Photo: Joëlle Hengen? RTL? Ministère de l’Agriculture? ¯\_(ツ)_/¯

E Verglach vun gëschter an haut. Wéi steet et ëm den direkten Drot tëscht DP an RTL?

An engem RTL „Tëscheruff“ leschte Summer huet de Marc Hoscheid e Bléck op d’Kandidat*innelëschten geheit an erstaunt festgestallt: et gi „Walen ouni Journalisten op de Lëschten“, zumindest bei deene 4 grousse Parteien. Ass endlech Schluss mat der politescher Carrière fir RTL Journalist*innen?

Datt keng „Journalisten op de Lëschten“ wieren, huet net esou ganz gestëmmt - et si just keng neier frësch dobäi komm. Mee soss huet praktesch all gréisser Partei awer hiert Ex-RTL Personal mat u Bord gehat. Den Dan Hardy bei der ADR, de Felix Eischen bei der CSV, d’Francine Closener bei der LSAP, d’Corinne Cahen bei der DP, fir der just e puer ze nennen. Oder och d’Spëtzekandidatin vun déi Gréng, d’Sam Tanson, déi virun elo bal 20 Joer fir RTL geschafft hat. Souguer de Luc Frieden huet d’Aarbecht fir RTL Radio Lëtzebuerg mat um CV stoen. Fakt ass awer och, dass d’Walen an der Lescht keng previsibel Resultater méi geliwwert hunn. Wa sech Journalist*innen also op den Challenge vun engem Wiessel an d’Politik agelooss hu, kann et ebe sinn, dass se no de Walen éischt emol virum näischt stinn, esou wéi zum Beispill d’RTL Personal Frank Kuffer (CSV), Nico Keiffer (CSV), Sandy Lahure (LSAP). Et ass net verwonnerlech, dass dës Kéier, wou d’Wale komplett oppe geschéngt hunn (zumindest wann een deene vun RTL publizéierte Sondagë getraut huet), keen*t sech mat op d’Lëscht getraut huet. Et sinn onsécher Zäiten.

Zwar hunn d’Parteien dacks awer e Wee fonnt, hier gescheitert RTL-Kandidat*innen ze placéieren. E gutt Beispill ass d’Joëlle Hengen. Ënnert dem deemolege Parteipresident Fernand Etgen huet d’Joëlle Hengen 2013 kuerzfristeg de Wee an d’Politik fonnt an op der Zentrumslëscht vun der DP kandidéiert. Bis dohinner wor si eng vun de Star-Journalist*innen vun RTL, inklusiv Interviews mam Premier Jean-Claude Juncker nach am Waljoer 2013, Bedeelegung un der Opdeckung vun der Affär Wickreng-Léiweng a politesche Commentairen op RTL, 2013 e.a. géint d’LSAP Ministere geriicht. Si wor et och, déi fir RTL déi decisiv Chamberssëtzung couvréiert huet, bei där et zur Chute vun der CSV-LSAP Regierung koum. No de Walen dann awer déi grouss Enttäuschung: Et ass awer net duergaangen fir d’Parlament - de Réckwee bei RTL wor lo awer verspaart. Wat elo?

D’DP ass 2013 déi grouss Walgewënnerin. De Sprong vun der Oppositioun an d’Regierung erméiglecht et dann och d’Joëlle Hengen an der Partei ënner Dach bréngen, ier de Fernand Etgen si da bei sech an de Landwirtschafts-Ministere placéiert. Do mécht d’Joëlle Hengen eng gutt Carrière a gëtt „Conseiller de Gouvernement“. Als „Responsable Communication, Relations publiques et presse“ vum Fernand Etgen profitéiert si vun hiren Erfarungen als Journalistin, an offensichtlech och vun ale Kontakter. 2017 ass Lëtzebuerg nees am Walkampf an de Fernand Etgen ass Gaascht an der Table Ronde „Background am Gespréich“ iwwer Nohaltegkeet. D’Fotoen um Site vun RTL sinn awer net just déi vun RTL-Fotograf*innen, mee och vum „Joëlle Hengen“; ze gesinn: de Fernand Etgen. Dat ass keen Eenzelfall. Weider geet et mam Landwirtschaftsminister op d’Foire Agricole, och hei nees Fotoe vum Minister Etgen, geknipst vu senger Pressespriecherin Joëlle Hengen, déi op RTL agebett ginn. Et sinn deelweis déi nämmlecht Fotoen, déi de Landwirtschaftsministère selwer op Facebook post.

Dës Virfäll si schonn eng Zäitchen hier an erënneren dorunner, wéi d’Vermëschung vu Politik a Press, vu Ministèrë, Walkampf a Journalismus zu Lëtzebuerg engem Pragmatismus a Favoritismus ënnerleien, eng Hand wäscht déi aner. Mee ass et elo riwwer domat, wéi de Marc Hoscheid vermudde léisst? Net wierklech.

2023, 10 Joer no der Kandidatur vum Joëlle Hengen, steet d’DP nees an engem eeschte Walkampf. Fir dass alles gutt klappt, brauchen si kompetent Leit. An hire Reie steet och den Sebastien Gudenburg, sengem LinkedIn-Profil no zanter 2019 „New Media Strategist“ vun der Partei. Ugestallt ass hie bei der DP-Chamber-Fraktioun, virun de Walen do an engem Team z.B. mam haitege Kulturminister Eric Thill. Dat ass allerdéngs net deen eenzege Job, deen de Sebastien Gudenburg laut LinkedIn huet, zanter Januar 2022 ass hien och „Radio Host“ vun RTL Lëtzebuerg. Radio ass fir hien „E komesche Kandheetsdram a lo Realitéit“, schreift hien a sengem RTL Profil. Et ass offensichtlech net säin eenzegen Dram. D’Verknëppungen tëscht Press a Politik si vläit manner visibel an dreist, mee dofir awer net manner problematesch.