D’Opnam vun der leschter Virstellung vum Stéck, den 10. Mäerz 2024 am Kasemattentheater.

Et ass d’Geschicht vun engem diaboleschen Deal. „Ween stoppt RTL?” erzielt, wéi Lëtzebuerg mam Privatkonzern CLT-UFA, der Firma hannert RTL, e Pakt erneiert – deen eis all betrëfft. Et geet alt nees ëm richteg vill Suen. Obwuel alles perfekt virbereet gouf brécht dës Kéier Chaos aus: et feelt eng Ënnerschrëft, de Bertelsmann klappt un der Dier a verlaangt een Affer an op ee mol steet eng Läich am Raum.

Weider Informatiounen zum Stéck op https://richtung22.org/theater-ween-stoppt-rtl/