Dat Neist
Ab dem 8. Mee
Stëmm vu Lëtzebuerg am Kino (Update: lo mat Séancen vum 15. bis 21. Mee)

Avant-Première verpasst? Vum 8. bis 21. Mee leeft Stëmm vu Lëtzebuerg a follgende Kinoen.

Sidd mat dobäi
Grouss Avant-Première vum RTL-Film "Stëmm vu Lëtzebuerg"

Den 12. Abrëll um 20h00 ass et souwäit, da leeft an der Abtei Neimënster den neie Film iwwer RTL.

Den Trailer ass do!
Film "Stëmm vu Lëtzebuerg" gouf annoncéiert

„Hai am Stau!“ - Dës Pushnoriicht vun RTL hält d’Land an Otem. Fir d’Joëlle Zander, CEO vum gréisste Mediebetriib am Land ass et d’Geleeënheet endlech déi nei Sendung ”Kontext’ ze lancéieren.

RTL1 Informatiounen no
Et ass een Hai am Stau

Dës Nouvelle iwwerrascht: No engem Wollef am Oste vum Land an enger Kaz am Zuch bis an d’Stad gouf elo een Haifësch am Stau gemellt.

De Video ass do!
D'Theaterstéck "Ween stoppt RTL?" elo online kucken

D’Opnam vun der leschter Virstellung vum Stéck, den 10. Mäerz 2024 am Kasemattentheater.

Wéi et elo hei weidergeet
RTL1 Redaktioun ass nees opgedaucht

Zwee Méint laang gouf et all Dag nei Artikelen, wéinst dem Theaterstéck gouf et eng kuerz Ënnerbriechung. Elo gi weider Projeten ugekënnegt.

Et gouf nees zolidd geklickt
Dat waren déi beléiftsten Artikelen am Mount Februar

RTL Eent ass elo zwee Méint al. Wéinst senger traditiounsräicher Geschicht, senger Wichtegkeet fir de Mediestanduert Lëtzebuerg an deene villen Aarbechtsplazen um Kierchbierg ass och RTL Eent elo schonn sou systemrelevant, dass de Staat eis alles duerchgoe loosse géif.

"Ween stoppt RTL?" am Kasemattentheater
Zousätzlech Opféierungen: Elo reservéieren!

Zwou zousätzlech Opféierunge vum Theaterstéck „Ween stoppt RTL?“ si geplangt.

Ass Äert Lëtzebuergesch sou richteg wéi dat vun RTL? (7)
Opgepasst, RTL braucht Är Opmierksamkeet!

De „Best-Of“ vun den RTL-„Opgepasst“-Warnungen, mat deenen RTL eis duerch d’Geforen vum Alldag leed.

Reklamm
Rumeuren
Ab dem 8. Mee
Stëmm vu Lëtzebuerg am Kino (Update: lo mat Séancen vum 15. bis 21. Mee)

Avant-Première verpasst? Vum 8. bis 21. Mee leeft Stëmm vu Lëtzebuerg a follgende Kinoen.

Sidd mat dobäi
Grouss Avant-Première vum RTL-Film "Stëmm vu Lëtzebuerg"

Den 12. Abrëll um 20h00 ass et souwäit, da leeft an der Abtei Neimënster den neie Film iwwer RTL.

Den Trailer ass do!
Film "Stëmm vu Lëtzebuerg" gouf annoncéiert

„Hai am Stau!“ - Dës Pushnoriicht vun RTL hält d’Land an Otem. Fir d’Joëlle Zander, CEO vum gréisste Mediebetriib am Land ass et d’Geleeënheet endlech déi nei Sendung ”Kontext’ ze lancéieren.

RTL1 Informatiounen no
Et ass een Hai am Stau

Dës Nouvelle iwwerrascht: No engem Wollef am Oste vum Land an enger Kaz am Zuch bis an d’Stad gouf elo een Haifësch am Stau gemellt.

