Photo: Susannah Parsons

Schleichwerbung, favorabel Beriichter an Native Advertisement: RTL kennt all d’Tricks vum Reklamme-Business

Alldeeglech kënnt et um meeschtvisitéierten Site vu Lëtzebuerg, deem vun rtl.lu, zu Virfäll, déi nawell fir Opreegung suerge missten. Et kann ee sech net sécher sinn, ob dat wat ee liest dann elo scho bezuelte Reklamm oder nach journalistesche Contenu ass. Dobäi ass de Pressecodex onmëssverständlech wann et ëm Uweisunge geet, wéi de journalistesche Contenu vu Publicitéit ze separéieren ass. Eng kloer Identifikatioun soll all Zort vu Konfusioun verhënneren. Esou heescht et an deem Text:

Art. 11 De l’information commerciale et financière a) La publicité doit être présentée de façon à ce que le public ne puisse la confondre avec le contenu rédactionnel. Les annonces et publicités commerciales qui risquent d’être mal interprétées par un public moyennement attentif et averti comme étant des informations journalistiques doivent être clairement identifiées afin d’éviter toute confusion.

RTL1 huet als Beispill een zoufälleg ausgesichte Moment ënner d’Lupp geholl an analyséiert elo hei sämtlechen Contenu, esou wéi en den 20.12.2023 Owes um 22h30 op rtl.lu ugewise gouf. RTL.lu ass wuelgemierkt ee Site, dee vum Staat matfinanzéiert gëtt, fir dee Personal schafft, dat deelweis iwwer Pressekaarte vum Presserot verfüügt an deen an direkter Konkurrenz zu anere Presse-Siten steet (déi awer ze blöd sinn, géint RTL ze kloen).

Markéiert a verstoppte Reklammen, wat gouf fonnt?