Screenshot: RTL

Et si strategic Partners in Crime: de gréisste Mediekonzern an déi gréisste Sichmaschinn fir Autoen an Haiser aus dem Land schaffen nawell gutt zesummen

Wann een am Laf vum Moien oder Nomëtten eemol zoufälleg op der Tëlee den RTL erwëscht, da kritt ee ganz besonnesch Formater gebueden: AtHomeTV a LuxAutoTV. Wat wéi eng Dauerwerbesendung kléngt an ausgesäit, ass och eng. Mee just well et gënschteg produzéiert ass, heescht dat net, dass dës Reklammen net héicheffikass a rentabel sinn an – wien hätt dat geduecht – verstoppten Interesse mat sech bréngen.

Et gesäit een hei eng Zort Powerpoint – iwwerbeliichten Amateursopnahmen vun Autoen oder Haiser, eng Fiche mat e puer Eckdaten, ee Präis an ee QR-Code. Autoen an Immobilie si Leetkultur zu Lëtzebuerg a sou si Reklammen och dat deeglecht Brout fir RTL. Souwäit alles wéi gewinnt. Mee déi Autoen a Haiser sinn net einfach Deel vun enger normaler Reklamm. LuxAuto an AtHome sinn net einfach normal Entreprisen, déi, wéi all aner, hier Produiten op der eenzeger Tëlee am Land weise wëllen. Si sinn allebéid Deel vun der atHome Group S à r. l. a mat RTL verbënnt si eng speziell Partnerschaft.

Strategic Partners in Crime

2001 zu Lëtzebuerg gegrënnt, offréiert atHome eng Plattform fir de Verkaf vun Immobilien an Autoen. Net just zu Lëtzebuerg, och an Däitschland, Frankräich an der Belsch gëtt et eng Offer vum Onlineportal. 2017 gouf d’Entreprise un Oakley Capital verkaf, d’Private-Equity-Gesellschaft vun engem britteschen Investor, dee bekannt ass als grousse Spender vun der Conservative Party. Am Uschloss konnt atHome seng marktführend Positioun um Lëtzebuerger Marché net just verteidege mee ausbauen, andeems si 2018 nach d’Plattform fir Autosannoncen “LuxAuto” kaf hunn. 2020 goufen se du vun engem brittesche Finanzinvestisseur un den nächste verkaf a Mayfair Equity Partners keeft de Mehrheetsundeel vun Oakley Capital. De Chef vun Oakley seet bei dem Verkaf nach dem CEO vun atHome, dem Soufiane Saadi, Merci fir seng gutt Aarbecht an dass een sech op d’Zukunft mat dem neien Investor freet, fir nach méi ze wuessen. (Quell)

De Soufiane Saadi ass de Kapitän um atHome-Schëff, an dat net just wuertwiertlech an engem peinleche Video vun der Firma. Hien weess, wéi hien sech uleeë muss fir ëmmer weider ze wuessen. 2021 huet de Soufiane Saadi déi genial Iddi: atHome Group gëtt exklusive Partner vun RTL. Ob hien dat mat der Mediepresenz vun de Leit vun „taxx.lu“ geléiert huet, enger Entreprise déi an engem RTL-Format präsentéiert gouf an déi da vum atHome-Group opkaf gouf? Oder huet hien déi Iddi awer aus sengem Liblingsbuch, dem Ratgeber vun engem Hedgefong Manager, deen hien am RTL Format “Interview am Interview” erwäänt.

RTL an atHome verbënnt jiddwerfalls zanter 2021 eng “strategic partnership”, een Deal bei dem si sech als jeeweileg Monopol géigesäiteg hëllefen. An anere Länner géif een sou eppes verstoppen, sech op mannst fir dës Marchésverzerrung schummen, ma hei verkënnegt een houfreg dësen eemolegen Deal op den eegene Plattformen. “atHome s’incruste dans votre TV 📺 pour 4 heures de diffusion par jour”, sou formuléieren si dat selwer. Véier Stonne Reklammen all Dag, Zwou Stonne virmëttes, zwou Stonnen nomëttes. Am Fong komplett illegal. Den Artikel 28 vum Mediegesetz limitéiert, baséierend op enger EU Direktive, d’Reklammen déi een ausstralen däerf. Mee well RTL d’Kontrollorganer net ze fäerten huet, kann dëse Gesetzesbroch direkt als Pressecommuniqué verschéckt ginn. Am selwechte Pressecommuniqué dann och den Hiweis, dat sech d’Reklammspartnerschaft net just op d’Tëlee beschränkt.

Screenshot: RTL

Déi puersten Form vun Native Advertisment

D’Servicer vun atHome Group goufen direkt an de Site vun RTL integréiert. D’Immo-Sichmaschinn vun RTL gesäit aus wéi een hauseegene Service, d’Rubrik „Immo“ steet nieft de Rubricken „News“, „Kultur“ a „Meteo“. Nëmmen ee gutt verstoppten Hiweis gëtt ze erkennen: “Source de données : atHome.lu”. Änlech d’Autossichmaschinn. RTL verheemlecht bei dësem praktesche Service natierlech (wéi meeschtens), dass et sech ëm Reklammen handelt. atHome erreecht sou dee gréissten accessibele Public vum Land – méi wéi all konventionell Reklamm jeemools kéint, si gi souwuel um Site, wéi mat „atHomeTV“ op der Tëlee als Deel vun RTL wouergeholl. atHome Group profitéiert also och nach vun der Kredibilitéit vun engem Sender, dee vum Staat den Optrag als „Service Public“ krut. Verstoppte Reklamm ass, et kann een et sech eigentlech schonn denken, am Fong och illegal - Art. 26 (5) vum Mediegesetz.

