TELEE - De Kontext
Wéi eng Visioun fir d'Europäesch Unioun? Keng Urgence méi oder grad elo?
Dës Fro gëtt an eisen ëmmer méi schnellen an opgeluedenen Zäiten ëmmer méi wichteg.
Quo vadis, Lëtzebuerg. Kënne mer sou weidermaachen, wéi bis elo? Wat muss sech änneren? Wéi kënne mer dofir suergen, dass et net sou bleift? Wien ass dofir verantwortlech? Si mir villäicht all dofir verantwortlech, och wa mir oft net gären dohinner kucken, wëll et wéi deet? Oder ass et un der Zäit, dass d'Politik endlech eppes ënnerhëlt? Wien traut sech den éischte Schrëtt ze maachen? Brauch d'Land endlech eng Äntwert op déi Froen, déi mir zanter Jore stellen? D'Experte sinn do gedeelter Meenung. Ëm déi Froe goung et um Donneschden am Kontext op der Tëlee. Eng Diskussioun mat Experten am Virfeld vun der Orientatiounsdebatt déi, déi aner Woch en Donneschden an der Chamber stattfënnt. Méiglecherweis ass alles, wat iwwereg bleift, déi Verspriechen, déi am Koalitiounsaccord versprach gi waren. Wéi gi mir dat un, a wéi kënne mir als Gesellschaft eis virbereeden. Datt doraus näischt géif ginn, ass zimmlech séier wärend der Pandemie kloer ginn. Mä wier dat Verspriechen iwwerhaapt ëmzesetzen gewiescht och ouni Corona a Krich?
"Mir kommen aus eisem Elfenbeintuerm eraus, mir schaffen net méi just u Mechanismen a Modellsystemer, mä mir kënnen direkt mat Date vun de Leit schaffen. Dowéinst ass et ganz wichteg, datt mer och eng direkt Interaktioun mat de Mënschen opbauen. Deen Dräieck ass zentral an et ass och elementar, datt mer un d'Leit erukommen. Nëmmen da kënne mer zesummen eng besser Zukunft erdenken."
D'Invitéeën am Kontext
- Claude Wiseler, éischten ale wäisse Mann vum Land
- Claude Meisch, Superminister a Minister fir alles
- Michel Wurth, gesäit just aus, wéi wann e Läichen am Keller hätt
- Jean-Louis Siwek, weess näischt kann awer alles erklären
- Eric Thill, och mat dobäi wéinst der Nord-Quot
-
WouereschtdeetWei21.03.2024Kann een dann nach op eng Herdenimmunitéit bauen? Ech duecht, mëttlerweil wéisst een, dass d’Immunitéit 2-3 Méint unhält an een dann de Covid awer nees kréien kann?
-
Knadderhary21.03.2024Dat doen stemt tonnenweis Material an do goeuf zou gemeet ,ech war och demols zu Bettembuerg op WSA
-
NONDIKABES21.03.2024Et ass nach emmer een Genoss dem Här Juncker nozelauschteren. Ech hun nach haut deiwen Respekt virun him. Een ganz groussen Politiker. Alleguerten déi hien ofgeseet hun an no him komm sin, konnten him bis elo Wasser nach net reechen. An ech drecken dat do elo nach fein aus.
-
Kappressel21.03.2024No desem formidablen obtret kann ech just lo nach eppes soen. Macht wa der wellt. Sin frou das die eng keng skipist machen. An die anner net wessen wat se sollen machen ausser eis Bieger ob den Armenbüro ze schecken.
-
Matbierger21.03.2024Ohhh wie ist das schöön 💙⚒
-
luxusbuerger21.03.2024Mir setzten domadder elo erem der Belsch Grenzen, wou mer eis dach grad elo och driwer oprégen, dass d'Belsch d'Grenzen net well opmaachen ... wées Letzeburg iwerhaapt selwer nach waat et well ???