Photo: Jim Makos (CC BY-NC-ND 2.0)

RTL wëll keng Informatiounen iwwer d’Publicitéitsrecetten vun RTL Radio Lëtzebuerg publizéieren. De Verdacht verhäert sech, dass Milliounen u Recettë verstoppt ginn, fir dass de Staat méi bezilt. RTL Eent huet fir iech nogerechent.

RTL Lëtzebuerg ass jo bekanntlech staark defizitär, well d’Tëlee sou deier wier. Dat sot de Christophe Goossens, CEO vun RTL der zoustänneger Chamberskommissioun. Dat sot de Xavier Bettel (DP), deen als deemolegen Medieminister d’Finanzéierungsgesetz vun RTL op de Wee bruecht huet. An dat seet och den Tom Weidig (ADR), deen als eenzegen Deputéierten de Moment Abléck an d’Finanze vun RTL huet. Mee wat wier eigentlech, wann de Radio vun RTL Lëtzebuerg Profit maache géif?

RTL Radio Lëtzebuerg ass Deel vum Service Public

2017, beim der Chamberdebatt ronderëm déi viregt Konzessioun, hunn RTL a Xavier Bettel nach betount: „Wuel hätt een iwwer d’Zukunft vu Radio Lëtzebuerg geschwat, an der Konventioun wier hei och Verschiddenes geännert ginn, mä kloer wier, dass just Télé Lëtzebuerg finanzéiert gëtt, widderhëlt de Premier, fir deen d’Differenz tëscht Tëlee a Radio elo méi kloer ass. RTL Radio Lëtzebuerg ass keen ëffentlech-rechtleche Radio a soll dat och net ginn.“

Net laang duerno wor alles anescht. Am Mee 2021 präsentéiert de Xavier Bettel deen nächste Konzessiounsvertrag an der zoustänneger Chamberskommissioun esou: „Les services de radio seront pour la première fois intégrés dans la convention à part entière. Cet élargissement reflète la réalité « cross-media » de la société tout en s’alignant sur les obligations en matière de transparence financière.“

Domadder ass schlussendlech awer eng Realitéit unerkannt ginn, déi virdrunner nach vehement souwuel vum Staat wéi vun RTL bestridde ginn ass. An zwar, dass sech bei RTL de Radio an d’Tëlee souwisou vermëschen. D’Vermëschung geschitt inhaltlech, materiell an och personell. Esou si beim Presserot zum Beispill 9 RTL Journalist*innen souwuel fir Radio a fir d’Tëlee agedroen. Den Internetsite rtl.lu gëtt vun alle Mediesparten genotzt an d’Inhalter si souwuel um Site, um Radio wéi op der Tëlee dacks déi nämmlecht.

Transparenz?

D’Transparenz bei de Finanze vun RTL Lëtzebuerg, vun der de Xavier Bettel geschwat huet, gëtt et awer net. Dat läit éischtens dorunner, dass RTL Lëtzebuerg keng eegestänneg Firma ass, mee en Deel vun der CLT-UFA, engem Milliardeschwéiere Konzern vu Bertelsmann. En Abléck an d’CLT-UFA-Konte geet deemno net duer.

An engem rezente Land-Artikel vum leschte Joer wollt sech den CEO Christophe Goossens net zum chiffre d’affaires vun RTL-Lëtzebuerg äusseren. Op hien esou Informatiounen iwwerhaapt zeréckhalen däerf, ass wuel eng juristesch Fro, déi et nach ze klären gëllt. Ëmmerhi geet et net nëmmen ëm ee Privatkonzern, mee ëm ee „Service Public“.

Allerdéngs sollt een dem Christophe Goossens besser net vertrauen: Seng Zuelen hunn sech schonns eng Kéier als problematesch erausgestallt. Der Chamberskommissioun gëtt hien 2020 e.a. vill ze niddereg Tëlees-Publicitéitsrecetten un, an zwar 6 Mio. amplaz deene vun tatsächlech iwwer 8 Mio.

