Photo: Bob Franklin

Eng Erklärung vun der Online-Redaktioun

Reegelméisseg ginn och mir gefrot, firwat mir Fotoe vun Accidenter publizéieren. An genee esou wéi rtl.lu hunn och mir eis eng Äntwert op des Fro iwwerluecht.

Verbéite Metall, zersplittert Glas, Carrosserie Huddel a Fatz, geplatzten AirBags, zerfatze Stoftreschter, déi nach aus der Fënster hänken, den Auto op der Kopp a Blutt op der Strooss. Voll krass einfach! Wéi verréckt wier et einfach, wann do nach villäicht eng ofgetrennten Hand op der Strooss léich. Onvirstellbar! Jo… also firwat dat Ganzt? Dacks kommen esou Froe vu Leit, déi grad e léiwe Mënsch – e Bekannten, e Frënd, e Familljemember – an engem Autosaccident verluer hunn. Sollt dat elo bei Iech de Fall sinn, dann erlaabt eis, fir d’éischt eist häerzlechst Bäileed auszedrécken. E Verloscht deet ëmmer wéi, besonnesch, wann e ganz frësch ass oder wann een drun erënnert gëtt. Sou ass dat eben! Dat ass d’Liewen. Dat sinn emotional Ausnamezoustänn, fir déi mir natierlech vollst Versteesdemech hunn. Wann der elo hei bei eis an der Redaktioun sëtze géift, mir géifen Iech och een Nuesschnappech reechen! Éierlech, mir hunn sou vill Matleed. Mee elo genuch mat dem emotionale Rëmgesouers. Accidenter sinn numol Informatiounen, wéi all déi aner och. Nee, eigentlech sinn se souguer besser. Et sinn nämlech Informatiounen, déi sech gehierlos gutt klicken an deele loossen. Op Platz 4 a 5 vun eise meeschtgeklicksten Artikelen dëst Joer, nach virun de “Chamberwalen” an der “Kréinung vum Kinnek Charles III”, sinn eis Accidenter. Plaz 4 vun eise Klickchampions an eng journalistesch Meeschterleeschtung: „Accidentéierte Camion, Autobunn nees op“. A mir wëssen och, wourun dat läit: Un de Fotoen! Wa Fotoen disponibel sinn, dann hu mir se ze bréngen. Da si Privatsphäre, Mënschewierdegkeet an sou emotionaalt Gedeessems nunmol zweetrangeg.

Natierlech préiwe mir Biller vun Accidenter ganz besonnesch:

– Vu wiem kommen d’Fotoen? Déi meescht Accidentsfotoe komme vun eise Reporter. Oder vun der Police oder vu Pompjeescorpsen, also vun „offiziellen“ Quellen, wou een e verantwortungsvollen Ëmgank viraussetze kann – well bei hinne geet et jo em d’Dokumentatioun vun engem Tathergang. Wann dann eemol e puer onschéi Saachen do ze gesi sinn, da gehéiert dat jo och zu den Ermëttlungen dobäi a muss dowéinst och onbedéngt vun der Press iwwerholl ginn, ouni et ze beschéinegen. Heiansdo kommen och Fotoe vu Leit/User, vu sougenannten „mobille Reporteren“, déi zoufälleg eppes matkritt hunn. Jo, mir ginn zou, mir sinn deene Leit/User dankbar, wann si eis eng Informatioun weiderleeden, datt mir méi authentesch informéiere kënnen. Déi zersplittert Windschutzscheif, déi op der Fuerbunn läit – authentesch! Do kann een d’Jäizen an d’Ächzen vun de Verletzte quasi nach héieren.

