Screenshot RTL

„On n’a pas de sous, est-ce que vous pouvez nous conduire“: E Saz, deen zu Lëtzebuerg wuel net gutt ukënnt, virun allem wann een déi falsch Hautfaarf huet. Mee zum Gléck si mir jo Wäiss Europäer a kënnen eis an anere Länner de Batti stellen.

„Hei bleift keng Sau stoen“ bläert de Raoul Roos (Staffel 2, Episod 8), „Aidez nous“ jäizt den RTL-Moderator Loïc Juchem wärend hien duerch eng Klengstad am Senegal rennt an eng Persoun sicht, déi d’Lëtzebuerger gratis mam Auto mathëlt. Säi Co-Equipier reegt sech doriwwer op, dass si wuel am Krees gelaf sinn - Schold si senger Meenung no déi, déi hinne probéiert hunn de Wee z’erkläeren: „Vous ne connaissez pas votre propre ville, c’est pas normal ça“ (Episod 5). Dat ass wuel de Sound wa Leit aus dem räichste Land op der Welt an engem vun deenen äermste Länner (Plaz Nr. 1 vs. Plaz Nr. 164 op der Skala vum BIP [IWF 2022]) ënnerwee sinn.

Dat vläit problemateschst Format vun RTL

„Ausgesat“ heescht eng vun deenen am opwännegste produzéiert Sendung op RTL Tëlee Lëtzebuerg, also dem Sender, deen eng „Mission de Service Public“ fir de Staat iwwerhëlt an dofir Millioune Subsiden zegutt huet. Bei „Ausgesat“ ginn zwee Teams op eng hinne bis zum Ufank vun der Rees onbekannten Destinatioun geschéckt, wou si dann „Challengen“ erfëlle musse fir schlussendlech e Präis ze gewannen. D’Sendung ass eng penibel Mëschung aus Reklamm, Aarmutstourismus an Neokolonialismus.

„Präsentéiert“ gouf déi éischt Staffel vun „Ausgesat“ vu Voyage Emile Weber an déi zweet vu Luxair Tours. De Public kritt Rees-Destinatioune gewisen, déi an deene jeeweilege Kataloger gebucht gi kënnen. D’Kandidat*innen besiche Länner a Stied a gewannen eng Vakanz am 5 Stäre Luxus-Hotel. D’Sendung ass u sech eng eenzeg Publicitéit fir Luxusvakanzen. D’Reesagencen halen hier Käschten awer relativ geréng: dat zousätzlecht Präisgeld ass just 1.000€ an en Deel vum „Challenge“ ass et sur Place praktesch ouni Suen auszekommen.

Dat féiert dozou, dass d’Kandidat*innen praktesch just am Autostopp ënnerwee sinn a sech duerch d’Stied biedelen. D’Landschaft, d’Stied an d’Leit ginn zur Kuliss vun enger Zort sportlecher Competitioun. D’RTL-Moderatore Raoul Roos a Loïc Juchem inszenéieren sech an hier Teammemberen als Gladiator*innen, déi Onmënschleches leeschte mussen, ëmgi vu laachende Kanner, déi buerféiss duerch de Sand lafen, Fraen a faarwege Kleeder déi an Noopnahmen gefilmt ginn an enger „wëller“ Natur ëm si rëm. Si verhöne lokal Aarbechter*innen als „Salz-Jury“ (Episod 4), fluchen iwwer Brout dat „steenhaart“ wier a maachen sech iwwert de Kaffi lëschteg, deen si aus Gaaschtfrëndlechkeet ugebuede kréien (Episod 9).

