Photo: Ron Masters (CC BY-NC 2.0)

De „Best-Of“ vun den RTL-„Opgepasst“-Warnungen, mat deenen RTL eis duerch d’Geforen vum Alldag leed.

Oppassen, dat ass eppes, wat mir all an der Schoul hu maache mussen. Et ass eppes, wat een anscheinend net vum selwen mécht, mee wat engem zougeruff gëtt, an zwar vun engem, deen iwwert engem steet, dee méi weess, dee warnen oder och commandéiere wëll. „Opgepasst“ rifft de Schoulmeeschter genervt deene Schüler/*innen zou, déi viru sech hin dreemen. „Opgepasst“ warnt den ACL oder awer och d’Police mam erhuewene Fanger. „Opgepasst“ kann awer natierlech och de Slogan vun enger Reklamm sinn, déi iech mat dësem direkten Opruff zum Kaf vun engem Produit verleede wëll. Zu Lëtzebuerg kennt een de Gebrauch vum Ruff „Opgepasst“ awer och vun der ieweschter Instanz déi eis duerch den Alldag guidéiert: Vun RTL.

Dass Medien „opgepasst“ ruffen, ass eigentlech deplacéiert. Hei fënnt keng Vermëttlung vun enger Informatioun statt, mee eng Bewäertung souwuel vun der Informatioun wéi och vum Opmierksamkeets-Grad vum Public. RTL ass kee Medium méi, mee eng Institutioun, eng Zort Behörd, déi offiziell Warnungen erausgëtt. Opgepasst, léif Nolauschterinnen an Nolauschterer, lauschtert lo ganz gutt no, well dir kënnt Iech et net leeschten, dës Informatioun ze verpassen. Dat Wuert erzielt vill iwwer d’Aart-a-Weis wéi RTL eis, säi Public gesäit.

Hei ee kléngen „Best-Of“ vun den RTL-„Opgepasst“-Pärelen aus deene leschte Méint, déi weisen, wéi RTL eis duerch d’Gefore vum Alldag lotst: