Screenshot: RTL

Äre Partner, Eise Partner – same, same? RTL vermëscht Reklamm a journalistesche Content. Dat ass illegal.

Kennt Dir dës Sendung schonn? RTL mécht dofir Reklamm an der Rubrik „Highlights“ - e Schmockstéck op RTL Play also: D’„Energietipps“. Dat journalistescht Glanzstéck ass also do ze fannen, wou och aner RTL-Fernseesendungen ugewise ginn - Aenhéicht mat „Kloertext“ oder „No Art on Air“.

De butzegen Hoken: D’Sendung „Energietipps“ ass warscheinlech näischt anescht wéi Reklamm. A Reklamm muss laut EU-Gesetzer als solch gekennzeechent sinn. Et ass nämlech en Ënnerscheed, ob een als Spectatrice*eur e Reklamms-Clip gesäit a weess: Hei probéiert eng Firma, mech mat enger besonnesch positiver Duerstellung zum Konsum ze beweegen. Oder et denkt een: Hei beriichte kritesch Journalist*innen mat méiglechst grousser Objektivitéit iwwert eppes, wat ech also eescht huele kann.

Ëmmerhin hänkt RTL sech bei den „Energietipps“ nach e klengt Fiigeblaat vir. D’Sendung fänkt mat enger klenger Intro aus schmiereger Reklammsmusek, der een d’gutt Laun nëmme schwéier ofkafe kann. Eng markant männlech Stëmm erkléngt: „Energietipps. Zesumme mat der Klima Agence - Äre Partner fir Energie a Klima“.

Kryptesch. Well wat genee an der Sendung „zesummen“ mat der Klima Agence gemaach gëtt, bleift onkloer. Kritt hei iergendee Suen? Bestëmmt d’Klima-Agence de Contenu an RTL mécht d’Produktioun? Woura genee besteet d’Partnerschaft mat dëser Firma? A firwat „Äre“ Partner? Ass d’Klima Agence e Partner vum Publikum? Oder huet RTL sech vläit verschriwwen a mengt eigentlech: „Eise Partner“ bzw „Eise Reklamms-Partner“?

E Bléck an d’Sendung bréngt just wéineg Opschloss. Dat 3- bis 4-minuttelaangt Format ass wéi eng normal Reportage opgebaut: Eng Erzielstëmm aus dem Off féiert duerch d’Geschéien. Dann taucht meeschtens e „ganz normale“ Verbraucher op, den e Produkt benotzt oder Energie spuere wëll an eppes doriwwer erzielt. An da gëtt et do eng „Expertin“, déi Tipps gëtt. Opfälleg ass, dass et an all „Reportage“ déi selwecht Expertin ass, déi zu Wuert kënnt, nämlech d’Sarah Juchems vun der Klima Agence. Meeschtens gëtt de Logo vun der Firma grouss ageblent. Heiansdo seet si Saache wéi: Fir Solarpanelen unzebréngen, brauch een eng Grondberodung vun der Klima Agence. Si seet dat awer net wéi eng Reklamm, mee eben am Tounfall vun enger neutraler Expertin. Alles wierkt esou, wéi wann et e ganz normalen Tëleesreportage wier.

Den Androck vun enger „seriöer“ an neutraler Sendung gëtt zousätzlech duerch de Logo vun der Lëtzebuerger Regierung ausgeléist. Well jo: D’Klima Agence ass e „groupement d’intérêt économique“: Eng Public Private Partnership, wou staatlech Sue vu Steierzueler*innen rafléissen a wou Profitter an d’Täsche vun Entrepreneur*innen nees erausfléissen. Geet et em Mobilitéit, recommandéiert d’Klima Agence am léifsten Elektro-Autoen, an net zum Beispill déi vill méi klimafrëndlech ëffentlech Transportmëttelen, déi jo en plus nach gratis sinn an eigentlech e Klimaprojet vun der Regierung si missten. Komesch, dass sou Reklammen och nach mat Ënnerstëtzung vun der Regierung gemaach ginn. Geet et der Klima Agence bei der Bewerbung vun Teslaen a Solarmoduler vläit awer éischter ëm de Profit a manner ëm d’Klima?

Mee wéi och ëmmer, eis interesséiert natierlech am meeschten, wat elo d’Bezéiung zu RTL ass. D’„Energietipps“ wierken also wéi eng journalistesch Reportage, an där d’Klima Agence als Expertin gefrot gëtt. Dobäi ass d’Klima Agence - déi virdru My Energy geheescht huet - Cliente bei RTL hirer Reklammsfirma IP. An an e puer mobillen Usiichten vun der RTL.lu Website gesäit een et och: Déi kleng Zeil mam Numm „Advertisement“ direkt iwwert den „Energietipps“. Klickt een op RTL-Play, ass dovun allerdéngs näischt méi ze gesinn.

Och ass net kloer, ob d’„Energietipps“ elo eigentlech wierklech vun der Reklammsfirma IP oder direkt vun RTL produzéiert ginn. Also Reklammsfilm misst eigentlech IP zoustänneg sinn. D’„Journalist*innen“ vun RTL sollte mat der Produktioun vu Reklammen näischt ze dinn hunn. Op Facebook post d’Klima Agence allerdéngs reegelméisseg Fotoe vun der „Expertin“ Sarah Juchems virun engem Mikro am Tounstudio: „E Bléck hannert d’Kulisse vum RTL Expert“.

Besonnesch erstaunlech ass dann awer den Tëleesreportage am Journal vun RTL, wou iwwert d’Klima Agence duerch an duerch positiv - an iwwerhaapt net kritesch - beriicht gëtt. Oder d’Sendung „Dir hutt d’Wuert“, wou zwou Vertrieder*inne vun der Klima-Agence fir hir Entreprise Reklamm maache konnten. Hei ginn also reng journalistesch Formater mëssbraucht, fir enger profitorientéierter Firma als PR-Plattform ze déngen.

D’Hannergrënn bleiwen e Rätsel: Entweder kréien RTL an IP vun der Klima Agence mindestens fir d’Sendung „Energietipps“ Suen - a labelen et verbuedernerweis net all Reklamm. Oder RTL an IP kréie guer keng Suen a maachen dësen an an den anere Formater gratis Reklamm - wat net nëmme saudomm wier, mee genee sou géint all journalistesch Prinzippien verstéisst. Sad but true: Béid Varianten si gläichermoosse warscheinlech.