Neokolonialismus op RTL, presented by Luxair Tours

D’Sendung „Ausgesat“ ass ee perfekt Beispill fir dat vu Fuerscher*innen beschriwwent Phänomen vum „tourist gaze“ a vum „Ethnotourismus“. Eng Iwwersiicht iwwert déi wëssenschaftlech Ausernanersetzung domat bidd zum Beispill den Text „Reisen und Erobern: Formen der Aneignung im Kontext von Reisen und Tourismus“ (Habinger, 2021 - BPB). Wäiss Tourist*innen drénge wéi selbstverständlech an d’Privatsphär vun de Mënsche sur Place an, hei souguer mat der RTL-Kamera, an ergötzen sech un der „Authentizitéit“ (Episod 9: „D’Kandidate […] verbréngen d’Nuecht bei engem traditionell nomadeschen Hiertevollek a solle Geesse sträichen“) an erliewen de Schaff-Alldag vun de Leit als eemoleg Aventure (Episod 4: „D’Ekippe musse sech am traditionelle Salzschäffe matenee moossen“) an déi si ran- a rausklamme kënnen.

D’Sendung ass awer och e Beispill fir den Neokolonialismus, d’Weiderbestoe vun enger wirtschaftlecher Dominanz vu baussen op déi lokal Ekonomien. Länner wéi dem Senegal fält et schwéier aus dem Tourismussecteur Beneficë fir déi lokal Ekonomie ze fannen, well dës Industrie vu bausse gesteiert gëtt. Luxair Tours bitt Vakanzen am Senegal ë.a. am „RIU Baobab Hotel“ un, engem 5-Stäre Luxus-Resort vum spuenesche Konzern „Riu Hotels & Resorts“, déi een Ëmsaz vun iwwer 800 Mio. am Joer hunn. Wéinst schlechten Aarbechtskonditioune fir déi lokal Aarbechtskräfte stoung RIU schonn an der Kritik. Eng Vakanz an dësem Hotel hunn d’Gewënner*innen vum „Ausgesat“-Challenge zegutt, nodeems si sech deeglaang mat sou mann Ausgabe wéi méiglech duerch d’senegalesesch Stied geschloen hunn. Eng Plaz am Hotel kann sech kaum ee vun der lokaler Bevëlkerung leeschten, Gewënner aus dem Hotel fléissen a Spuenien an Aarbechtskräfte ginn deelweis nach aus anere Länner rekrutéiert. Och d’Suen, déi tëscht Luxair Tours an RTL an tëscht neie Clienten a Luxair Tours wéinst der Sendung fléisse, kommen haaptsächlech an der Lëtzebuerger Ekonomie an net an der vu Senegal un.

Reklamm, déi net als Reklamm gekennzeechent ass

RTL ass eben ee kommerzielle Sender, deen all Dommheet matmécht, soulaang se Suen an d’Keess spillt. Mee och RTL misst sech u Gesetzer halen an ass duerch e Konzessiounsvertrag mam Staat u Reegele gebonnen. Dës Reegele verhënneren net de problemateschen Inhalt vun „Ausgesat“, obwuel d’Sendung kloer rassistesch Stereotyppe reproduzéiert. Mee eigentlech ginn et Reegelen, déi zumindest verhënnere sollten, dass dës „Sendung“ an enger Rei mat dem staatlech-finanzéierten Tëleesprogramm vum „Service-Public“-Sender RTL steet. Mee „Ausgesat“ ass weder als Reklamm gelabelt nach als solch am Tëleesprogramm z’erkennen, d’Format gëtt souguer ënnerbrach fir nach aner Reklammen ze senden. Dass RTL sech net u gesetzlech Begrenzunge fir Reklammen hält, ass awer éischter d’Reegel, wéi d’Ausnam.

Och hei vermëscht RTL nees alles. Wéi ee Personal ass vun RTL, vun der IP, vun der BCE bezuelt? Gehéiert de Content just zur (staatlech subventionéierter) Tëlee oder och zum Radio an „RTL Play“, wou ginn d’Publicitéitsrecetten hin a wien iwwerhëlt wéi eng Käschten? Dat misst alles kloer getrennt an transparent affichéiert sinn, ass et awer net. RTL mécht eben ëmmer genee dat, wat si wëllen - an dat net just heiheem, mee lo och nach am Senegal.