De Video ass do!
D'Theaterstéck "Ween stoppt RTL?" elo online kucken

D’Opnam vun der leschter Virstellung vum Stéck, den 10. Mäerz 2024 am Kasemattentheater.

Wéi et elo hei weidergeet
RTL1 Redaktioun ass nees opgedaucht

Zwee Méint laang gouf et all Dag nei Artikelen, wéinst dem Theaterstéck gouf et eng kuerz Ënnerbriechung. Elo gi weider Projeten ugekënnegt.

Et gouf nees zolidd geklickt
Dat waren déi beléiftsten Artikelen am Mount Februar

RTL Eent ass elo zwee Méint al. Wéinst senger traditiounsräicher Geschicht, senger Wichtegkeet fir de Mediestanduert Lëtzebuerg an deene villen Aarbechtsplazen um Kierchbierg ass och RTL Eent elo schonn sou systemrelevant, dass de Staat eis alles duerchgoe loosse géif.

"Ween stoppt RTL?" am Kasemattentheater
Zousätzlech Opféierungen: Elo reservéieren!

Zwou zousätzlech Opféierunge vum Theaterstéck „Ween stoppt RTL?“ si geplangt.

Huet sech de Konschtkollektiv verkalkuléiert?
Keng Plazen méi do fir RTL-Spektakel
Et huet net emol 5 Deeg gedauert, du waren all d'Virstellunge vun "Ween stoppt RTL?" ausverkaf. RTL Eent Informatiounen no si beim Konschtkollektiv "Richtung22" mol nach net d'Affichë geliwwert ginn, mat deenen nach Reklamm fir d'Stéck gemaach sollt ginn. Peinlech. Lo stellen sech eng Rei Froen.
5.03., 9.03. an 10.03. ausverkaf
Bal keng Plazen méi do fir RTL Theaterstéck

„Ween stoppt RTL?“ ass eng Fro, déi sech a leschter Zäit ëmmer méi Leit stellen. Ass d’Land prett, fir de Medienmonopolist RTL vum Troun ze stierzen?

Dräibiz-Anarchisten sangen eng Hymne op RTL1
Si däerfen alles. Si kréien alles. Si kënnen näischt - Ween stoppt RTL?
Manner Aarbecht, méi Profit
Launch vun RTL Eent Radio

Vun elo un kënnt dir RTL Eent och lauschteren.

D'Mark RTL Eent ass N°1 am Land
Mir hunn dee Längsten

D’Famill vun den RTL-Medien erreecht all Woch een enorm groussen Undeel vun der Populatioun iwwer 15 Joer. RTL Eent bleift den éischte Mediekritik-Site am Land.

Hannerhältegen Ugrëff op d'Press
Hallefstaark "Konschtschafender" stelle sech de Batti

Eng Usammlung u Chaot*innen maachen sech mat Hëllef vun enger satirescher Websäit iwwer eis Redaktioun lëschteg. Witzeg ass dat allerdéngs net.

Oneierlecher gi sech als RTL aus
Mir goufe geläscht!

Et wier net deen éischten Service Public, deen Bertelsmann verschwanne léisst.

Sprooch
Ass Äert Lëtzebuergesch sou richteg wéi dat vun RTL? (7)
Opgepasst, RTL braucht Är Opmierksamkeet!

De „Best-Of“ vun den RTL-„Opgepasst“-Warnungen, mat deenen RTL eis duerch d’Geforen vum Alldag leed.

Ass Äert Lëtzebuergesch sou richteg wéi dat vun RTL? (6)
Sachlechen Journalismus op RTL? Éischter onwarscheinlech!

Wann een näischt Spektakuläres ze mellen huet, da spekuléiert een eben. De sechsten Artikel an eiser Kategorie iwwert den RTL-Sproochgebrauch.

Eis Sprooch op RTL
RTL Informatiounen no

„RTL-Informatiounen no“ ass een Ausdrock mat deem RTL op der enger Säit seng Quelle schützt an op der anerer Säit versicht sech selwer als d’Quell duerzestellen. Wichteg Aspekter vu journalistescher Aarbecht verbannen sech hei mat Selbstduerstellung.