– Wéi eng Krittäre ginn et bei Fotoen? Natierlech wëlle mir esou séier wéi méiglech informéieren, ma et ass net eist Zil, datt Familljen traureg Nouvellen aus de Medie gewuer ginn – net eist Zil, mee ee Kollateralschued, zu deenen et am Liewen eben nu munchmol kënnt. C’est la vie. A mir weisen am Prinzip och keng Läichen oder soss Motiver, déi schockéiere kéinten. Am Prinzip! Mir hate scho mol de Fall, datt mir eng Info iwwer en déidlechen Accident an och Fotoen dovun op Wonsch vun der Police zeréckgehalen hunn. Op Facebook hunn dunn awer scho ganz eendeiteg Biller mat ganz konkreten Infoen den Tour gemaach. A wa Facebook mat esou eppes Clickbaiting bedreiwen duerf – firwat misste mir dann dorop verzichte? Hei muss een ëmmer ofweien.

– Wéi vill Fotoe gi publizéiert? Och déi Fro daucht reegelméisseg op. „Wier eng Foto net duergaang?“, ass een duerchaus geleefege Reproche. Oder: „Hätt Dir net kënne méi en harmloost Bild huelen?“ Natierlech sinn esou Froen absolut berechtegt. Frot roueg weider! Natierlech ass et kaum méiglech, d’Vue vun engem héichgradeg Involvéierten an d’Meenung vun enger am Idealfall objektiver RTL1-Redaktioun, déi mat Recul jugéiere kann, op een Nenner ze bréngen. Subjektiv ass een Accident schrecklech – virun allem, wann dobäi Leit em d’Liewe kommen, oder schwéier verletzt ginn. Objektiv ass een Accident awer ee Clickmonster! An iergendwéi muss een als Medium jo och de User bei der Staang halen. Dowéinst si mir der Iwwerzeegung, datt een duerchaus méi Fotoe vun engem Accident oder Incident weise kann an duerf. Mol ginn der eng oder zwou duer, mol eng Dosen, mol ass et eng komplett Billergalerie! Et muss ee bewosst op eppes klicken, fir eppes ze gesinn. Wien also keng Fotosgalerie vun engem Accident gesi wëll, kann se am Fong problemlos evitéieren.

– Mussen esou Informatiounen a Fotoen dann iwwerhaapt bruecht ginn? Dës Fro beäntwere mir als Redaktioun mat engem klore Jo.

- Journalisten hunn eng Informatiounsflicht a mussen informéieren, wann si vun eppes Kenntnis kruten, wat si fir relevant halen. Spréch, wat si fir clickable, likeable a sharable halen.

- Vill Leit wëllen informéiert ginn. Tëscht Compassioun a Voyeurismus ass dacks just e schmuele Grat. Mir setzen op confirméiert Informatiounen a klameren z.B. d’Privatliewe vun de Leit/Affer esou wäit wéi méiglech aus, och wann een ëmmer nees Informatiounen iwwer méiglech Ursaache vun Accidenter „gestach“ kritt.

- Dee wichtegste Grond zum Schluss: Bei all Respekt fir individuell Betraffenheeten, Befindlechkeeten, Sensibilitéiten, Virléiften, Choixen, als Journalist kann ee leider net ëmmer op alles Récksiicht huelen. Et geet schliisslech ëm Clicks! Dat ass bëssen sou wéi Pressefräiheet: Mir hunn d’Recht op räisseresch Schlagzeilen a sensationell Biller – ganz egal, wéi eng Perséinlechkeetsrechter mir domat verletzten. Wann ee bis ufänkt, Limitten ze zéien, kënnt een iergend eng Kéier net méi draus eraus.

Dofir si mir der Meenung: Vu Fall zu Fall ze préiwen, dat ass dee beschten an deen eenzege Wee. Bei dëser Fall zu Fall Prüfung stelle mir da bal ëmmer fest: Mir bréngen alles! A wann eemol eppes online gaange sollt sinn, wat aus plausibele Grënn net hätt sollen, da kontaktéiert eis. En Echange de vue wierkt heiansdo Wonner an normalerweis gëtt ee sech dann och eens. Esou kënnt Dir RTL1 kontaktéieren: post@rtl1.lu oder per Feedback