Photo: Twitter @RTLlu - RTL Luxembourg

Dëse Kënschtler mëscht net just Reklamm mat Journalismus, mee och Geschäft mat Pléséier.

Ee vun de wichtegste Käpp hannert der iwwermächteger Reklammsboite IP ass net dee rassistesche Kapp um Logo, mee de Camille Ney.

Warscheinlech hutt der säin Numm schonn héieren, falls net, kennt der ganz sécher seng Stëmm. Maacht är Aen zou, stellt iech vir dir lauschtert grad den RTL an et ertéint nom berüümte Saz „Wousst der schonn?“ eng männlech, net allze däischter, relativ monoton a liicht genäselt Stëmm. Jo, dat ass hien. Dat ass Brand Value. All Kand weess direkt, dat ass RTL. Mee och d’Kanner leien falsch.

„Wousst der schonn“ ass keen RTL-Format mee en IP-Format. Viva Vakanz, dem Camille seng wuel bekanntsten Show, och. Dem Camille seng Talenter si villfälteg an de Mann huet, och wann seng Stëmm net sou kléngt, quasi onbegrenzt Energie, déi hie bei senge ganz ville Side-Businesses ausliewe kann.

D’Party-Déier an de Genossmënsch

Als „Matrous K1000” (Ka-Mille) ass hien zesumme mat sengem Kolleeg dem „Käpt’n Ändä“ opgetrueden an huet op den RTL Fiestas oder änleche kulturelle Besäufnisser fir Stëmmung gesuergt. E Party-Mënsch, Entertainer an ee „Künstler”, sou gëtt hie vu senge Kolleege bei RTL bezeechent, wa fir seng nei CDen Reklamm op der Antenn gemaach gëtt. „Aarbechtskolleeg” hätt ee villäicht transparenterweis soe kënnen. Mee Aarbechtsverhältnisser huet RTL jo oft mat Leit, déi si als Gaascht interviewen, dowéinst wier dat jo just e langweilegen Detail.

De Kapp hannert IP huet awer net just lauter ënnerschiddlech Jobtitles, mee och lauter ënnerschiddlech Kappbedeckungen: Matrousemutz, IP-Plommen, RTL-Kap an och ee Feinschmeckerhutt?

„Il est vrai que j’ai plusieurs casquettes. Il est vrai aussi que j’aime boire et manger. Il se trouve que j’ai animé les émissions Viva Vakanz et Viva la vida sur RTL pendant 25 ans. Pour cela, j’ai beaucoup voyagé et j’avais l’habitude de terminer mes séjours à l’étranger par une petite visite dans une épicerie fine pour rapporter des souvenirs gourmands.“
Sou erkläert de Camille d’Inspiratioun hannert sengem Delikatessebuttik. De villbeschäftegte Mënsch bedreift nämlech och nach eng Épicerie fine zu Zolwer.

De Radiosmënsch?!?

Wien mengt, de Camille géif elo seng Aarbecht bei der IP wéinst all deenen anere Responsabilitéiten vernoléissege, deen iert sech. Dëse Mann schafft souguer an der Vakanz. Einfach all d’Vakanzefotoen op rtl.lu posten, den RTL Mikro agepak an d’RTL-Jackett ugedoen an zack zwou Mécke mat engem Schlag. De Bäitrag deen do mam RTL Mikro opgeholl gëtt ass zwar nees fir d’IP geduecht, mee de Camille produzéiert jo am Häerz all seng Beitreeg fir RTL.

Oder ass den Camille Ney carrément bei RTL a bei IP gläichzäiteg agestallt? Hien schéngt nämlech just als „Head of Productions“ bei der Reklammsfirma IP ze schaffen, mee och, senger Selbstbeschreiwung um Site vun der IP no, als „Product Manager RTL Radio Lëtzebuerg“. Oder heescht dat, dass „RTL Radio Lëtzebuerg“ just e vu ville Produite vun der IP ass? Et bleift wuel ee Rätsel. Sou seet een dat, wann RTL géint de Pressekodex verstéisst, deen eng kloer Trennung tëscht kommerzieller (IP!) an journalistescher (RTL?) Aarbecht virschreift.

Well e seriöen Journalist ass de Camille natirlech och, souguer een vun der Zort, déi bei RTL Commentairer aschwätzen däerfen. Virum rouden Logo steet den Camille also am RTL Studio a begléckt d’Welt hei mat Analysen wéi: „Solle mir eis net all de Virsaz huelen, méi frëndlech mateneen ëmzegoen an esou aus eisem Kräiz vum Nation Branding, dat jo haut an de Walkabinne ganz in ass, e Smiley ze maachen“. Oder och „D’Musek vu Palma war nach ni en Harvard-Aufsatz a grad wéi beim aktuelle Genderwan dierf d’Fro erlaabt sinn: Hu mir soss keng Suergen?“. Moment, „Genderwahn“, ass dat net ee Begrëff deen déi rietsextrem FPÖ bekannt gemaach huet an elo virun allem vun der däitscher AfD benotzt gëtt? Vläit ass de Camille jo net bei all Kommentar ee seriöen Journalist, mee vläit ass hien heiansdo awer nees als sexisteschen Ballermann-Matrous K1000 um RTL Mikro.

Vill Kapen - oder alles ënnert engem Hutt?

Mee wie brauch schonn Trennungen tëscht Reklammen, Journalismus, Après-Ski an Delikatessen-Butteker? De Camille kann eben alles. Gläichzäiteg. Hien kann zum Beispill op rtl.lu een Artikel iwwert ee Butték publizéieren an gläichzäiteg dëse Butték besëtzen. Wéi ass dat méiglech? Vläit sou: De Camille Ney, Besëtzer vun enger Epicerie, wend sech un de Camille Ney, Produktiouns-Chef bei der Reklammsboite IP. De Camille beoptragt an bezillt de Camille fir eng Reklamm ze maachen. Mat der Reklamm geet de Camille dann bei de Camille Ney vun RTL, mat deem de Camille Ney vun IP een Deal huet. De Camille publizéiert dann op RTL d’Reklamm déi de Camille fir de Camille produzéiert huet. Oder de Camille organiséiert ee Gewënnspill. Oder hien léisst de Sänger vun „One Last Time“, Andrea Galleti, dem Camille Ney säi Butték an engem „Business-Interview“ präsentéieren. An duerno spillt de Camille dann wahrscheinlech nach d’Lidd vum K1000. An wéi nennt een dat ganzt? Service Public.

D’Epicerie Fine vun Zolwer ass Iech een ze mickregt Beispill dofir, wéi gutt de Camille alles ënnert een Hutt kritt? Dat Beispill léisst sech awer nach am méi Groussen duerchspillen.

Während Corona beoptraagt d’Foire Agricole de Camille domadder eng digital Offer ze konzipéieren, fir dass een och vun doheem aus kann d’Foire besichen. De Camille rifft „FAE TV“ an d’Liewen a spaant eng weider Schwësterfirma vun IP an RTL, an zwar d’BCE, mat an. Doriwwer wéi wonnerbar dat alles klappt beriicht RTL. Net just eng Kéier, mee déi ganzen Zäit an zwar an der Rubrik vun den nationalen News. Et ass de Camille Ney selwer, deen „FAE TV“ moderéiert. „FAE TV“ gëtt dann och konsequenterweis op rtl.lu gestreamt. Wat ass nach Reklamm, wat ass Beriichterstattung? Woufir bezillt de Steierzueler, woufir de Client? A fir wien schafft de Camille? Fir sech selwer natierlech.