Mee RTL profitéiert natierlech och vun dësem Deal. Si hu stonnelaang Contenu op der Tëlee, mussen do also näischt selwer produzéieren. Doduerch, dass déi gréisst Sichmaschinn fir Immobilien an den eegene Site agebonnen ass, gëtt Trafic generéiert. Mee Trafic ass an dësem Fall net eleng eng abstrakten Zuel mat deem een dann nees aner Reklammsclienten dozou iwwerriet, op rtl.lu Publicitéiten ze schalten, Trafic dat sinn hei och Daten. Daten, déi wäertvollst Ressource vun der Welt (The Economist, 2017).

Deng Daten si gutt opgehuewen

Dass massiv Datë gesammelt ginn, a wat mat deenen Datë geschitt, gouf natirlech net beim der houfreger Verkënnegung vun den “joined forces” tëscht RTL an atHome erwäänt. D’Datë vu béide Partner sinn ëmmerhin immens, se loossen et zou der Bevëlkerung riicht an de Kapp, bzw. an de Portmonni ze kucken. An béid Datë kombinéiert? Wéi eng Artikelen huet sech eng Persoun duerchgelies, déi no engem Haus um Belair sicht? Bei RTL schwätzt een dowéinst net gären iwwer d’Sammelen an Auswäerte vun den Daten. Anescht ass dat bei der Agence Publicitaire vun RTL, der Schwësterfirma IP. Hei bretzt een sech reegelrecht bei de potentielle Werbecliente vun RTL, dass een duerch eng Partnerschaft mam gréissten Immobilieportal am Land Accès zu exklusiven Daten huet. „Zero and First Party Data“ géif IP vun RTL, mee och vun atHome veraarbechten. D’Online-Verhale vun de jeeweilegen User*inne kann dokumentéiert, Profiller erstallt an individuell Interesse kënnen erkannt ginn.

Mee wat sinn „Zero Party Data“ eigentlech. Dat kéinten Informatioune sinn, déi d’Cliente vun atHome a LuxAuto vertraulech dësem Service selwer uginn hunn. Hierkëmmlecherweis sinn dat Datë wéi den Numm, d’Adress, d’Geschlecht etc. Mee dacks geet et och ëm méi spezifesch Informatiounen, déi grad bei groussen Investitioune wéi engem Auto oder Haus da schnell immens brisant gi kéinten. atHome sammelt de Familljestatus, Akommes, wéini ee plënnert, wéi een alles finanzéiert etc. Ginn all déi Datë vun atHome eriwwer bei IP? Féiert IP dës Datë mat Datë vun RTL zesummen, mam Zil nach besser Reklammen op RTL schalten ze kënnen?

Too big to fail?

atHome Group an RTL kënnen sech an hire jeeweilege Quasi-Monopolstellungen einfach alles erlaben, et gëllen einfach guer keng Reegelen. Dobäi entsteet eng komesch Zort Verständnis vu Lëtzebuerg bei deem béid Firmen zesummen nei Realitéite kreéieren.

Sou publizéiert RTL zum Beispill een Artikel mam Titel „Wunnengsmarché: D’Immobiliëpräisser sinn erof an d’Loyeren erop gaangen“, an deem aktuell Statistiken iwwer d’Präisentwécklungen ageblent ginn. Et sinn awer net, wéi den Titel et vermudde léisst, d’Statistike vum Wunnengsmaart, mee einfach d’Statistike vun atHome.lu. RTL präsentéiert d’Grafiken aus der Matdeelung vun atHome an enger Billergalerie an erwäänt natierlech net, dass si selwer eng Werbepartnerschaft mat AtHome hunn. atHome ass hei keng Firma, déi vun all Nouvelle zum Wunnengsmaart direkt betraff ass, mee gëtt hei wéi eng Zort Logementsministère wierke gelooss. Si däerfen de Podium fir ee politesche Statement notzen: “atHome rechent dermat, datt 2024 en Iwwergangsjoer gëtt, wou d’Zënsen ufänken zréck ze goen. Déi steierlech Mesurë vun der Regierung kéinten d’Situatioun och verbesseren. 2025 kéint dann eng richteg Reprise kommen.”

Witzegerweis huet RTL hei deen zweeten Hallefsaz vergiess, atHome schreift eigentlech: “Les incitations fiscales proposées par le Gouvernement pourrait créer une relance à court terme, mais ne seraient pas suffisantes pour relancer le marché à long terme”. Mee dat wäert der gudde Stëmmung tëscht RTL an atHome sécher net schueden, kee kann hinnen eppes.