Dat Neist
Publicitéitsrecetten vun RTL.lu
Online séier vill Suen maachen

Ass bei de Reklamme fir déi traditionell Medie scho laang de Pic erreecht ginn? Oder huet RTL mol nees eng raffinéiert Geschicht ausgeduecht fir u staatlech Gelder ze kommen.

Pssscht, grousst Geheimnis!
Wéi vill Profit mécht eigentlech RTL Radio Lëtzebuerg?

RTL wëll keng Informatiounen iwwer d’Publicitéitsrecetten vun RTL Radio Lëtzebuerg publizéieren. De Verdacht verhäert sech, dass Milliounen u Recettë verstoppt ginn, fir dass de Staat méi bezilt. RTL Eent huet fir iech nogerechent.

Reklamm fir Luxus-Vakanzen
"Ausgesat": eng neokolonialistesch Aventure op RTL

„On n’a pas de sous, est-ce que vous pouvez nous conduire“: E Saz, deen zu Lëtzebuerg wuel net gutt ukënnt, virun allem wann een déi falsch Hautfaarf huet. Mee zum Gléck si mir jo Wäiss Europäer a kënnen eis an anere Länner de Batti stellen.

Haut ass Welt-Radiodag
Sou brutal verdeedegt RTL säi Radios-Monopol

RTL hat Joerzéngte laang eleng d’Monopol um Radio zu Lëtzebuerg, a genee do wëllen se och nees hin zeréck. Gedriwwe vu kommerziellen Interesse geet RTL dobäi iwwer (Sender-)Läichen.

Intransparenz bei RTL
E mysteriéisen Deal

Äre Partner, Eise Partner – same, same? RTL vermëscht Reklamm a journalistesche Content. Dat ass illegal.

Heemlech Reklamm? Ma nee!
Sou gëtt een op RTL berüümt

Dir waart scho laang drop, dass dat gréisste Medium am Land endlech mol urifft an Är Firma oder äre Business portraitéiert? Mee et geschitt einfach net? Kee Problem, et gëtt do eng Léisung. Kommt och Dir endlech ganz grouss raus.

Léiert och Dir, wéi een et mécht.
Sou gëtt RTL räich

Pscht! Dat duerf natierlech kee wëssen. Op alle Fall keen zu Lëtzebuerg.

D'BCE bretzt sech och nach!
Wéi den RTL-Chef de Staat mat zweeter Firma ofzockt

Mat der enger Firma heeschen, mat der anerer d’Profitter astiechen: Esou einfach sinn d’Tricks vun eisem Service Public.

Kennt dir d'Firma "Information et Publicité"?
D'Schwëster vun RTL kasséiert of
De Staat soll déi finanziell Verloschter vun RTL Lëtzebuerg ausgläichen. Awer gläichzäiteg mécht de Schwësterkonzern vun RTL, déi sougenannten "Regie Publicitaire" IP, Bénéficer. Dat ass problematesch.
Reklamm
Reklammen & IP
Publicitéitsrecetten vun RTL.lu
Online séier vill Suen maachen

Ass bei de Reklamme fir déi traditionell Medie scho laang de Pic erreecht ginn? Oder huet RTL mol nees eng raffinéiert Geschicht ausgeduecht fir u staatlech Gelder ze kommen.

Pssscht, grousst Geheimnis!
Wéi vill Profit mécht eigentlech RTL Radio Lëtzebuerg?

RTL wëll keng Informatiounen iwwer d’Publicitéitsrecetten vun RTL Radio Lëtzebuerg publizéieren. De Verdacht verhäert sech, dass Milliounen u Recettë verstoppt ginn, fir dass de Staat méi bezilt. RTL Eent huet fir iech nogerechent.

Reklamm fir Luxus-Vakanzen
"Ausgesat": eng neokolonialistesch Aventure op RTL

„On n’a pas de sous, est-ce que vous pouvez nous conduire“: E Saz, deen zu Lëtzebuerg wuel net gutt ukënnt, virun allem wann een déi falsch Hautfaarf huet. Mee zum Gléck si mir jo Wäiss Europäer a kënnen eis an anere Länner de Batti stellen.

Intransparenz bei RTL
E mysteriéisen Deal

Äre Partner, Eise Partner – same, same? RTL vermëscht Reklamm a journalistesche Content. Dat ass illegal.

Heemlech Reklamm? Ma nee!
Sou gëtt een op RTL berüümt

Dir waart scho laang drop, dass dat gréisste Medium am Land endlech mol urifft an Är Firma oder äre Business portraitéiert? Mee et geschitt einfach net? Kee Problem, et gëtt do eng Léisung. Kommt och Dir endlech ganz grouss raus.

Léiert och Dir, wéi een et mécht.
Sou gëtt RTL räich

Pscht! Dat duerf natierlech kee wëssen. Op alle Fall keen zu Lëtzebuerg.

Kënne sech RTL an atHome alles erlaben?
Gesetzer briechen, Datë klauen, Sech selwer feieren.

Et si strategic Partners in Crime: de gréisste Mediekonzern an déi gréisste Sichmaschinn fir Autoen an Haiser aus dem Land schaffen nawell gutt zesummen

Verstouss géint de Pressecodex
Onéierlecher vermëschen am Internet Reklammen mat Journalismus

Schleichwerbung, favorabel Beriichter an Native Advertisement: RTL kennt all d’Tricks vum Reklamme-Business

Firma hannert den Reklammen op RTL
Am Logo vun IP gouf Rassismus entdeckt

Et ass nach kengem opgefall, mee fir hier Corporate Identity schmückt sech IP mat frieme Plommen.