Screenshot RTL

Zanter 2016 huet sech sou munches bei RTL geännert, wéi d’Beispill „Heescheverbuet“ weist. Et produzéiert een net méi selwer de Rassismus, mee et bitt een dem Rassismus am Sënn vum Meenungspluralismus eng Plattform.

Den Ufank vun der neier Legislaturperiod wor vun der Diskussioun ronderëm d’Heescheverbuet dominéiert. Den Innenminister Leon Gloden hat hei der Stad Lëtzebuerg d’Erlabnis ginn, d’Verbuet vum Heeschen duerchzesetzen, an dat obschonns et juristesch Onkloerheete ginn. Nieft der juristescher Debatt geet et ëm d’Siichtbarkeet vun Aarmut an enger vun de räichste Stied vun Europa. Mee et geet awer och ëm d’Präsenz vun antiziganisteschen a rassistesche Ressentimenter an den Diskussiounen. RTL soll, deem staatlechen Optrag no, d’Pluralitéit vun de Meenungen erëmspigelen - mee Rassismus ass keng Meenung.

D’„Neutralitéit“ an der Debatt ronderëm d’Heescheverbuet

All d’politesch Parteien an och vill Verbänn a Persounen aus der Zivilgesellschaft hu sech an d’Diskussioune ronderëm d’Heescheverbuet ageschalt. RTL begleet d’Diskussioune mat enger Hellewull un Artikelen, Interviews a Reportagen, a versicht sech selwer als wichtegst Diskussiounsplattform ze behaapten. Stécht RTL an engem Dilemma? Deen eegene Konzessiounsvertrag verflicht RTL net dozou d’Pluralitéit vun de Meenungen erëmzeginn, mee och dozou der Diskriminatioun vu Mënschen opgrond vun hirem soziale Status, hirer Hautfaarf an hirer Hierkonft keng Plattform ze dinn. Mee genee dës Diskriminatioun ass beim Heescheverbuet deelweis d’Diskussiounsgrondlag. „Heeschen: Belästegung oder Mënscherecht?“ ass den Titel vun der Emissioun „Kloertext“, en Titel, deen de Spagat weist, deen RTL probéiert hinzekréien.

Dass d’Moderatrice Caroline Mart eng Partie vun de Leit déi heeschen, als „Aarem Louder“ bezeechent, bzw. dës Mënsche vum RTL Journalist Pierre Jans „op Gutt-Lëtzebuergesch „Strummerte“ genannt“ ginn ass een Zeechen dofir, wéi schwiereg et och RTL fält, dee richtegen Toun ze fannen. D’Resultat aus dem Versuch „neutral“ iwwer allem ze schwiewen an awer als Medienmonopol d’Diskussiounen ze lenke féiert zu enger komescher Zort journalisteschen Nihilismus vun RTL. E gutt Beispill ass den „Commentaire“ vum RTL Journalist Pierre Jans, aus deem d’„Strummert“-Zitat staamt. Hei versicht de Pierre Jans als éischt emol, wéi et bei RTL obligatoresch ze si schéngt, d’Police ze luewen, ze bedaueren an a Schutz ze huelen. Duerno ginn d’Interesse vun de Geschäftsleit verdeedegt. Awer schlussendlech kënnt op Zéiwespëtzen d’Erkenntnis dohier, dass zumindest eng Partie vun deenen, déi heesche jo awer Matgefill verdéngen an dass hei „no ënne getrëppelt gëtt“. Et gëtt bei RTL keng Ligne Editorial, kee Selbstverständnis als Streider*innen fir Grondrechter oder Humanismus, mee den Usproch fir ee méiglechst breede Public ze schwätzen an deen domat ze fideliséieren.

Rassismus - eng Meenung vu villen?

An engem Video op „Apart-TV“ huet déi Stater Schäffin an Deputéiert Simone Beissel erzielt, wéi si Heescherten „fiddere“ géif. Si huet eng Verännerung vum Stadbild un der Hautfaarf vun „Roma an Sintien“ festgemaach, déi si als de Problem identifizéiert huet. Dass eng Deputéiert a Gemengeresponsabel sou kloer an oppen hire Rassismus ausbreed, hat dann och zu Reaktioune gefouert. Den Antiziganismus vun der Simone Beissel gëtt vun enger Rei Medie mat Ligne Editoriale, dem Wort, dem Tageblatt an och dem Radio 100komma7 ausféierlech thematiséiert an eben och kritiséiert.

Schlussendlech beriicht och d’Medium Nummer 1, RTL, an invitéiert d’Simone Beissel an de Studio. Amplaz awer d’Simone Beissel mat hirem schroe Rassismus ze konfrontéieren, versicht RTL och hei nees eng Zort neutral Plattform ze bleiwen. „Dir hat do däitlech Wierder fonnt“, „dir huet do fräi a riicht eraus geschwat“: Schonn an der Intro zerwéiert d’Journalistin Carine Lemmer der Simone Beissel eng Rei vu Relativéierungen. Déi onkritesch Erugoensweis iwwerrascht souguer d’Simone Beissel selwer, déi fir ee Mea Culpa am Studio wor, si äntwert mat: „Merci fir d’Aleedung, dir hutt et direkt op de Punkt bruecht“ an erkläert dann „am Eifer des Gefechts, mécht een eben Fehler“ an domat net just duerchkënnt, mee souguer belount gëtt. Titel vum Artikel op RTL sinn zesummegesaten Zitater: „Problem ass reell, mir fält keen Zack aus der Kroun fir mech z’entschëllegen“

