Photo: RTL

Eng Iwwersiicht mat den involvéierten Persounen.

Dass d’DP historesch enk mat RTL verbonnen ass, gouf op RTL Eent schonns um Beispill vum éischten DP Staatsminister a laangjähregem CLT-UFA Direkter (d’CLT-UFA ass de Konzern hannert RTL Lëtzebuerg) Gaston Thorn androcksvoll gewisen. Mee gewannen si och de Präiss vun der Partei, mat insgesamt deene beschte Lienen zum Medienmonopolist?

Op et lo Ex-Starreporter wéi d’Joëlle Hengen oder aktuell DP- an RTL-Mataarbechter wéi den Sebastien Gudenburg sinn: an der DP fannen vill Memberen vum RTL-Staff eng Plaz. Beriicht gouf op RTL Eent jo och schonns iwwer d’Tanja de Jager, dat no 14 Joer bei RTL säi Bekanntheetsgrad an ee Mandat am Stader Gemengerot ëmwandele konnt an weiderhin gutt Lienen zum Sender gehalen huet. Fir een Iwwerbléck op d’Relatiounen tëscht RTL an DP ze kréien, ginn hei dräi Kategorien opgestallt. Versicht gouf hei net zevill wäit an d’Geschicht eranzegoen, mee e Bild vun ca. 1991 un (dem Vote vum éischte Mediegesetz) bis haut opzezeechnen. Komplett ass d’Lëscht wahrscheinlech net, sollten iech nach Nimm bekannt sinn, schreift eis gären eng Mail.

Wien net mat op dëser Lëscht ass, sinn Leit, déi iwwer hier Famill den Lien RTL a Staat gemaach hunn. Dës stellen keng direkt a perséinlech Lienen duer. Esou zum Beispill d’RTL Moderatrice Caroline Mart, bei der de Papp DP Minister war an d’Tatta fir d’DP am Stater Gemengerot souz oder och d’Karin Schintgen, dat vun 1990 un d’Kommunikatiouns-Chefin vun der CLT-UFA wor an niewebäi mam DP Politiker Paul Helminger liiéiert wor.

1) Bekannt Gesiichter woen de Sprong an d’Politik

  • De Max Kuborn, RTL no „Journalist, Tëlees-Kach an alleréischte Lëtzebuerger Wiederfräsch“, huet vun 1995 bis 2009 bei RTL geschafft an wor eent vun deene bekannteste Gesiichter, mat iwwer 5.000 Optrëtter um Ecran. Hien wor awer net just virun der Kamera aktiv, mee huet och e.a. Kommunikatiounsbeoptragten fir d’Lëtzebueger Programmer fir d’CLT-UFA geschafft. Fir d’Europawahlen 2009 huet hien de Sprong an d’Politik op der DP-Lëscht probéiert, ass awer gescheitert. Hien wor dunn an der DP-Sectioun zu Walfer weider aktiv.

  • D’Corinne Cahen, huet genee wéi de Max Kuborn 1995 bei RTL ugefaangen, allerdéngs fir de Radio. Hei wor si bis 2001 fest ugestallt, ë.a. als Frankräich-Korrespondentin an och als Moderatrice an de Beräicher Politik, Wirtschaft an Droit. Vun 2001 bis 2004 huet si dann just nach fräiberufflech fir RTL geschafft an niewebäi hiere Schungbutték gemanaget. Tëscht hierer aktiver Zäit an der éischte Kéier, dass si 2013 an d’Chamber gewielt gouf, läit also eng Zäitchen.

  • D’Monica Semedo huet vun 1996 un fir d’RTL Tëlee geschafft an huet do d’Kannersendung „Häppi Diwwi“ moderéiert. Spéider ass si an de Sendungen „Planet RTL“, „Planet Hits“ an an der Meteo ze gesinn. De Sprong vun RTL bei d’DP geschitt ouni laang Iwwerganksphase. D’Monica Semedo kandidéiert 2018 eng éischte Kéier fir d’Parlamentswahlen, scheitert do, kandidéiert dann 2019 fir d’Europawahlen an zitt an d’Europaparlament an.

  • D’Tania de Jager wor vun 2001 un bis 2016 bei RTL a verschiddenen Tëlees-Formater ze gesinn. 2017 kandidéiert d’Tanja de Jager dann fir d’DP fir de Stater Gemengerot, an dee si och gewielt gëtt. Hier Kandidatur fir d’Nationalwalen 2018 bleift awer ouni Succes.

  • D’Joëlle Hengen start 2013, no iwwer 12 Joer beim Sender, praktesch vum RTL-Mikro aus an den DP-Wahlkampf fir e Sëtz am Parlament ze kréien. Dëst geléngt der prominenter RTL Journalistin net, mee si gëtt awer vum DP Parteipräsident Fernand Etgen an e Ministère placéiert.

2) Mächteg Decideuren, déi am Interessi vun RTL handelen

  • De Xavier Bettel souz als DP-Fraktiouns-Chef 2010 kuerz am CLT-UFA Verwaltungsrot. Wéi hien 2013 Premierminister ginn ass, huet hien och den Posten als Medienminister iwwerholl. D’Aushandele vun direkt zwee Verträg tëscht dem Staat an RTL geschéien ënnert der Opsiicht vum Xavier Bettel. Mam Paul Konsbrück rekrutéiert den Xavier Bettel een CLT-UFA Mataarbechter (Eldoradio) als Chef de Cabinet an léisst dësem fräi Hand beim Aushandelen vum zweeten Staatsvertrag. De Xavier Bettel verbënnt eegenen Aussoen no och eng perseinlech Frëndschaft mat der Bertelsmann-Ierwin Liz Mohn. De lëtzebuerger Premier éiert si 2016, also während den Verhandlungen iwwert deenen neien Vertrag, mat enger héicher Auszeechnung.

