Photo: Hush Hush (CC BY 2.0)

Pscht! Dat duerf natierlech kee wëssen. Op alle Fall keen zu Lëtzebuerg.

Wéi maachen si dat nëmmen? Bis zu 15 Milliounen Euro all Joer vum Staat kréien an et freet einfach kee kritesch no. Wat maacht Dir falsch a wat mécht RTL richteg, fir sou ee Succès ze hunn? Mir verroden Iech den Trick.

Jéimeren, kräischen a sech de Batti stellen: Reklamme bréngen näischt méi an

An dem Finanzéierungsgesetz fir RTL vun 2022 gëtt duergeluecht, wat d’Grënn vun dëser Subventionéierung sinn – firwat dës Privatentreprise onbedéngt, ganz dréngend, staatlech Sue brauch. Also Steiergelder. Ee vun den genannte Grënn: Reklamme wieren net méi rentabel. Also, genee geholl: Reklamme versprieche kee Wuesstum méi. Héiert der dat Gesouers? Wuertwiertlech heescht et an der Begrënnung vun RTL (aka CLT-UFA) am Gesetzestext: „les revenus générés par la publicité ont atteint leur pic.“

Dat ass natierlech interessant, wëll bei deene meeschten Entreprisë sinn d’Recettë vun de Reklammen am Joer vum Covid-Ausbroch nämlech net op engem „pic”, also engem Héichpunkt. Éischter sinn se drastesch no ënne gaangen. Dat ass och logesch z’erklären: Wärend der Pandemie konnte vill Entreprisë mat hiren Aktivitéiten net wéi gewinnt weiderfueren, vill Etablissementer missten zou maachen an et konnt ee manner ausginn. Vill Entreprisen hunn also fir d’Éischt bei de Reklamme gespuert.

Mee dat wëll RTL natierlech net soen. Well wie seet, dass d’Publiciteitsrecettë wärend der Pandemie agebrach sinn, de seet och: Dës Recettë wäerte mat der Zäit nees klammen. Pscht! Dat dierf natierlech kee wëssen. Op mannst net zu Lëtzebuerg. Soss hätt ee jo manner Argumenter fir u Staatsgelder ze kommen.

„The advertising markets recover“

Wa Lëtzebuerg awer grad net nolauschtert, zéckt net mol den RTL-GROUP Chef a Bertelsmann-CEO Thomas Rabe, d’Kand beim Numm ze nennen: „We are convinced that investing through the cycle will put us in a strong competitive position when the advertising markets recover.“

lénks: Projet de loi N° 7914 | riets: Screenshot Facebook RTL Group

Ah, sou ass dat? De Marché fir Reklamme wäert sech also erhuelen, et ass een souguer „convinced”! Sou convinced, dass een dorauser souguer ee Sharepic fir d’Sozial Medie mécht. Dës Feststellung mécht den Thomas Rabe iwweregens zwee Joer nodeems d’Gesetz formuléiert gouf. Dee Moment ass glécklecherweis de Staatsvertrag zu Lëtzebuerg schonn an drëschenen Dicher: RTL kann ab 2024 bis zu 15 Milliounen d’Joer kréien.

Uff. Gouf de Staat hei hannert d’Luucht gefouert? Mat engem Schäinargument an ënner falschem Prétexte? Schliisslech haten d’Parlamentarier jo guer keng Méiglechkeet déi Saach z’iwwerpréifen oder ze kontrolléieren. Oder? Also ausser natierlech, se hätten ee Bléck an d’Bilanze vun der Firma IP geworf – déi RTL-Entreprise, déi zu Lëtzebuerg de Reklammsbusiness mécht. Zoufällegerweis sinn dës Bilanzen am Registre des Commerces ëffentlech ze fannen.

Och zu Lëtzebuerg geet et dem Publicitéitsmarché sou gutt wéi nach ni

Quell: IP Balance Sheets

Heielei Kuckelei – ee Bléck an d’Bilanze vun de leschte Joer weist: Den Ëmsaz (lescht Kolonn ganz riets, t’ass gär geschitt) vun IP variéiert tëscht 33 a 34,5 Milliounen Euro. Réischt am Corona-Joer 2020 briecht den Ëmsaz dann an, a läit „nëmmen” nach bei 27,5 Milliounen Euro. Wéi een awer un den Zuele vun der IP gesi kann, heescht dat net, dass IP an deem Joer kee Profit generéiert hätt. Am Joer 2022, deem Moment vun den „les revenus générés par la publicité ont atteint leur pic“-Krokodilstréinen, kann een allerdéngs schonn eng Erhuelung constatéieren. Dass sech de Publicitéitsmarché erhëlt, an dat och bei der Tëlee, ass och aus den Zuele vum AdReport erauszeliesen.

Erhuelen heescht iwweregens net, dass se sech stabiliséieren, mee et souguer biergop geet. Dowéinst ass d’Argumentatioun vun RTL zu Lëtzebuerg, fir u staatlech Suen ze kommen, sou oder sou problematesch. Nëmme well Reklammsrecetten – angeblech! – net mei wuessen, pocht RTL elo op méi staatlech Hëllef. Dat ass, wéi wann Dir als Bäcker all Dag méi Bréidercher verkafe géift, bis der bei 200 Bréidercher den Dag ukomm sidd. Mee, oh mei, elo ginn et der net méi méi all Dag. Wéi soll een dann sou räich ginn? Wéien Staat gëtt engem dann do lo ee Subside, fir weider d’Aktionariat beglécken ze kënnen?

Ee schreckleche Verdacht kënnt op: Stellt RTL seng Profitter wa méiglech vill méi schlecht duer, wéi se a Wierklechkeet sinn? A keen iwwerpréift, op dat iwwerhaapt stëmmt? Dir hutt den Trick verstanen! Dann sidd och dir elo bereet fir selwer dat gréisst Medienimperium an Europa ze grënnen.