Photo: RTL

Vëloen, DNA a Tëscheriff: eent vun de bekanntste Gesiichter vun RTL trëtt of. D’Land verléiert domat e vu sengen dichtegste Virgesetzten.

De Guy Weber huet 1988 bei RTL Radio Lëtzebuerg als Journalist ugefaange mat schaffen. Do huet et him esou gutt gefall, dass hien zwee Joer drop schonn nees RTL verlooss huet fir d’Fäegkeeten aus sengem Journalismus-Studium méi sënnvoll asetzen ze kënnen. An zwar als Kommunikatiounsattaché vun der ARBED, also der anerer Firma déi mengt, sech zu Lëtzebuerg alles erlaben ze kënnen. Och do ass et dem Guy Weber awer langweileg ginn. Mee well et soss jo keng systemrelevant Firme méi hei am Land gouf, ass hien alt zeréck bei RTL gaangen. Als Vélospassionéierten huet d’Sportredaktioun wéi dee richtege Challenge gewierkt. Do ass hien dann 1996 Chef vum Departement ginn. Endlech hat de Guy Weber eppes fonnt, wat him wierklech Spaass gemaach huet. Chef sinn.

1998 ass de Guy Weber d’Karriärsleeder weider ropgeklommen an „Chef de l’information“ vun RTL Tëlee ginn. Hien huet sech dunn an der Chamber ënnert déi Mächteg gemëscht an huet d’Walen zu enger Profiléierungsshow vun RTL a vu sech selwer gemaach. Well hien awer net just d’Politik besser verstanen hat wéi all d’Politiker*innen, mee och d’Gerechtegkeet besser wéi d’Justiz huet hien a senger Sendung „DNA“ Kriminalfäll opgerullt. Mee offensichtlech ass dat no 19 Joer, wou hien d’Enn vu senger Karriär op sech duerkomme gesinn huet, net méi duergaangen. De Guy Weber huet zum Schlusssprint ugesat. Wou no der Affär Lunghi d’Käpp gerullt sinn huet de Guy Weber seng Chance ergraff an ass 2017 Chefredakter ginn. Dir frot iech elo vläit wat den Ënnerscheed tëscht „Chef de l’information“ an „Chefredakter“ ass? Dat huet de Guy Weber sech och selwer gefrot an ass dowéinst just zwee Joer drop einfach nach „Directeur de l’information“ vum gesamten RTL Lëtzebuerg ginn. Op dësen dichtege Positioune konnt de Guy Weber endlech säi Mannerwäertegkeetskomplex iwwerwannen an net just iwwer aner Leit beriichten, mee selwer déi grouss Welt matgestalten. De Guy Weber ass e Symbol fir ee Sender ginn, deen sech net mat Berichter a Reportage op Aenhéicht zefridde gëtt, mee vun uewe rof op d’Land kucke muss. An awer verzweifelt versicht, méiglech no beim Bauchgefill vum RTL-Public ze sinn.

Stärstonnen vum Meenungsjournalismus

De Guy Weber kann a weess alles - an huet zu allem eng Meenung. Wéi gutt, dass RTL senge wichtegste Käpp d’Méiglechkeet gëtt „Kommentarer“ an „Tëscheriff“ ze publizéieren, an deenen si dem Public d’Welt erklären. RTL Eent huet ee Best-Of fir Iech zesummegestallt an zum Noliese verlinkt.

De Moment, wou de Guy Weber sech un d’Britte riicht, fir am leschte Moment nach de Brexit mat enger brillanter Argumentatioun ze verhënneren:

„Léif Briten, Op der Insel gëtt weltwäit dee beschte Futtball gespillt. Der spillt och nach mat de beschte Rugby. Der stellt de beschte „Formel 1“-Fuerer an hutt déi beschte Vëlosekippen an hutt esou guer den Tour de France am leschten Joerzéngt matbestëmmt. Alles dat wëllt der méiglecherweis elo op d’Spill setzen?“ (Link)

De Moment, wou de Guy Weber (wuelgemierkt Mataarbechter vun der Bertelsmann-Duechter CLT-UFA, engem op de Verkaf vu Reklamme spezialiséierte Medienimperium) esou philosophesch ginn ass, dass hie bal de Problem (…… de Kapitalismus?!??!) erkannt hätt:

„Do hunn ech mer nees geduecht. Wat maache meng an och méi jonk Generatiounen eigentlech falsch? Ech gesi vill onzefridde Gesiichter bei eis am Land an héieren vill Geklots. Gi mer ieren net eens mat deem Wuelstand, deen eis Grousselteren an eis Elteren fir eis erschafft hunn. Si mer iwwersiedegt? U wat kann dës gefillten Onzefriddenheet leien?“ (Link)

De Moment, wou de Guy Weber sech wärend Corona Gedanke mécht an an engem Crescendo Saachen opzielt, déi wierklech schlëmm sinn.