D’Land zitéiert dann de Rapport vun RTL Group, dem direkte Mammekonzern vun der CLT-UFA. Am Bilan 2022 steet hei just ee Saz: „The revenue generated in Luxembourg amounts to € 91 million (2021: € 75 million)“. Mat der Info kann een awer näischt ufänken, well domadder wuel just den „Revenue from external customers“ gemengt ass, an onkloer ass, wéi eng weider Firmen, wéi zB. d’BCE, d’IP oder Eldoradio, hei abezu goufen.

Bei deene méi opschlossräichen Zuelen am RTL Group-Rapport zu Publicitéitsrecetten ginn d’Aktivitéite vum belschen an hollänneschen RTL zesumme mam lëtzebuergeschen RTL an een „Benelux“-Dëppe geheit ginn. Et ginn also keng ëffentlech Zuelen zu de Finanze vun RTL Radio Lëtzebuerg. Oder?

Ass RTL Radio Lëtzebuerg defizitär?

Déi eenzeg offiziell Zuelen, déi fir RTL insgesamt virleien, sinn déi aus enger Tabell am aktuelle Konzessiounsvertrag. D’„Recettes publicitaires net“ vum gesamten RTL géinge fir 2024 bei 15,5 Mio € leien. Der Konzessioun vu virdrunner no, déi just d’Zuele vun der Tëlee liwwert, louchen d’Publicitéitsrecetten vun der Tëlee 2023 bei 9,2 Mio. € Et ass net dovunner auszegoen, dass et am Zäitraum 2022 - 2024 staark Schwankunge gouf. Eng 6,3 Mio € Publicitéitsrecetten missten also iwwer Radio an Internet erakommen, fir dass d’Rechnung vun RTL opgeet.

D’Ausgaben (net ze verwiessele mat de Recetten) fir Publicitéit ginn all Joers zu Lëtzebuerg am sougenannten „Ad’Report“ opgelëscht. Kann een dësen Zuelen trauen? Dëse Rapport baséiert ëmmerhin op Zuelen, déi ë.a. vun der IP, der Regie Publicitaire vun RTL, agereecht ginn. Si kommen also praktesch aus éischter Hand. E Bléck op dee rezentste Rapport weist, dass 2022 eng 12,6 Mio € fir Tëleesreklammen ausgi goufen, eng 24,7 Mio. fir Radio an eng 16,2 Mio. fir den Internet. Eléng d’Verhältnisser tëscht Tëlee, Radio an Internet an dësem Rapport misste fir Verwonnerung suergen: méi wéi dräi mol souvill Sue ginn zu Lëtzebuerg fir Radio an Internet ausgi wéi fir d’Teleespublicitéit. An awer wieren d’Publicitéitsrecetten vun Internet a Radio zesumme bei RTL wesentlech méi niddreg wéi déi vun der Tëlee? Och d’Verhältnis vun den Ausgabe fir Publicitéit am Ad’Report an de Publicitéitsrecetten am Konzessiounsvertrag wierke verdächteg: Fir d’Tëlee ginn 12,6 Mio. € ausginn, als Recettë verbucht RTL awer just 9,2 Mio. €? Kann dat un den héije Produktiounskäschte fir Tëlees-Spotte leien? Gewosst ass jo awer, dass d’Produktiounskäschte fir een TV-Spot wesentlech méi héich sinn, wéi fir ee Radiosspot - dat schwätzt nach eng Kéier fir méich héich Radios-Recetten. E Bléck an d’Detailer lount sech.

Bei der Tëlee gëtt et am Ad’Report just een eenzegt Referenzmedium - an zwar RTL Tëlee Lëtzebuerg. Beim Radio ass d’Siicht op deen éischte Bléck net sou kloer: Hei kombinéiert den Ad’Report eegenen Aussoen no d’Zuele vun Eldoradio, L’essentiel Radio a Radio Latina mat deene vun RTL Radio Lëtzebuerg. Dat heescht awer net, dass doduerch keng Ausso iwwer d’Recettë vun RTL Radio Lëtzebuerg gemaach gi kënnen - am Géigendeel.