Ass Äert Lëtzebuergesch sou richteg wéi dat vun RTL? (4)
Et gouf sech de Batti gestallt a randaléiert
Et freet een sech schonn iergendwéi, wann een op RTL nees eng Kéier liese kann, dass sech "de Batti gestallt" gouf. Et war also nees eng Kéier eng méi lass.
Ass Äert Lëtzebuergesch sou richteg wéi dat vun RTL? (3)
Eng méi lass

Een Ausdrock huet RTL an de lëschte Joer nawell eng sëllege Kéier benotzt.

Ass Äert Lëtzebuergesch sou richteg wéi dat vun RTL? (2)
Dir wäert iech nawell zolidd wonneren

RTL huet een eegene Gebrauch vun der Lëtzebuerger Sprooch entwéckelt, hei erkläere mir, wéi dat funktionéiert.

Ass Äert Lëtzebuergesch sou richteg wéi dat vun RTL? (1)
Sou onéierlech sinn Onéierlecher

Sou munch Bankraiber soen hire Matmënschen éierlech d’Meenung. Mee dat wäert se och net retten.

Weltdeeg
CGDIS mellt
Europäeschen Dag vum 112

Wéi verhalen ech mech, wa viru mir en Accident geschitt ass?

Internationalen Dag
Mam Vëlo op d'Schaff

Wien op der Sich no enger klenger Wanteraventür ass, dee kann dat um Internationale Wanter-Velopendlerdag ganz praktesch doheem starten.

Granada ass onofhängeg vu Spuenien.
Grenada Independence Day

Wien huet et net matkritt. Nom Referendum virun e puer Joer, sinn d’Katalanen an d’Basken a Spuenie getrennte Weeër gaangen. Dat gëtt haut gefeiert um Onofhängegkeetsdag vun Granada.

OCH National Frozen Yogurt Day
International Day of Zero Tolerance to Female Genital Mutilation
D'Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) geet dovunner aus, dass weltwäit iwwer 200 Millioune Meedercher a Frae beschnidde sinn.
Sponsored Partnership
5. Februar – Nutella Dag

Hmmmmmmm… wien Nutella net gär huet, dee litt. Dës cremeg brong Paste aus nohaltegem Palmueleg, gesondem Zocker, klimaneutralem Mëllechpolver a vereenzelte leckeren Hieselnëss zergeet wéi Botter tëschent den Zänn.

Och Gebuertsdag vun Facebook
Internationale Kriibsdag

Kriibs ass eng ellen Krankheet! Dowéinst ass et och schonn zanter Joren Deel vun der Mark RTL, dass mir Reklamm fir Kriibs a virun allem fir ons selwer maachen.

National Women Physicians Day
Nationale Fraendoktersdag

Haut viru ville Joer ass eng berüümte Fra gebuer gin, déi speider als dei éischt weiblech Doktesch, an Amerika bekannt gin ass.

Dag vum Murmeldéier
Net d'Jicken mee d'Geräisch

Hutt dir net och heiansdo d Gefill den nämmlechten dag ëmmer an ëmmer nees ze duerchliewen? Ween hätt geduecht wat esou e klengt Déierchen domadder ze dinn huet.

Change your Password Day
Keen ass sëcher!

Hei ass eng Lëscht mat den 10 sëcherste Passwierder, déi dir gratis benotze kënnt.

Firwat jidderee Brëscht gär huet
Net nëmme Sexy, mee och gesond
Haut ass den internationalen Dag vun der Mëllechpompel.
Ee muss et maachen
Deeglech Liewensgefor bei dësem Job

Wat vill Leit net wëssen: D’Wieder ännert sech all Dag a wann een net oppasst, kann et schnell mol ee Strapp ze séier goen. Haut ass den „Observe the weather day”.

Den Dag vum Schnéi kënnt ze frei
E Gedicht iwwert de Schnéimännchen
Gefilmte Gefiller
Sextapes, en Ausfluch mat der Famill oder eng groussherzoglech Hochzäit?

