Photo: Anouk Antony

RTL hat Joerzéngte laang eleng d’Monopol um Radio zu Lëtzebuerg, a genee do wëllen se och nees hin zeréck. Gedriwwe vu kommerziellen Interesse geet RTL dobäi iwwer (Sender-)Läichen.

Mam Mediegesetz vun 1991, dat wéinst enger EU-Direktiv néideg ginn ass, gouf eng éischte Kéier zu Lëtzebuerg de Monopol vun RTL op de Radiosfrequenze gebrach. E Schock-Moment fir dee bis dohin eenzege Radio zu Lëtzebuerg. International hat RTL sech genee dës Radios-Liberaliséierung gewënscht fir an aneren europäesche Länner d’Monopol vun den ëffentlech-rechtleche Medien ze briechen a mat kommerzielle Medie gutt Geschäfter maachen ze kënnen. Mee zu Lëtzebuerg wollt RTL seng eege Privileegien awer net opginn. Zanterdeem kämpft RTL zu Lëtzebuerg mat allen Tricks, fir säi Monopol nees zeréck ze kréien.

Dobäi si Mediemonopoler Gëft fir d’Demokratie an de Meenungspluralismus. Lëtzebuerg kritt all Joer nees déi rout Kaart am Media Pluralism Monitor vun der EU gewisen. Geännert huet dat näischt, gutt Europäer*inne si mir Lëtzebuerger*inne jo just, wann et eis an de Krom passt. Et gëtt allerdéngs net just géint europäesch Riichtwäerter verstouss, mee och géint national Gesetzer. Wéi konnt a kann sech RTL trotzdeem einfach ëmmer nees behaapten?

D’Lëscht vun de Radiossender ass kuerz

Fir zu Lëtzebuerg een „nationalen“ Radiossender bedreiwen ze kënne waren historesch gesinn an och nach haut FM Frequenzen néideg - a vun deene ginn et der net ganz vill. Bis 1991 waren all déi „gutt“, dat heescht flächendeckend national Frequenzen, an der Hand vun RTL. Aner Sender, zum Beispill d’Radio-ARA Virgängerin „Radio Grénge Fluesfénkelchen“ hunn als Piratesender am Fong illegal gesent a missten dat souguer vum Ausland aus maachen. 1992 sinn da 5 Frequenze vun RTL fräigelooss ginn an endlech gouf et Alternativen: Nieft dem Radio ARA (deen zwou ganz schwaach Frequenze krut) wor dat den DNR, de Radio Latina an Eldoradio. De Radio 100komma7 ass éischt méi spéit an no laangem Sträit dobäikomm a wor als éischt souguer am RTL Nomëttesprogramm ënnerbruecht. Ier dass den 100komma7 seng Frequenz krut huet RTL kloergestallt, dass dës potentiell geféierlech Konkurrenz keng Reklamme senden duerft, als zumindest um Publicitéits-Marché keng Gefor wier.

Eldoradio

Eldoradio ass als „Luxradio S. à r.l.“ eng Privatfirma, déi enger Multitude vun Aktionär*innen gehéiert huet. Uganks waren dat zum Beispill Voyages Flammang, Polygraphic Services International S.A., Soparad Holding S.A. mee och d’Revue (déi duerno Deel vun Editpress also „Tageblatt“ ginn ass) a souguer de Verlag vum „Lëtzebuerger Land“ (Quell: Agefi, 2000).

1998 keeft sech d’CLT-UFA, d’Firma hannert RTL, an d’Kapital vu Luxradio S. à r.l., also Eldoradio an, an iwwerhëlt Stéck fir Stéck méi Undeeler vun dësem Konkurrenzsender. Deen leschten Undeel hëlt sech RTL am November 2019, sou dass dës Firma lo zu 100% der CLT-UFA gehéiert. D’Kontrollbehörd ALIA, déi u sech de Mediepluralismus verdeedege soll kommentéiert dëse Virgank domat, dass et keng juristesch Grondlag gi géif, fir deen Deal ze verhënneren.

DNR, RTL2 an L’essentiel Radio

„Den neie Radio (DNR)“ wor uganks déi villverspriechendste Konkurrenz zu RTL, ëmmerhi stoung mam Saint Paul Verlag, der Firma hannert dem „Luxemburger Wort“ dee gréisste Medien-Konkurrent vun RTL hannert dem DNR. Iwwer d’Joren huet RTL et awer gepackt de Publicitéitsmarché zu Lëtzebuerg, haaptsächlech duerch déi eege Regie Publicitaire IP därmoossen ze dominéieren, dass den DNR sech net hale konnt an d’Luxemburger Wort, selwer vun der Pressekrise ergraff, no engem Wee gesicht huet dëse Projet ze beendegen. RTL huet offensichtlech just op dee Moment gewaart an d’Pläng fir ee franséischsproochege Radio mam Numm „RTL2“ op den Dësch geluecht, dës Propose ass awer vun der ALIA blockéiert ginn, well se deen am urspréngleche Konzessiounsvertrag vum DNR virgesinnen Optrag komplett verännert hätt an en plus de Public vun deem Sender op Leit ausserhalb vum Grand-Duché ausgeweit hätt. Dat wor d’Enn vum DNR, et gouf een Ofschloss-Message an deem d’Dominanz vun RTL als e vun de Grënn vum Ënnergank genannt gouf.

