiung hunn den Andrea Galleti an de Jonathan Fersino zum Organisateur vum Contest zu Lëtzebuerg, vun deem si jo gläichzäiteg den Aarbechtsoptrag hunn, Reklammsclienten erbäizeschafen a Reklammen ze produzéieren.

Applizéiert RTL lo nach kuerz virun der Entscheedung seng eegen Reegelen?

Dass dat alles extreem problematesch ass, weess och RTL. Fir esou Fäll hunn si kloer Reegelen etabléiert. De Punkt 22 „Jeux et concours“ aus dem RTL Reegelwierk seet: „Les collaborateurs de CLT-UFA, RTL Group, CLT International, BCE, ENEX, Media Assurances, IP ainsi que les membres de leurs familles en ligne directe sont exclus de la participation aux jeux et concours organisés sur les antennes de RTL, RTL Radio Lëtzebuerg, RTL Tëlee Lëtzebuerg ainsi que sur RTL.lu“.

Et ass also gutt méiglech, dass d’Bandmemberen ewell fir „one last Time“ fir de Contest op der Bühn stoungen. Fir de lëtzebuerger Organisateur, op deem senger Onantastbarkeet dëse Skandal hei gewuess ass, muss et jiddwerfalls lo schonns heeschen: RTL, zero Points.