„E Virus huet eis Gewunnechte radikal op d’Kopp geheit.
Et ass kloer, dass des Zäit Affer wäert fuerderen.
Et wäerte Mënsche ginn, déi de Virus net iwwerliewen.
Et wäerte Betriber ginn, déi dem Virus zum Affer falen. Et wäert och eis Ekonomie ganz haart treffen.“ (Link)

Dem Guy Weber seng schéinste Metapher a sengem extrem brisante Meenungsartikel iwwer d’Lëtzebuerger Sprooch:

„Ma och mer kënnen nëmme mat deenen Meedercher danzen, déi mer an eisem berufflechen Alldag begéinen.“ (Link)

Dem Guy Weber säi perséinlechste Moment op der Antenn

(och nach bekannt als dee Moment, wou de Guy Weber sech beim Vëlo-Fueren iwwert een Automobilist opgereegt huet an da festgestallt huet, dass hie jo „Directeur de l’information“ ass, an sech net an der Paus nieft der Kaffismaschinn bei Kolleg*innen iwwer dat wat him geschitt ass opreege muss - mee mat engem Kommentar live sech un d’Natioun riichte kann, fir dass déi gesamt Bevëlkerung matfille kann).

„Ech war dës Lescht an der Mëttesstonn mam Vëlo tëscht Neihaischen an dem Senningerbierg ënnerwee. Et war kal. Et huet gereent. Ech hu mech méi zur Mëtt vun der Strooss gehalen, fir den Dreck um Rand vun der Strooss ze evitéieren a kee Platten ze riskéieren. Do kënnt en Auto vun hannen ugerast. De Chauffer tut ganz aggressiv. Eng éischte Kéier. Duerno eng 2. Kéier. An nach eng 3. Kéier, ewéi den Automobilist laanschtfiert.“ (Link)

De Moment wou de Guy Weber erkannt huet, ween an der Zukunft déi grouss Gefor si wäert!

An jo, ier dass sech elo d’Cancel-Polizei aschalt: Natierlech däerf ee Wirtschafts-Genie, dat aus engem Land mat net mol enger Millioun Awunner*innen kënnt, vun „den Asiaten“ schwätzen.

„4 vun de 5 gréisste Produzente vu Batterie fir Elektroautoe kommen aus Asien. 3 vun 5 Superrechner […] stinn an Asien. A béide Fäll si mer Europäer, mer Lëtzebuerger net am Spill. […] Un de Schalthiewele vun der digitaliséierter Welt an och der Elektromobilitéit sëtzen den Ament Asiaten, virun allem Chinesen. […] si mer iwwersättegt? Kréie mer den technologesche Retard op d’Asiaten opgeholl, wa mer an Zukunft manner wëlle schaffen?“ (Link)

Mat 60 an d’Pensioun

Tragescherweis ass bei all deene Kommentarer an Tëscheriff vum Guy Weber iergendwann opgefall, dass dee Mann absolut net schreiwe kann. Also weder beherrscht de Guy Weber déi Lëtzebuergesch Grammatik, nach kritt hien een anstännege Sazbau hin a vun der Strukturéierung vun engem Text brauche mer guer net éischt unzefänken. Zum Schluss si just nach wëll unenee gereit Sazfragmenter mat enger ze grousser Unzuel u Sazzeechen aus dem Guy Weber erausgespruddelt. A well sech kee Mënsch an der Redaktioun getraut huet dem Direkter seng Texter nach eng Kéier ze verbesseren ier se online gaange sinn, huet schlussendlech just dem Guy Weber seng Pensionéierung RTL vun dëser Peinlechkeet erléist.

Mam Luc Marteling kënnt elo ee Mann zeréck bei RTL, dee kuerzzäiteg am Zentrum fir Lëtzebuerger Sprooch sech op deen neie Poste virbereede konnt.