Photo: Images Money (CC BY 2.0)

Ass bei de Reklamme fir déi traditionell Medie scho laang de Pic erreecht ginn? Oder huet RTL mol nees eng raffinéiert Geschicht ausgeduecht fir u staatlech Gelder ze kommen.

Eent vun de Mäerecher, déi déi Responsabel vun RTL dem Lëtzebuerger Staat erzielt hunn ass dat, vun de Reklammsrecetten, déi erofgoe géifen. Grond fir dëse Problem wier ënner anerem d’Konkurrenz um Online-Werbemarché. An well all Mënsch lo intuitiv un déi grouss Konzerner Facebook a Google denkt, mécht sech Matleed fir eisen Traditiounsfernsehsender breet. Déi klassesch Reklammsspotten op der Tëlee sinn dach iergendwéi méi sympathesch wéi déi un d’Userprofiler ugepassten an an d’Feed eragepressten Reklammen op de sozialen Netzwierker, gell? Dëst Bild schéngt zumindest d’Politik am Kapp ze hunn, wou si sech decidéiert huet de Portmonni opzemaachen. Milliounen u Steiergelder fléissen dowéinst lo all Joers un d’CLT-UFA, fir d’RTL-Medien z’erhalen.

D’Zukunft vun de Reklammen

RTL Lëtzebuerg ass allerdéngs kee lokalen Traditiounsbetrib, mee eng Divisioun vun der CLT-UFA, engem Milliardeschwéieren Duechterkonzern vun RTL Group a vum Medienimperium Bertelsmann. Zur CLT-UFA gehéiert zum Beispill d’Firma AdConnect, déi och um Kierchbierg ugemellt ass. Zanter neistem bitt AdConnect Reklammsclienten un och op der Tëlee User-spezifesch Reklammen, baséierend op Geolocalisatioun ze senden. Dëst Virgoen ass Deel vun der Strategie vun RTL Group, fir mat neien, technesche Méiglechkeeten de Reklammsmarché fir seng Senderen nees méi interessant ze maachen.

RTL Group wor schonn ëmmer no un den neisten Entwécklungen. De Kaf a rezente Verkaf vu SpotX, enger Firma fir Internetreklammen, weist a wéi fern RTL Group déi modern Reklammstechnologien net als Konkurrenz, mee als lukratiivt Geschäft gesäit. Delano zitéierten den RTL Group a Bertelsmann Chef Thomas Rabe mat folgende Wierder: „Advertising technology remains a strategic priority for RTL Group. To successfully transform our business, two factors are particularly important. One is higher reach, in both linear and non-linear TV. The second is better monetisation of our reach, through targeting and personalisation“. An Zukunft wäert et deemno kaum méi een Ënnerscheed tëscht der Reklamm op der Tëlee an der Online-Reklamm ginn.

An zu Lëtzebuerg?

Hei am Land dominéiert RTL Lëtzebuerg net just de Mediemarché, mee och dee vun de Reklammen. Déi gréissten Agence Publicitaire am Land ass d’CLT-UFA Duechter IP. Eng Geolocalisatioun vu potentielle Clienten ass net néideg, well d’Medien zu Lëtzebuerg hei schonn eng ganz spezifesch Grupp uschwätzen: E Buttek muss keng Angscht hunn, Sue fir eng Reklamm ze bezuelen déi da bei Leit ukomme géif, déi ze wäit fort wunnen. Doduerch steet RTL relativ gutt do vis-a-vis vun der Konkurrenz vun de Sozialen Netzwierker. RTL mécht op alle Plattforme Milliounen u Reklammsrecetten, um Radio, op der Tëlee an och um Site rtl.lu. Am lukratiivsten ass de Radio an d’Tëlee géif RTL no ee groussen Defizit maachen. Mee wéi ass et mam Site rtl.lu?

Eigentlech missten och d’Finanze vun rtl.lu transparent gemaach ginn, ëmmerhin erfëllt dëst Medium och een „Service Public“. Eng richteg Trennung tëscht den Recetten um Site an deenen, déi duerch den Tëlees-Contenu erakommen ass schwéier hinzekréien, sou sent RTL zum Beispill Reklammen och am Replay vun den Tëlees-Emissiounen op rtl.lu. Offiziell Zuele ginn et vun RTL keng, wuel och fir ze verhënneren, dass déi staatlech Finanzéierung hannerfrot gi kann. De Site rtl.lu ass awer ee vun aacht Lëtzebuerger Sitten an déi dem rezentsten „AdReport“ no 2022 insgesamt méi wéi 16 Mio. € fir Reklamme gefloss sinn. Lo stellt sech d’Fro, wéi vill vun deene 16 Mio. € en tatsächleche Revenu vun RTL sinn. Well de Wäert vun de Plattforme fir Reklammsclienten an dësem Fall haaptsächlech vun der Unzuel vu Visiteure festzemaachen ass, kéint eng graff Schätzung gemaach ginn. RTL.lu huet ënnert deenen aacht Konkurrentinnen e Marchésundeel vu 35-40%, also kéinten eng 5,6 bis 6,4 Mio. € a Reklammen op dësem Site fléissen. Allerdéngs bitt de Site rtl.lu wesentlech méi Contenu an och wesentlech méi Méiglechkeete fir Reklamm ze maachen un. Dowéinst kann een dovunner ausgoen, dass den Undeel vun RTL.lu nach eng Kéier e gutt Stéck iwwert dësem Montant leit.

Transparenz ass dringend noutwenneg

Et stellt sech bei RTL insgesamt d’Fro op de Staat eigentlech wierklech ee Profit ausgläicht oder awer engem Konzern nach méi grouss Profitter sponsert. Et schwätzt näischt dofir, dass d’Publicitéitsrecetten vun RTL zeréckgoe géifen, et schwätzt näischt dofir, dass RTL sech net un déi nei Technologien adaptéiert kréie géif fir nach méi effektiv Reklamme verkafen ze kënnen.