Photo: crash71100

Eng Erklärung vun der Online-Redaktioun

Mir erklären gären eis Aarbecht, déi heiansdo fir Laien schwéier novollzéihbar ass. RTL.lu huet do wonnerbar Aarbecht geleescht, zB. an deem Artikel an deem si erklären, firwat si praktesch gezwongen sinn Fotoen vun accidentéierten Autoen online ze setzen, wéinst der Pressefräiheet an engem doudege Kand, wat op der Plage läit. Hei e LINK.

Reegelméisseg gi mir gefrot, firwat mir Rapporten vun der Police kopéieren. Och gi mir gefrot, firwat mir net op mannst kennzeechnen, dat et sech bei Noriichten, déi mir publizéieren, ëm kopéiert Policerapporten handelt.

Dacks kommen esou Froe vu Leit, déi „de Pressecodex geliess“ hunn oder eben vu Leit, déi der Police net esou blann vertrauen wéi mir. Sollt dat elo bei Iech de Fall sinn, dann erlaabt eis, fir als éischt Äert Urdeelsverméigen ze hannerfroen. Dir sidd wahrscheinlech nees just rosen op d’Police, well se Iech wéinst Ärer Hautfaarw kontrolléiert, wéinst Ärer Hierkonft verdächtegt, sech un Ärem jonken Alter gestéiert oder Iech wéinst Ärem Geschlecht net seriö geholl huet. Dat sinn emotional Ausnamezoustänn, fir déi mir natierlech vollst Versteesdemech hunn. Och fir d’Redaktioun sinn Noriichten iwwer Police-Asäz keng News, déi ee kal loossen oder mat deenen ee liichtfankeg ëmgeet. Et si keng Informatioune wéi all déi aner. Trotzdeem wëlle mir och an esou Situatiounen eiser Flicht nokommen.

Firwat also kopéiere mir systematesch Policerapporten ouni se ze hannerfroen? D’Allgemengheet huet e Recht, eppes gewuer ze ginn, an d’Polizistinnen a Polizisten hunn eng Flicht z’informéieren. Also nee, Moment, d’Journalistinnen a Journalisten hunn eng Flicht z’informéieren. An d’Bedreiwer vun Internetsiten, déi a Konkurrenz mat aneren Internetsiten stinn, hunn d’Flicht méi séier ze sinn, méi Klicks ze generéieren an doduerch méi Bénéfice duerch Reklamm ze maachen. Wann also ee Police-Rapport opreegend, räissereg oder och just esou kléngt, dass eise Public aus Spaass drop klicke géif, dann hu mir se ze bréngen.

D’Police ass un deene Virfäll, iwwert déi se an hiere Rapporten beriichten, net just am bëschten informéiert mee suguer selwer involvéiert. Eng Reih vu Fäll an der Vergaangenheet hu gewisen, dass d’Police am Zweiwelsfall bereed ass Informatiounen an hiere Rapporten ze verdréinen, ze verfälschen oder och ganz erauszeloossen. Och weisen eng Reih vun Etuden dorops hin, dass d’Vue vu Polizistinnen a Polizisten eesäiteg a vu Stereotypen geprägt ass. Wann et ee Virfall gëtt ass et dowéinst jo och um Geriicht an net un der Police festzestellen, wat geschitt ass. Mee dat dauert! An eis Konsumenten hunn ee Recht ze wëssen, wat lass ass. An zwar elo.

Hei kënnt RTL1 an d’Spill. Geschitt eppes, wou d’Police vläit am Fehler si kéint, loosse mir d’Fangeren dovun. Mer beruffen eis natierlech op d’présomption d’innocence a maachen sou, wéi wann d’Press kee Recht hätt Mëssstänn a Crimen opzedecken, ier ee Geriicht driwwer entscheed huet. Et ass net un der Press fir de Staat ze kontrolléieren. Et ass un der Press op déi ze klappen, op déi de Staat klappt. An dat kënne mir op mannst sou gutt, wéi d’Police. Als Press hu mir de grousse Virdeel als eng Zort onofhängeg Instanz ugesinn ze ginn. Wann mir also de Police Rapport kopéieren an – ouni dat ze verroden – als News publizéieren, dann wierkt d’Duerstellung vun der Police, wéi wa mir als Presse sur Place gewiecht wieren an eis eegen Observatiounen matdeelen.

