Photo: allispossible.org.uk

Eng Erklärung vun der Onlineredaktioun

Mir erklären gären eis Aarbecht, déi heiansdo fir Laien schwéier novollzéihbar ass. Mir maan dat am Stil vun RTL.lu an hieren Erklärungen firwat si wéinst engem doudege Kand dat op enger Plage läit gezwonge sinn Accidentsfotoen online ze setzen. Hei e LINK.

Communiqués-Copy-Paste: Firwat? Reegelméisseg gi mir gefrot, firwat mir Pressecommuniqueeën vun der Regierung, de Parteien, Veräiner oder Entreprisen einfach sou kopéieren an beschtefalls souguer als PDF op eise Site roplueden an do verlinken. Mir maachen dat och mat Questions Parlamentaires a all Kéiers, wann nees eng topesch Petitioun agreescht gouff, déi d’Gemidder erreege kéint. Och gi mir gefrot, firwat mir net op mannst kennzeechnen, dat et sech bei dëse Bäitreeg net ëm regulär Artikelen handelt.

Dacks kommen esou Froe vu Leit, déi sech Suerge maachen, dass mir fir politesch oder kommerziell Akteuren einfach Ëffentlechkeetsarbecht maachen, amplaaz „Journalismus“. Wat vill Leit net verstinn ass, dass an dësen Zäiten all medial Aarbecht eben Ëffentlechkeetsarbecht ass. Den Internet huet de Role vum Journalismus als „Gatekeeper“ geschiedegt. D’Press huet fréier kontrolléiert, wéi eng Informatioun et an den ëffentlechen Debat packt. D’Leit kéinten lo awer theoretesch iwwerall un Informatiounen kommen, also och direkt un der Quell selwer an wien géif sech dann op eisem Site déi schéin Reklammen ukucken mat deenen mir eis Suen verdingen? RTL1 kéint elo natirlech och probéieren een journalisteschen Mehrwert zu all Quell ze leeschten, mee dofir feelt eis d’Zäit an d’Loscht.

Firwat vernoléssegen mir systematesch d’Kontextualiséierung an d’Hannerfroen vu Pressecommuniqueeën? D’Allgemengheet huet e Recht, eppes gewuer ze ginn. Allerdéngs gëtt et kee Recht op Kontext, kee Recht drop dass eng Informatioun ageschat, ageuerdnet oder kontrastéiert gi géif. RTL1 huet virun allem mol d’Recht, Suen ze maachen an dat heescht, dass mir méi séier si mussen ewéi aner Siten. Also ass deen einfachsten Wee deen, e gudden Deel vun den Informatioun déi an eiser Inbox land einfach ze kopéieren an op eise Site ze setzen - esou packe mir et wesentlech méi Artikelen wéi eis Konkurrenz ze generéieren, eise Site wierkt méi aktiv a méi aktuell.

Kéint ee lo soen, dass mir domat subjektiv Duerstellungen am politeschen oder ökonomeschen Interessi vu gewëssen Player an der Ëffentlechkeet reproduzéieren? Jo, dat kéint een. Mee ganz sou einfach maache mir eis d’Aarbecht dann och alt nees net. Mir filteren nämlech déi Communiquéen raus, déi eis grad net an de Krom passen. Eise gesonde Mënscheverstand an eisen erweiderten Bekanntekreess ginn eis do déi richteg Indicen, wiem säi Communiqué et schlussendlech op eise prestigiéise Site packt.

- Wat kann alles kopéiert ginn? Am Fong kann sou zimmlech all Text, deen säi Wee bis an d’Inbox vun RTL1 pakt och kopéiert ginn. Haaptsaach den Titel kléngt esou, wéi wann et eng Nouvelle wier, déi RTL selwer rausfonnt hätt.

Hei ee puer Beispiller: