Photo: Kristin Wolff (CC BY 2.0)

Dir waart scho laang drop, dass dat gréisste Medium am Land endlech mol urifft an Är Firma oder äre Business portraitéiert? Mee et geschitt einfach net? Kee Problem, et gëtt do eng Léisung. Kommt och Dir endlech ganz grouss raus.

Hutt Dir Iech schonn eng Kéier selwer interviewt? Nee? Da gëtt et héich Zäit! Huelt bëssi Suen an de Grapp a went Iech direkt un d’RTL-Redaktioun, bezéiungsweis un d’Reklamms-Firma IP – also am Fong ass et egal, well déi sëtzen an de selwechte Büroen, hunn déi selwecht Telefonsnummer a kënnen sech selwer am Fong kaum auserneen halen.

Wann d’Zomm stëmmt, gëtt Ären Eegen-Interview ouni Problem a Form vun engem ganz normalen RTL-Artikel publizéiert. Déi gutt Noricht: Dir kënnt alles verbreede, wat Dir wëllt! Reklamm fir Är Entreprise, iergendwellech Hallefwoureschten iwwert en Thema wéi Wirtschaft oder Klimawandel… ganz egal.

Gewannspill: Fannt och Dir de „Sponsored Content“-Hiweis

Den „Chief Strategist“ vun der Quintet Private Bank, de Nicolas Sopel, weist Iech, wéi et geet: Um Header-Bild ass - natierlech hien. An der Iwwerschrëft steet: „The world in 2024: Global investment outlook“. Lo kritt een also den Androck, RTL hätt en Expert zu finanzwirtschaftlechen Entwécklunge befrot. Den Text gesäit eben och aus wéi en Interview. D’Schrëft an de Layout sin exakt sou wéi an all den aneren Artikelen. Wéi an engem RTL Interview ginn et Froen a Fettschrëft, an dorops follegen Ofsatzbléck, déi wéi Äntwerte wierken. Réischt méi spéit mierkt een, dass d’Fettschrëft ganz belibeg gesat sinn an dass dat Ganzt also awer e komplett selwer geschriwwenen Text ass.

Huet hei ee Reklamm gesot? Nee - déi ass dach an der Spalt ganz lénks.

Dat Praktescht ass: Bei sou engem Selbstportrait brauch ee keng Angscht viru kriteschen Nofroen ze hunn. Dir denkt elo: Bei RTL ginn et dach souwisou keng kritesch Nofroen! Wou ass also den Ënnerscheet? Eng ganz treffend Observatioun. An trotzdeem hutt Dir bei enger kompletter Selbstinzenéierung einfach nach vill méi Fräiheeten, selwer en Thema ze setzen. Vläit ass et och esou, dass Dir laang ronderëm souzt an op eng RTL- Interviewufro gewaart hutt, déi einfach net komm ass. Wann dat de Fall ass, da bezuelt een ebe fir déi laang erseente Siichtbarkeet. An zwar net als Reklamms-Banner um Rand vun der Säit, nee! Mee als ganz normalen Artikel an all deenen aneren RTL-Artikelen.

Nach e Rätsel: Wat gesäit een hei? Objektiv Artikelen oder „gesponsert“ Lalux Reklamm?

Dat schéint ass: Als RTL-Artikel erschéngt dat, wat Dir do braddelt, op eemol an engem Liicht vun Objektivitéit an Neutralitéit. Ass jo Press. Et ass zwar net vun der Press geschriwwen, mee et gesäit eben sou aus. Fir dass dat mat der Reklamm net sou opfält, street den Här Sopel e puer Zitater vu griichesche Philosophen an déi éischt Ofsätz, déi e warscheinlech 5ème auswenneg geléiert huet. „Ech weess, dass ech näischt weess“. Et läit schliisslech op der Hand, dass de gudden ale Sokrates domat schonn deemools als hellseeresche Genie d’FinTech-Branche an den Investment-Business gemengt huet. Einfach deep.

Ob dat alles wuel ënnert heemlech Reklamme fält, déi jo eigentlech gesetzlech verbuede sinn? Mee wouhier: Et gëtt jo uewen de butzegen Hiweis, dass et „sponsored content“ ass. Déi onobmierksam Lieser*inne wäerten dat net gesinn, mee rechtlech ass RTL domat - hoffentlech?! - op der sécherer Säit, stëcht sech d’Täsche voll, an d’Autoritéiten hu bis elo och näischt gesot. Dozou passt en déifgrënnege Philosoph*innesproch, deen eis RTL1-Redakter*innen deemools fir hir Dokteraarbecht an der Philosophie referéiert hunn: „Was ich nicht weiß, macht mich nicht heiß“. Ma dann ass jo alles chill.