Tom Weidig. Photo: GilPe (CC BY-SA 4.0) | Hannergrond: GilPe (CC BY-SA 3.0)

D’Chamber huet der ADR ee grousse Kaddo gemaach. An offensichtlech ass d’ADR prett, dësen och unzehuelen.

Um Schluss gëtt sech da gewonnert, wéi et souwäit komme konnt. Wéi gouf d’Vertrauen an d’Medie verspillt? Wéi konnt sech ee rietsen Discours bei der Mediekritik duerchsetzen? Dokumentatioun vun enger Feelentwécklung an dräi Stufen.

Joerzéngten vu verpasste Chancen

Penibel: Zanter Joerzéngten, zumindest awer zanter den 1980ger louch d’Iddi, fir zu Lëtzebuerg e richtegt ëffentlech-rechtlecht Medium anzeféieren, um Dësch. Mee amplaz der Bevëlkerung Tëlee a Radio fräi vu kommerziellen Interessen ze liwweren, huet d’Politik sech ëmmer an ëmmer erëm dofir entscheet, dem gréisste Mediekonzern vun Europa Faveuren ze maachen. An zulescht gouf en plus nach decidéiert, Millioune Steiergelder u Bertelsmann fléissen ze loossen. Dat aktuell gültegt Finanzéierungsgesetz fir RTL gouf an der Chamber mat de Stëmme vun der deemoleger Majoritéit vun DP, LSAP an déi Gréng, mee och mat de Stëmme vun der CSV, der ADR an de Piraten gestëmmt. Déi Lénk hunn sech enthalen, dogéint gestëmmt huet keen.

D’Iddi vum Visionär Robert Krieps (LSAP) vun enger Alternativ zu RTL gouf vun Ufank u politesch bekämpft, wéi d’Journalistin Pia Oppel 2019 an hirem Artikel „Was keiner hören sollte“ fir d’Land androcksvoll beschreift. Duerchgesat hunn sech schlussendlech ëmmer d’Iddie vun der DP an der CSV. Als Deel vun der Majoritéit hu souwuel d’LSAP wéi och déi Gréng de Mond gehalen. D’Piraten ënnert dem Sven Clement hu kuerz opgemuckt fir d’Ablécker an d’Verträg ze kréien, wou se déi du bis haten, wor Schluss mat der Transparenz-Offensiv. LSAP, déi Gréng an déi Lénk hunn d’Alternativ zu RTL zwar nach ëmmer am Programm, mee offensichtlech keng Kraaft a keen Interessi dës Fro op den Ordre du Jour ze setzen.

Mediekritik just vun der ADR?

Nach méi penibel: Nodeems de Site RTL1.lu zanter dem éischte Januar versicht d’Diskussioun ronderëm d’Positioun vun RTL am Land ze lancéieren, kënnt deen éischte politeschen Impuls vum rietsextremen ADR. Den ADR-Kandidat fir d’Chamberwalen 2023 a Keessier vun der ADR Nord-Sektioun Carlo Kirsch huet an enger Petitioun d’„Annulatioun vun der Konventioun tëschent Staat an der CLT-UFA“ an d’„Oofschaafe vun alle staatleche Subventiounen un RTL“ gefuerdert. Weider ADR Membere wéi den Alex Rasquin an d’ADR Chamberskandidatin Krystyna Gawlik gehéieren zu deenen, déi fir d’éischt ënnerschriwwen hunn. Versichen hei Leit aus der zweeter Rei vum ADR eng wichteg Diskussioun ze kaperen a politescht Kapital aus de Revelatiounen iwwer RTL ze schloen?

Et stëmmt, dass d’ADR, besonnesch hiren Ex-Deputéierten an ehemolegen mediepolitesche Spriecher Roy Reding, déi staatlech Ënnerstëtzung vun RTL besonnesch kritesch gekuckt an hannerfrot huet. Allerdéngs ni mam Wonsch fir eng ëffentlech-rechtlech Alternativ ze schafen, mee aus enger knallhaarter, neoliberaler Logik eraus: De Beräich vun de Medie sollt ee komplett dem Marché iwwerloossen. De Roy Reding ass elo net méi an der ADR, an dës Partei elo nach méi no riets gerutscht. An der ADR gëtt elo nach méi d’AfD kopéiert, wann ee vun de „Mainstreammedien“ schwätzt. Am ADR Walprogramm vu leschtem Joer fënnt een am Bezuch op d’Mediepolitik déi grouss Verschwörungstheorie vun der interessegeleetener Gläichschaltung: „Mir gesinn am ëffentlechen, internationale Recht keng Basis fir e Recht op Migratioun a refuséieren e gesteierten Afloss op d’Medien, déi d’Migratioun ëmmer positiv presentéieren“ (Walprogramm ADR Nationalwalen 2023, S.252) - d’Virdenker heeschen elo Fernand Kartheiser, Fred Keup an Tom Weidig.

Den Tom Weidig ass fir d’Parlament en Charge, fir RTL ze kontrolléieren

Krass penibel: Fir d’Anhale vun de Kontraktsreegelen tëscht dem Lëtzebuerger Staat an RTL Lëtzebuerg z’iwwerwaachen, gëtt et eng sougenannten „Commission de Suivi“, där och ëmmer eng*een Deputéiert*en aus der Chamber ugehéiert. Net just d’Finanzen, mee och d’Anhale vun deontologesche Reegelen an inhaltleche Virgabe sollen hei, zumindest an der Theorie, iwwerpréift ginn. Bis virun de Walen huet d’Djuna Bernard vun de Gréngen hei d’Parlament vertrueden. Neierdéngs ass et - den Tom Weidig vun der ADR. Nach eng Kéier. De rietsextremen ADR-Member Tom Weidig, fir deen déi „gréisst Gefor fir d’Demokratie“ d’Unzuel vun de Journalist*innen mat „lénker“ Astellung an de Medie sinn, ass elo den offizielle Vertrieder vum Lëtzebuerger Parlament fir dat gréisst Medium vum Land ze kontrolléieren.

Rezent Opreeger, wéi zum Beispill d’Drohunge vum Tom Weidig vis-a-vis vun engem Cartoonist, sinn domat als schäinhelleg entlarvt. D’Chamber géif no den Entgleisunge vum Tom Weidig iwwer een „Deontologie Kodex nodenken“, huet et vum Chamberspresident Claude Wiseler am Numm vun der Conférence des Présidents no engem Gespréich mam Tom Weidig iwwer d’Cartoon-Affär geheescht. Et ass genee dës Conference des Présidents, déi net emol 3 Méint virdrunner eestëmmeg den Tom Weidig als eenzege Vertrieder vum Parlament an der Commission de Suivi vun RTL virgeschloen huet. Eestëmmeg huet d’Chamber den Tom Weidig duerno och op dës Positioun gewielt. Eestëmmeg.