Maacht iech als Freelance-Fotograf vun ärem Liiblingssender op de Wee, d’Topstories vu muer ze dokumentéieren - an ofzekasséieren.

Service Public, a Spaass dobäi? Léiert spilleresch den Aarbechtsalldag beim gréissten Medium vum Land kennen, klammt an de rouden RTL Auto a maacht iech op de Wee, deen nächsten Accident ze knipsen. Mat dësem Spill erfëllt RTL Eent gewëssenhaft seng Roll als Vermëttlerin vu Medienkompetenz a schaft Interessi fir Journalismus bei deene Jonken. Liest och dem David Frühling seng Review zum Spill. Vill Spaass.

Update vum 6. Abrëll 2024: D’Spill gëtt et ab elo och fier Android-Smartphones.

Downloads