Am Interview weist sech kloer, dass d’Simone Beissel sech eigentlech net vun den eegenen Aussoen distanzéiert. Et sinn awer net geziilten Interview-Froen, déi d’Simone Beissel entlarven. Et ass de Fait, dass si sech vun der RTL Journalistin komplett verstane fillt, déi si offensichtlech souguer dozou motivéiert, weider diskriminéierend Generaliséierungen ze maachen. Sou seet d’Simone Beissel live um Radio: „Si [d’Sint a Roma] hunn eng Usiicht vu Saachen, déi ass problematesch“, „Si hunn all Handyen a si gutt vernetzt“ „D’Bierger vun der Stad ginn ugespaut an ugegrapscht“. Amplaz dass d’Carine Lemmer elo aschreit an den Antiziganismus benennt, leed si zu enger Pseudo-Sachlechkeet iwwer: „Wéi soll d’Police dann domadder ëmgoen, d’Polizisten mussen dann no Hautfaarf an no Sprooch kucken?“ freet d’Carine Lemmer. D’Simone Beissel äntwert: „Madamm Lemmer, dir gitt jo och duerch d’Stad, dir gesitt op 30 Meter wat fir ee Genre Leit do um Buedem sëtzen, wéi si sech behuelen a wéi si ebe sinn“. Keng Reaktioun vum Carine Lemmer also fiert d’Simone Beissel weider a philosophéiert dovunner d’Sinti a Roma aspären oder expulséieren ze kënnen: „Setze mer se op d’Grenz. Mee Vue dass d’Grenzen op sinn ass de Risiko, dass se direkt nees do sinn“.

Wer hats erfunden?

Wat bei der Debatt ëm d’Heescheverbuet vergiess gëtt: d’Polemik gouf vun RTL selwer gestart. Net Enn vum leschte Joer, mee scho viru Joren. 2015 huet RTL, an alle virop den deemolegen RTL Journalist an haitegen ADR Politiker Dan Hardy, eng reegelrecht Campagne lancéiert gehat an dat nodeems scho virdrunner d’Stëmmung opkache gelooss gouf. Eng Headline vun RTL wor deemools zum Beispill „D’Heescherte ginn ëmmer méi kéng“. Op der Säit vun RTL stoung de Gaston Vogel, deem seng Bréiwer un d’Stater Gemeng all Kéiers op een neits vun RTL publizéiert goufen. Wéinst engem vun deene Bréiwer gouf et souguer eng Plainte géint de Gaston Vogel - a géint RTL. Wann een haut op d’RTL Berichter vun deemools kuckt gesäit een, wéi RTL sämtlech Themen a sämtlech Argumenter deemools scho placéiert hat, inklusiv de rassistesche Viruerdeeler géint Sinti a Roma, deenen hei souguer mat verstoppter Kamera nospionéiert gouf.

Dat neit Gesiicht vum alen RTL

Enn 2016 huet mat der Affär Lunghi an de Verhandlunge ronderëm den neie Konzessiounsvertrag mam Staat awer eng nei Ära fir RTL ugefaangen. RTL sollt fortkomme vun der deelweis aggressiver Meenungsmachinerie. Entstoe sollt eng Zort prinzipienlos Plattform, mat méiglechst wéineg Ugrëffsfläch, déi sech un deem orientéiert wat ee bei RTL als Mainstream vu Lëtzebuerg empfënnt. RTL wor haaptsächlech drop beduecht, déi eege Marchés-Dominanz an domat dat eegent Geschäftsmodell ze sécheren a beim Staat d’Milliounebeträg ze kasséieren - alles wat RTL selwer zum Géigestand vun enger Diskussioun maache kéint sollt verschwannen. Et ass awer näischt verschwonnen.

Apart-TV, de Kanal op deem Simone Beissel hier Vue op d’Sinti a Roma explizéiere konnt, ass ee Projet vum Ex-RTL Journalist Marc Thoma. De Gaston Vogel publizéiert seng Bréiwer elo um Blog vum Ex-RTL-Chefredakter Guy Kaiser, deen sech och selwer an d’Heescheverbueds-Diskussioun amécht. Dat alt RTL existéiert awer net just ausserhalb, mee och innerhalb vun RTL weider, zum Beispill mat den deels oppe rassistesche Campagnë vun der RTL-Journalistin Monique Kater zur Situatioun am Garer Quartier. Insgesamt huet RTL lo awer eng méi geschlaffen Uewerfläch. Dëst sollt awer net mëssverstane ginn: Et ass net esou, dass RTL sech lo als Verdeedegerin vu Grondrechter an de Wäerter vun enger demokratescher Gesellschaft gesäit. RTL huet sech just vu bausse moderniséiert fir vu banne genee sou bleiwen ze kënnen, wéi se sinn. D’Chance mat enger Polemik op Käschte vu Minoritéiten de Public bei der Staang halen ze kënnen, léisst sech RTL natierlech och haut net entgoen.