MEENUNG - Tëscheruff vum Ben Barsch
Wat ech der Welt schonns ëmmer matdeele wollt

© RTL EENT
An der Rubrik „Meenung“ vun RTL Eent solle Mataarbechter*innen eppes schreiwen, wa se keng Zäit oder Iddi fir e richtege Reportage hunn. De Commentaire haut vum Ben Barsch.
Eng richteg, echt „Meenung“ hunn ech eigentlech net. Eigentlech sinn ech jo och kee Journalist am klassesche Sënn, mat Pressekaart a sou. Mee de Camille vun der IP däerf jo och hei seng Meenung soen, also kann ech als dat bekanntst Gesiicht vum Sender mir jo och mol eppes iwwerleeën. Et gëtt intern praktesch vu mir erwaart, dass ech mech matdeelen - einfach schonn aus deem Grond, well mir nogelauschtert gëtt.
Wat also soen, et geschitt jo nawell vill dobaussen an der Welt, an och hei zu Lëtzebuerg, wat ee kommentéiere kéint. Et wëll een awer och lo kengem op d’Féiss trëppelen. Zum Gléck hëlleft mir do e klengen Trick, deen ech vu mengen RTL Koleeg*innen geléiert hunn. All Behaaptung, déi ee bëssi ze edgy kléngt, kann ee mat engem Fragezeichen hannendrunner an eng Fro verwandelen. A scho gëtt eppes net behaapt, mee just nach suggeréiert.
-
de_Feierbop05.04.2024Firwaat brauch bei 12-6 Gemengerotssitzungen am Joer een Gemengerootspolitiker iwerhaspt Congé politique verglach mat engem Vereinsbénévole deen all Dag am Asaatz ass ? Daat hun ech nach ni verstaanen ….. CP fir Burgermeeschter an Schäffen absolut d‘accord par contre. Burgermeeschter emer 100% an Schäffen 50-100%.
-
kleinGEIST05.04.2024Schéi Fotoen. Frée mech fir d'Elteren. Et kann een nëmme gratulèieren.
-
DatAssMengAnalyse05.04.2024Wat mech besonech wonnert ass, dass Sie "Vitaminen" ergänzen an et awer sech dobäi ëm keng wierklech "Vitaminen" handelt. Nachemol esou ee Fake-Food Modus.
-
Egalwat05.04.2024Déi Gréng sollen emol endlech agesinn dass Lëtzebuerg nach ni ee Vëlosland war an ni eent wäert sinn.
-
Mister X05.04.2024Enn den 90er hunn d’ Jongsozialisten mam Lieutenant Représentant, also mam heitegen Grand-Duc iwwert d’ Republik geschwat, et war eng ganz interessant Entrevue fir déi zwou Säiten. Do hunn ech de Grand-Duc als äusserst interessanten an oppenen Gespréichspartner erlieft. Egal wat een fundamental vun der Republik oder vun der Monarchie hält, muss ech soen, onse Staatschef ass vill, vill méi oppen wéi déi mëscht d’ Politiker. Deemools ass grad d’ Dier opgaangen, wou mir grad mat him ugefangen hunn doriwwer ze schwätzen, fir matzedeelen dass ons Zäit eriwwer wier, also hien hätt enger Diskussioun problemlos kéinten aus dem Wee goen. Mee nee, hien ass opgestanen, huet déi Persoun (total erstaunt d’ Aen an de Mond grouss op) no baussen dirigéiert, an d’ Dir erëm zougemaach, an ganz cool mat ons iwwer dee Sujet geschwat.
-
Letzebauer05.04.2024Kommt op de Stadion kucken , d'Jongen brauchen iech do !!!
-
den_Kneckert05.04.2024Wât e Fehler eng Verlängerung vum Austrëttsdatum ze accordéieren. Grousbrittanien muss eraus. Da können se kukken wien se sënn, vîrwât se stinn a wou se hi wëllen . A wann se an 20 Joer eröm zu der EU wëllen si se wëlllomm.
-
meteomann05.04.2024Déi oofgehange vun eiser Gesellschaft interesséierën déi ofgehuewe Gesellschaft zu Letzebuerg net, léiwer déi aaner Seit kucken! Ech kéint RTL e Reportage iwer esou eng Famil proposéierën, op d’Redaktioun awer bereet ass sou e Reportage ze brenge, bezweifelën ech. Et ass méi angenehm iwert d’Paischcroisière ze berichten. Sou am Stach wéi déi gelooss gi vun alle Seiten ass en Hohn.