© Internet

RTL Eent ass elo zwee Méint al. Wéinst senger traditiounsräicher Geschicht, senger Wichtegkeet fir de Mediestanduert Lëtzebuerg an deene villen Aarbechtsplazen um Kierchbierg ass och RTL Eent elo schonn sou systemrelevant, dass de Staat eis alles duerchgoe loosse géif.

Deen zweete Mount vun RTL Eent ass op en Enn gaangen, a mir kucken zeréck op eng weider Sammlung u Geschichten, déi dat gréisst Medium am Land beweegen. Déi politesch Themen hunn am Februar dominéiert, mee et wor och de Lancement vum RTL Eent Radio an d’Präsentatioun vum Theaterstéck „Ween stoppt RTL?“, déi eis Redaktioun beschäftegt huet.

Mam Mount Mäerz geet et weider mat ganz verschiddene Projeten. E Videospill gëtt lancéiert, d’Theaterstéck wäert opgefouert ginn a scho Mëtt Mäerz wäert deen nächste grousse Projet annoncéiert ginn. Mir soen eisem treie Public villmools Merci fir d’Ënnerstëtzung an och déi vill Maile mat Ären RTL-Momenter a Beobachtungen.

Déi 10 beléiftsten Artikelen am Mount Februar

  1. „Penibel, nach méi penibel, krass penibel“ doriwwer wéi der ADR d’Mediepolitik iwwerlooss gëtt. Den Artikel wor schonns Enn Januar publizéiert ginn a gouf insgesamt iwwer 2.000 mol gelies.

  2. „Wéi RTL mat Rietsradikalen ëmgeet“, en Artikel iwwert déi deels problematesch Aart-a-Weis vun RTL d’Reportagen iwwert den ADR ze depolitiséieren.

  3. „Ausgesat: eng neokolonialistesch Aventure op RTL“, eng Kritik un engem immens problematesche Reklamms-Format

  4. „De groussen Iwwerbléck: Wéi vill DP stécht an RTL“, eng Oplëschtung vun den Iwwerschneidunge vun der Demokratescher Partei an dem Mediemonopolist

  5. „De Luc Marteling kann et einfach net loossen“ iwwert den eemolegen Online-Chef vun RTL, dee weiderhin Zougrëff op de Site ze hu schéngt

  6. „De Camille Ney mëscht alles bei RTL“, e Portrait iwwert déi bekannte Stëmm vun RTL, déi eigentlech guer net fir RTL schafft.

  7. „Wiem mer d’Heescheverbuet wierklech ze verdanken hunn“ iwwert den Ëmgank vun RTL mam Heescheverbuet.

  8. „Sou gëtt een op RTL berüümt“ iwwert dee sougenannten „sponsored content“, dee wéi een normalen Artikel dohier kënnt.

  9. „Ganz grouss geduecht….?“ Een Noruff op den „Directeur de l’informatioun“ vun RTL, de Guy Weber, deen seng Pensionéierung ugekënnegt huet.

  10. „E mysteriéisen Deal“ iwwer déi als „Energietipps“ getarnte Reklamme vun der Klimaagence op RTL.

Zuelen op eisem Site gi vun zwou separate Statistik-Softwaren erhuewen, allerdéngs ouni perséinlech Daten ze sammelen oder Cookies ze placéieren.