De Radiosender ass de Gold-Iesel vun RTL Lëtzebuerg

Souwuel fir Eldoradio wéi och fir L’essentiel Radio ginn et nämlech offiziell Bilanen. Eldoradio huet hirem eegenen, ëffentleche Bilan no am Joer 2022 2,8 Mio. Recettë mat Publicitéit gemaach an L’essentiel Radio sengem Bilan vun 2022 no 1,1 Mio. €. Bleift nach Radio Latina, déi een wesentlech méi klenge Marchésundeel hunn. Wann ee lo Marchésundeeler oder och d’Präisser fir Publicitéit vergläich (bei Eldoradio zu Spëtzenzäiten 242€ fir 30 Sekonnen, bei RTL Radio Lëtzebuerg 880€) kann een ufänke Schätzungen opzestellen. RTL Radio Lëtzebuerg huet duebel esouvill Nolauschter*innen wéi Eldoradio an en plus eng méi räich Clientèle. Et missten an der Logik also mindestens 6 Mio. Publicitéitsrecetten bei RTL Radio Lëtzebuerg ginn. Allerdéngs huet RTL Radio Lëtzebuerg mat Publicitéits-Reportagen an opwännege Spiller wéi zB. „Viva Vakanz“ dach nach wesentlech méi divers Quellen. Leien d’Recettë beim Radio iwwert de 6 Mio. €?

Och mam Bléck op den Ad’Report dierft et souguer nach ee gudde Krack méi sinn. Den Undeel vun den Ausgabe fir Tëleespublicitéit, déi herno als Recettë bei RTL ze verbuche sinn (also Zuele vum Ad’Report 2022 vs. Zuelen am Konzessiounsvertrag fir d’Joer 2022) läit bei 70%. Bei Radiospublicitéitsausgaben misst et nach wesentlech manner Produktiounskäschte ginn. Mee fir eng ganz konservativ Schätzung ze maachen, kann een och hei déi 70% uwenden. Et missten deemno 2022 17,5 Mio € Publicitéitsrecettë bei de Radioen ukomm sinn. Dovunner ginn der 2,8 un Eldoradio, 1,1 un L’essentiel Radio a vläit eng 0,6 u Radio Latina. Et géifen der min. 13 Mio. fir RTL Radio Lëtzebuerg u Publicitéitsrecetten bleiwen, mat méi niddrege Produktiounskäschte souguer éischter 18. Dës Recettë misste lo eigentlech op d’Recettë vun der Tëlee an op déi vum Site rtl.lu dropzerechnen sinn.

Ee schlëmme Verdacht

Wéi een et och dréit a went, an och wann een natierlech sämtlech Zuelen, op deenen hei elo Schätzunge gemaach goufen, natierlech hannerfroe muss, eppes steet kloer: d’Rechnung vun RTL ka guer net opgoen. D’Publicitéitsrecetten, déi an der Tabelle vum Konzessiounsvertrag genannt goufen, ëmfaasse just een Deel vun alle Publicitéitsrecetten vun RTL Lëtzebuerg. Firwat ginn also verschidde Recetten net opgelëscht? Mécht RTL Recetten ausserhalb vun deenen Deeler, déi als „Service Public“ zielen? Mee wéi eng Deeler sinn dat a wéi sinn déi getrennt vun deenen aneren Deeler? Am Konzessiounsvertrag ass esou eng Trennung net virgesinn an an der Praxis ass sou eng Trennung guer net méiglech.

Vu bausse gekuckt weist jiddwerfalls alles dorops hin, dass RTL Lëtzebuerg insgesamt keen Defizit mécht - an dass RTL Radio Lëtzebuerg bei Wäitem dat Medium mam héichste Profit am Land ass. Brauch RTL also iwwerhaapt déi staatlech Gelder fir z’Iwwerliewen? Oder mécht RTL mat Hëllef vu staatleche Gelder e méi grousse Profit? E Profit, deen net an den Ausbau vum Programm an an d’journalistesch Aarbecht fléisst, mee an de milliardeschwéieren Bertelsmannkonzern?
Dat missten de Christophe Goossens, de Xavier Bettel, den Tom Weidig mee och d’Beamt*innen am Medienministerium souwéi déi nei Medieministere Luc Frieden an Elisabeth Margue wëssen, déi Zougank zu de verstoppten RTL-Zuelen hunn.