© RTL EENT

Wien als Journalist hei am Land seng Aarbecht maache wëll, brauch dacks vill Gedold an eng héich Frustratiounstoleranz. Wou ass de néidege Respekt fir dëse schwierege Beruff freet sech d’Nicole Morue vun RTL Eent an hirem Commentaire.

Et kann ee jo bekanntlech iwwer alles diskutéieren, also och iwwer d’Aarbecht vun der Press. Wat hunn ech mir net schonn alles un de Kapp geheie gelooss. D’Press géif just nach Inbox-Journalismus bedreiwen a Communiquén kopéieren. Mir géifen eis gutt halen, mat deene Räichen a Mächtegen an hätte souwisou just d’Klicks an d’Geschäfter mat de Reklammen am Bléck. Fir déi haart Realitéit am Beruff vun engem, dee beim gréisste Medium am Land schafft schéngt, sech kee Mënsch z’interesséieren.

Jo, ech hu mir dat alles och ganz anescht virgestallt. Géi bei RTL, hu se mer gesot, do kanns de eppes maachen. Wanns de bei deenen op der Antenn eppes sees, dann héieren dech d’Leit - sou huet et geheescht. Jo, ech wor och mol jonk an hat och mol Idealer. An jo, ech haasse mëttlerweil näischt méi wéi Leit, déi nach net op mengem Niveau vu Fatalismus an Nihilismus ukomm sinn. Mee et geet lo och drëms e bëssi realistesch ze sinn. Et ännert een dat gréisste Medium vum Land eben net vun haut op muer. A wou sollt ech da soss higoen? Ech hunn och ee Prêt zeréckzebezuelen, och eng Famill, och ee gewësse Confort a mengem Liewen.

Mir Journalist*inne sinn eben och just Mënschen. Mënschen déi heiansdo och mol een no engem Theaterstéck iwwert den Duuscht drénken an dann d’Kontroll iwwert eist Liewe verléieren. Mënsche mat Emotiounen, Meenungen a mat Feeler. Feeler, déi een awer an de Kontext setze muss. Ech géif jo ni behaapten, dass bei eis, bei RTL Eent, alles an der Rei wier. Mee misst ech elo, just well ech Journalistin sinn, mengem Chef d’Tiräng duerchwulle goen? Just fir do d’Verontreiung a Milliounenhéicht opzedecken? Misst ech lo d’Aarbecht vu menge Koleeg*innen duerch den Dreck zéien, just well verschidde „Reegelen“ a „Gesetzer“ net agehale ginn? Weem géif dat dann eppes bréngen? Wien mengt e kéint d’Welt änneren, dee soll dach emol bei sech selwer ufänken.

Mir hunn am Land eng zoustänneg Institutioun, dat ass de Presserot. De Presserot huet en Deontologies-Kodex a ganz vill verschidde Kommissiounen. Mir hunn hei am Land eng ALIA, also eng Medienopsiicht, déi all d’Méiglechkeeten huet eis op d’Fanger ze klappen, falls et da wierklech esou schlëmm wier, wéi behaapt gëtt. A mir hunn hei am Land eng Politik, déi souwisou schlussendlech ze bestëmmen huet op si sech veraarsche léisst oder net. Firwat soll ech mir dann elo eng siche goen.