  • D’Colette Flesch wor vun 1970 bis 1980 Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg, duerno Vizepremierministesch an enger Regierung mam Pierre Werner, wou si och Justiz-, Mëttelstands- an Ausseministesch wor. Fir d’Zäit vun 1990 bis 1999 huet d’Colette Flesch hier laang Rei vun héije politesche Mandater an och seng Zäit am CLT-UFA Verwaltungsrot ënnerbrach fir als Direktesch vum Mediendepartement an d’EU Kommissioun ze wiesselen. EU-Kommissär fir Medien wor dee Moment de lëtzebuerger Jean Dondelinger, deen all Hëllef gebrauche konnt fir der CLT-UFA ee grousse Kaddo ze maan. D’Colette Flesch souz domat zu engem entscheedenden Moment an enger Schlësselpositioun fir den Europäesche Marché den Expansiounspläng vun der CLT-UFA fräizeginn.

  • Fir den Henri Grethen woren „nationale Interesse noch immer deckungsgleich mit den Interessen des Konzessionärs (CLT-UFA), der bisher für dieses Land eine gute Arbeit geleistet hat“. Den DP Deputéierten huet deemols 1991 beim Schreiwen vum éischte Mediengesetz aus der Oppositioun eraus der CSV-LSAP Regierung de Réck gestäipt. Zwar kritiséiert hien 1997, nach ëmmer als Oppositiounspolitiker, den Immobilien-Deal, mat deem de Staat dem Medienkonzern Milliounen schénkt, mee als Minister spréngt hien spéider der CLT-UFA méi wéi eng Kéier zur Säit, zum Beispill wéi dee Konzern seng Luxair-Aktien ofstousse wollt. Ennert dem ultraliberalen Wirtschaftsminister geet RTL Group un d’Bourse, wat de Wee fräi mécht, dass sech Bertelsmann schlussendlech nach gréisser Undeeler vum Konzern séchert.

  • An der deemoleger Oppositioun souz nieft dem Henri Grethen och d’Anne Brasseur, déi der CLT-UFA viru staatlecher Konkurrenz schütze wollt an 1996 e Gesetz abruecht huet, fir deen nach jonken Radio 100komma7 direkt nees ofzeschafen. D’CLT-UFA wor dee Moment interesséiert d’Frequenz 100komma7 selwer ze bedreiwen.

  • Weider DP Politiker*innen hunn eng méi wichteg Verbindung zur CLT-UFA, sou zum Beispill d’Simone Beissel, dat d’Presidence vun der Medienkommissioun am Parlament iwwerholl hat, de Gilles Baum, deen als Fraktiouns-Chef och am CLT-UFA Verwaltungsrot sëtzt, och wann hien dat heiansdo vergësst an och den Guy Arendt, deen als Vertrauten vum Xavier Bettel dofir gesuergt huet dass d’Finanzéierungsgesetz fir d’CLT-UFA duerch d’Parlament komm ass awer och schonn involvéiert wor, d’Affär Lunghi nees ënner Kontroll ze kréien.

3) Firwat Staat oder RTL wann och béides gläichzäiteg geet?

  • Den Henri Roemer huet vun 1989 un fir d’CLT (spéider CLT-UFA) geschafft, de Gaston Thorn hat hien als Spriecher fir de Medienkonzern engagéiert. Innerhalb vun der CLT-UFA huet den Henri Roemer zentral Positiounen ageholl, hien huet déi hollänesch Filiale RTL4 vun der CLT-UFA opgebaut a souz am Verwaltungsrot vum däitschen RTL Plus. Schons vu virun 1979 un wor den Henri Roemer an der DP, ugefaangen an der Parteijugend JDL an um Enn vu sengem Liewen wor hien nach Sektiounspräsident vun der DP Woltz.

  • De Sebastien Gudenburg schafft am Moment als „New Media Strategist“ fir d’DP a gläichzäiteg fir RTL Radio.

  • De Josy Simon huet souwuel fir d’CLT (der Virgängerin vun der CLT-UFA) als Sécherheets-Chef geschafft wéi och fir d’DP am Parlament gesiess. Als Delegéierten vum RTL-Personal souz hien och am CLT-UFA Verwaltungsrot

  • De Marc Hansen wor vun 1995 bis 2009 eent vun den bekannteste Gesiichter op RTL, ë.a. als Sportsjournalist. 2009 ass hien awer fir d’DP mat an d’Nationalwale gaangen an huet säin Job bei RTL opginn. Den geneeë Moment, wou den Marc Hansen bei RTL opgehalen huet, louch allerdéngs éischt e puer Deeg no den Wahlen. De Marc Hansen huet de Sprong an d’Parlament net gepackt gehat, mee gouf vun der DP fir de Beräich Kommunikatioun agestallt. 2013 ass de Marc Hansen dann Minister ginn. Zousäzlech souz den Marc Hansen schonns zanter 2005 (bis 2014) fir d’DP am Gemengerot vun Useldéng, also wärend senger Zäit als RTL Journalist.