Et wor awer net d’Enn vum Versuch vun RTL souwuel Kontroll iwwert déi Frequenzen zréckzekréie wéi och dee franséischsproochege Marché unzeschwätzen. 2016, also kuerz drop huet sech d’Firma „Radiolux S.A.“ gegrënnt an eng Ufro fir eng vun den DNR-Frequenze gestallt. D’CLT-UFA wor do mat u Bord an hält 25% vun den Aktien. Zwar huet d’ALIA speziell Oplagen erlooss, fir dësen neie Radiosender organisatoresch an inhaltlech vun RTL ze trennen, schlussendlech sëtzt RTL awer och hei nees mat um Dësch. 2019 séchert sech den Essentiel Radio eng weider oppe Frequenz a verhënnert do, wéi vun RTL gewënscht, eng weider Kéier d’Opkomme vu potentieller Konkurrenz.

Radio ARA an ARA City Radio

De Radio ARA, bzw. d’Bedreiwergesellschaft „Alter Echos S.A.“, ass deen eenzegen „Fräie Radio“ am Land. Et ass en Zesummeschloss vu fräiwëllege Radiosbegeeschterten, deem vum Educatiounsministère finanzéierten „Graffiti“-Programm vun a fir Jonker an de villsproochege Sendunge vun „ARA International“. De Radio ARA huet eigentlech vun Ufank un ëmmer ëm säin Iwwerliewe gekämpft a wor vill ze kleng, fir dass sech RTL grouss um Amateurs-Sender hätt stéiere missten. Finanzéiert huet sech de Radio ARA doduerch, dass mat „ARA City Radio“ engem kommerziellen, engleschsproochege Sender d’Sendezäit vu Moies fréi bis Mëttes um 14h00 verlount gouf.

Wou RTL bis um plange wor fir mat „RTL Today“ mëttelfristeg een eegenen engleschsproochege Sender opzebauen, waren d’Deeg vun „ARA City Radio“ allerdéngs gezielt. Eng Rëtsch vu Moderator*innen, déi „ARA City Radio“ forméiert hat, goufe vun RTL ofgeworben. Well och d’Publicitéitsrecetten onstabil waren, wor 2020 Schluss mat ARA City Radio. Radio ARA, déi hier Finanzéierungsquell verluer hunn, ass op d’Barrikade gaangen an huet no längerem politeschen Hin-an-hier mathëllef vun engem staatleche Subside gerett gi kënnen. Duerch den neie Vertrag tëscht CLT-UFA a Staat kritt de Radio ARA awer och a sengem eegenen Tätegkeetsfeld, z.B. der Medienpädagogik an der Zesummenaarbecht mat der uni.lu Konkurrenz vun RTL.

Radio Latina

E Radio deen sech un déi italieenesch-, spuenesch a virun allem portugiseschsproocheg Communautéite riicht wor zu Lëtzebuerg zwar dringend néideg, mee net onbedéngt lukrativ - also ni wierklech  interessant oder geféierlech fir RTL. Kuerz virun der Liberaliséierung vun de Frequenzen ass RTL trotzdeem mat engem eegene portugiseschen Programm on Air gaangen, et wor de Felix Braz, spéidere Justiz-Minister, deen iwwer ee kuerzen Zäitraum op portugisesch op RTL Noriichte moderéiert huet. E kuerze Bluff mat deem RTL probéiert huet de Besoin vun Alternativen erofzespillen. Eescht gemengt wor dat awer ni. Radio Latina gehéiert deelweis och zur Mediegrupp vum „Luxemburger Wort“, fréier Saint Paul, elo Mediahuis.

RTL Radio 97,0 & 93,3

Den däitschen RTL gehéiert wéi RTL Lëtzebuerg zu RTL Group a gëtt vu Berlin aus gestallt. Genee wéi RTL Radio Lëtzebuerg an Eldoradio ass och hei d’IP fir de Verkaf vu Reklammen zoustänneg.

Am Gesamtbild gehéieren der CLT-UFA also d’Nummer 1 (RTL Radio Lëtzebuerg), d’Nummer 2 (Eldoradio) an d’Nummer 4 (RTL Radio 97,0 & 93,3) an si besëtzen Undeeler un der Nummer 3 (L’essentiel Radio). Déi rechtlech Radioen, Radio Latina, 100komma7 an Radio ARA, erreechen zesummen net emol 10% vum Public zu Lëtzebuerg a stelle keng Konkurrenz fir RTL duer.

Geet nach méi?

Mee RTL wier net RTL, wa se sech mat hierer extreemer Dominanz zefridde gi géifen. RTL weess, dass et bei der Kontroll iwwert de Marché schonn 1991 ëm d’Kontroll vun de Frequenzen gaangen ass. D’Frequenzen, déi nach Analog iwwer Antenne bedriwwe ginn, sinn wuel geschwënn vereelst, an dem Medienministère no wier d’Technologie „DAB+“ d’Zukunft fir Radioprogrammer ze senden. RTL brauch also d’Kontroll iwwert den DAB+, an déi si si sech schonns amgaangen ze sécheren.

Den DAB+ Multiplex wäert aller Viraussiicht no vun der BCE en place gesat ginn, déi och schonn d’Testphase fir de Ministère duerchgefouert hunn. D’BCE ass selbstverständlech eng weider Duechterfirma vun der CLT-UFA. D’Plazen um Multiplex si limitéiert, an RTL ass mat den neie Web-Radioen „RTL Gold“, „RTL Today“ an „RTL LX“ pénktlech an de Startlächer fir sech sou breet wéi méiglech ze maachen.

Hiweis aus Transparenz-Grënn. Richtung22, déi Grupp déi dësen Internetsite ogebaut huet, hat eng Sendung an de Jugendsendungen „Graffiti“ um Radio ARA, an zwee Mataarbechter*innen vu Richtung22 hu virdrunner fir Radio ARA, bzw. de Radio ARA Projet „Radio Art Zone“ geschafft. Zanter iwwer engem Joer gëtt et keng direkt Verbindung méi tëscht Richtung22 a Radio ARA. Eenzel Memberen vu Richtung22 kooperéiren awer nach am Kader vun diversen Projeten mam Sender.