- Wéi eng Kritären gëtt et beim Kopéieren vu Police-Rapporten? Fir RTL1 Journalistinnen a Journalisten gëlt de Pressekodex. Hei kéint deen folgenden Artikel eng Hürde duerstellen:

Art. 8 De la présentation de l’information
[…]
b) Les communiqués de presse et autres communications officielles sont à identifier clairement comme tels afin d’éviter toute confusion avec des travaux journalistiques. Les journalistes s’engagent à ne signer de leur nom que les contributions qui ont été conçues par eux.“

Léisst sech d’RTL1 Online-Redaktioun awer vun sou engem Artikel vun hierer Aarbecht ofbréngen? Natirlech net. D’Reegele vum Presserot gëllen nämlech just fir de Journalismus – fir Journalsiten a Journalistinnen. Bei RTL1 schaffe ënner aneren aus dem Grond och nach normal Ugestallten. Si mussen sech dat enkt Korsett vun de journalistesche Qualitéitskritären net undinn. Wa mir also Police-Rapporten kopéieren, dann schreiwe mir als Autrice einfach „RTL1“ ënnert den Artikel a scho si mir aus dem Schneider.

- Wéi gesäit eis Aarbecht hei an der Praxis aus? Hei ass ee Beispill vun engem Police-Bulletin, deen esou un d’Press geschéckt gëtt. Dës Kéier esouguer een, an hallefweegs liesbarem Däitsch. D’Team vun RTL iwwerpréift als éischt d’gesellschaftlech Relevanz an den Noriichtenwäert. Am Fong ass et egal, wéi dës Iwwerpréifung ausgeet, den Site muss gefëllt ginn a Police-Noriichten mat Blo-Luucht-Feeling kommen ëmmer gutt un. Als nächstes ginn déi eenzeln Aspekter vun den Informatiounen iwwerpréift. Firwat hunn do zwee Persounen d’Trapenhaus verloosse sollen? Haten se wierklech ee Messer dobäi oder huet sech de Gardien vläit eng afale gelooss fir d’Police ruffen ze kënnen? Firwat huet d’Police eng Fahndung lancéiert, wéini gouf d’Police iwwerhaapt geruff a wéi huet sech déi Situatioun mat der Bedroung mam Messer eigentlech opgeléist? Huet d’Police deen nächsten Dag eigentlech déi nämlecht Persoun ugetraff? Hat déi dat Messer dobäi? Wat heescht „aggressiv Verhalen“ a wor et wierklech néideg de Mann um Buedem „z’immobiliséieren“? Op Basis vu wéi engem Virworf gouf de Mann verhaft an agespaart? Dëst sinn Froen, déi kee Mënsch sech stellt - vill méi sollte mir eis all freeën, dass d’Police nees eng Kéier gutt geschafft huet an eis Stroossen lo nees méi sécher sinn, wou esou ee geféierleche Brigang ewechgespaart gouf. Dowéinst décidéiere mir an der „Redaktioun“ dës Noriicht op Lëtzebuergesch z’iwwersetzen, eng Action-gelueden Tagline dofir ze fannen an se online ze setzen, Source: RTL.

Police-Bulletin: Festnahme nach Drohungen mit Messer und Rebellion gegen Polizeibeamte

„Am Abend des 10.12.2023 wurde der Polizei ein Zwischenfall in einem Parkhaus in der rue du Fort Wedell in Luxemburg-Stadt gemeldet. Nachdem ein Parkwächter zwei Personen aufgefordert hatte, das Treppenhaus des Parkhauses zu verlassen, hatte eine der Personen diesen mit einem Messer bedroht. Eine anschließende Fahndung seitens der Polizei verlief zunächst negativ, am folgenden Tag konnte allerdings eine Person, welche auf die Beschreibung des Täters passte angetroffen werden. Als der Verdächtige zur Dienststelle gebracht werden sollte, begann er sich jedoch äußerst aggressiv gegenüber den Polizeibeamten zu benehmen, weshalb er am Boden immobilisiert werden musste. Der Mann wurde auf Anordnung der Staatsanwaltschaft festgenommen und dem Untersuchungsrichter vorgeführt. Dieser erließ Haftbefehl.“

RTL.lu: Immobiliséiert a verhaft: Rebellioun géint Polizisten a Menace mat Messer géint e Parkhaus-Gardien

„E Sonndeg den Owend gouf et en Tëschefall an engem Parkhaus an der rue du Fort Wedell an der Stad. E Gardien an engem Parkhaus hat zwou Persounen opgefuerdert, d’Trapenhaus ze verloossen, wouropshin eng vun den zwou Persounen de Gardien mat engem Messer menacéiert huet. An enger éischter Phas war et de Polizisten net gelongen, déi gesichte Persoun z’ermëttelen. Den Dag drop gouf awer eng Persoun ugetraff, déi op d’Beschreiwung gepasst huet. Wéi de Verdächtegen op de Policebüro bruecht sollt ginn, huet dee sech nawell zimmlech aggressiv géintiwwer de Beamte verhal an huet mussen dowéinst immobiliséiert ginn. E gouf op Uerder vum Parquet festgeholl an hat Rendez-vous beim Untersuchungsriichter, deen en Haftbefeel erlooss huet.“