Ëmmer méi beléift ginn dës praktesch kleng Geräter: Camcorder dokumentéieren den Alldag vun de Mënschen.

E gudden Dag fir an de Kino
Firwat richen de Muppen hir Patten no Popcorn?

Et léiert een ni aus! Wat mir alles net iwwer Popcorn wossten.

Wéi seet een dat och nach?
Du domm Sau ODER Dir dämlecht Mammeschwäin

Um internationalen Dag vun de Synonymwierderbicher, schloe mir zesumme mol sou ee Wälzer op a schmökeren duerch de Pobeier.

Den Italiener mhhh!
Saluto Romano – Italienesch Zaloot

Ob Spaghetti, Tagiatelle, Lasagna oder suguer Pizza, déi italienesch Kichen huet eng quasi onendlech Selectioun aus ënnerschiddlechste Platen ze bidden.

Déiererubrik
LODYSS verkeeft Bäifang
Aus der Äiszäit

Dës Delikatess kënnt net aus der Tiefkühltruh, ma si ass nawell awer déifgefruer.

Débil Téin am Beetebuerger Park
Onéierlecher op der Flucht

Oppassen, dës Déieren sinn alles anescht wéi séiss.

Réimecher Raubdéier
Käpt'n Hook verdächtegt e Strummert

Zanter zwee Deeg vermësst. Hutt dir se gesinn?

Ara päift aus leschtem Lach
Vulleschutzliga huet vill ze dinn zu Lëtzebuerg

Dëse Papagei fänkt schonn un schlecht ze richen.

CGDIS mat Helikopter
Kaweechelche léist Groussasaz aus

Ee klengt Pelzegt Déierchen hat haut fir nawell vill Opreegung gesuergt.

Meeschter hat gudd drop opgepasst
E sibireschen Tiger zu Lëtzebuerg

Eng Raritéit a streng geholl illegal, mee dëse Lëtzebuerger huet ee schéint Déierchen doheem.

Ech soen alles zweemol
Ech soen alles zweemol

Dësen ongebiedene Gaascht duscht souguer am RTL1 Studio!

Keng Angscht, en huet Kanner gär
Wien huet de Mippche gesinn?

Den Hals ass relativ laang, a tëschent sengen Zéiwen si Schwammhäit.

Vulleschutzliga weist sech besuergt
Komesche Vull

E ruppegen, alen, rassistesche Vull, deen op den Numm „Gaston“ lauschtert ass um Helleggeescht-Plateau an e Gebai rageflunn.

Fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt
Déierefrënn um Dill

Um grousse Luxlait-Mëllechfest zu Bissen kënnt dir selwer de ganzen Dag un den Zitzen vun enger echter Kouh triwelen a sou är eege Mëllech produzéieren.

Loosst och Dir iech wéi d'Sau duerch d'Duerf dreiwen
All Mouk fënnt hiren Deckel!

Egal wéi ellen Dir sidd, och dir fannt ee Béischt wat bei iech passt. Maacht mat bei der éischter RTL1-Dating-Show.

Wat een net sou alles am Gaart fënnt
Gléck gehat!

Net schlecht gestaunt huet dëse Mann, wou hien a sengem Gaart eng onméiglech Entdeckung gemaach huet.

Eng Raritéit
Exotescht Déier

Engem Lieser ass dëst apaart Déierchen iwwer de Wee gelaf a mir sichen elo eng gutt Séil, déi him een neit doheem gëtt.

Weem gehéiert dës Stroossensignalisatioun?
A B C-bra

Engem eeleren Auteur ass een Zebra zougelaf.

Dëse Fësch krut de klenge Prënz bei der Gebuert
Koi Ahoi!

No engem Fëschfest zu Fëschbësch ass ee groussherzogleche Koi aus dem grousse Pull um Colmar Bierg verschwonnen.

D'Béischt ass a guddem Zoustand
Renn-Päerd, wéi nei!

Ech hunn hei ee Renn-Päerd an engem Top-Zoustand ze verkafen.