© Internet

„Ee vun eise Beschten“ seet den Jean-Claude Juncker, „un grand européen au destin exceptionnel“ den José Manuel Barroso (vgl. Roemer 2013) an de Paperjam nennt hien „d’Legend vum Joerhonnert“.

Net vill Politiker ginn hei am Land an doriwwer eraus esou veréiert wéi den Gaston Thorn. Hien wor net just Premierminister an EU-Kommissiounspräsident, mee och laangjäregen Chef vun der CLT-UFA, engem Medienimperium an Konzern hannert RTL Lëtzebuerg. Mat engem liicht méi kritesche Bléck, oder och einfach wann een grondsäzlech Ethiks- an Deontologiesreegelen a betruecht zitt, erschéngt de Gaston Thorn an enger ganz anerer Luucht. Et ass de Start vun der vläit gelongenster Interessensvermëschung vu Politik a Wirtschaft an der europäescher Nokrichsgeschicht.

Kucke mir an d’70ger Joeren zeréck. De Gaston Thorn ass fréi am Laf vun senger politischer Karriere mam Dossier CLT beschäftegt – mir erënneren ons, de Medienimperium hannert RTL – an wäert bis zum Schluss um Ball bleiwen. Een éischt Beispill ass d’Chambersdebatt vum 26.05.1965, an der sech d’Lëtzebuerger Regierung géint d’Entrée vum franséische Staat an d’Kapital vun der CLT staark mécht. Als Spriecher vun der deemoleger liberaler Oppositioun stäippt den Gaston Thorn der CSV-Regierung hei de Réck. 1972, als Ausseminister an zoustännege Minister fir d’CLT, arrangéiert den Gaston Thorn den Bäitrëtt vu Lëtzebuerg zu Intelsat-Ofkommes (Wort, 13.12.1972) - deen éischte Schrett fir der CLT hier Satelittepläng ze realiséieren.

An engem richtungsweisenden Urdeel hält den Europäeschen Geriichtshaff 1974 fest, dass D’Tëlee eng „Déngschtleeschtung“ wier. Nei Technologien wéi Kabel- a Satelitesverbindungen géifen et kommerziellen Ubidder erlaben an deenen eenzelnen Länner eng Konkurrenz zu den ëffentlech-rechtlechen Medien opzebauen. Mat weideren Fäll virum Europäeschen Geriichtshaff, ë.a. an den 1980ger, versicht och déi Lëtzebuergesch CLT virum Europäeschen Geriicht Kloerheet ze kréien fir mat Reklammen, Tëlee-Shopping a Productplacement europawäit Suen verdéngen ze kënnen.

De Plang vun der CLT gesäit fir, een eegenen Satelittenprogramm opzebauen an domadder dann och déi aner europäesch Marchéen z’ereechen an ze dominéieren (vgl. Land Dossier vum 2. Abrëll 1982). Géigner vun deem Plang sinn souwuel am däitschen wéi am franséischen Staat ze fannen, déi eng Gefor fir deen jeweilegen ëffentlech-rechtlechen Tëlees-Programm gesinn. Lëtzebuerg ass zu der Zäit dat eenzegt Land vun der Europäescher Gemeinschaft, an deem en privaten, kommerziellen Betriib d’Monopol bei der Tëlee besëtzt - an net ëffentlech-rechtlech Medien. Et gehéiert schonns zanter laange Joeren zur Lëtzebuerger Staatsräson, dëse Konzern géint d’Aschränkungen an den Afloss vun aneren Staaten ze verdeedegen.

1977 ass den Gaston Thorn Regierungschef vu Lëtzebuerg an séchert op der internationaler Konfernz vun der UIT (Union Internationale de Télédiffusion) fënnef DBS-Frequenzen (Direct Broadcasting Satellite) fir Lëtzebuerg an d’CLT (vgl. Roemer 2013). Dëst mécht awer dee Moment nach net vill Sënn, well an den Länner ronderëm Lëtzebuerg de Medienmarché an och d’Kommunikatiounsnetzer fest an der ëffentlecher Hand leien. An Holland gëtt et beispillweis dee Moment dräi verschidden ëffentlech-rechtlech Tëleen. Wat fehlt, ass eng Direktive um europäeschen Level.

An déi kënnt! 1984 ass et keen aneren wéi den Gaston Thorn, mëttlerweil EG-Kommissiounspräsident, deen och héichstperséinlech (vgl. Land 10.02.1984) den entscheedenden Ustouss gëtt, an dat mam „”Livre vert’ sur l’établissement du marché commun de la radiodiffusion, notamment par satellite et par câble“. D’Liberalisatioun vum Tëlees-Marchée fänkt un an et ass an engems de Startschoss fir eng europäesch Medienpolitik (vgl. BPB 2016), déi am weidere Verlaf ëmmer nees massgeblech vu Lëtzebuerger*innen geprägt si wäert. Natirlech gouf dem Gaston Thorn méi oder manner oppen virgeworf am Interessi vun der a sengem Heemechtsland ugesiedleten CLT ze handelen. Mee wat duerno geschitt iwwertrëfft dësen Interessenskonflikt bei Wäitem.

1985 geet dem Gaston Thorn seng Zäit als Komissiounspräsident op en Enn. Mam Wëssen, dat elo geschwënn déi grouss Zäit vun der kommerzieller Tëlee lassgoen wäert. Ouni eng Karrenzzäit start den Gaston Thorn am Uschloss direkt an der Privatwirtschaft duerch - an zwar bei der CLT. Hien kennt de Betriib auswenneg, net just well hien als Politiker ëmmer fir d’Interessen vun der CLT gekämpft huet, mee well hien schonns virun senger Zäit an der Lëtzebuerger Regierung am Verwaltungsrot vun der CLT souz, bis 1968 (Le Soir, 18.10.1993). Och säin Vizepräsident aus der EG-Kommissioun gëtt matgeholl an d’Lëtzebuerger Privatwirtschaft fir mat de Medien an de Satelitten Geschäfter ze maachen, den Etienne Davignon, gëtt Vizepräsident vum Satelitebedreiwer SES (Land, 20.12.1985).

Haudesdags wir dat net méi méiglech – fir d’Memberen vun der EU Kommissioun gëlt och no hierem Mandat ee Beruffgeheimnis: Internt Wëssen aus der Politik duerf een sech also net an aneren Beruffer an der Priwatwirtschaft zu Notze man. Dass zB. ee Viviane Reding vun der EU-Kommissioun direkt an d’Kuratorium vun der aflossräicher Bertelsmann-Stëftung wiesselt ass lo net méi méiglech. En ëmfassenden Verhalenskodex gouf déi éischte Kéier 1999 opgestallt.
Mee goufen et virdrunner keng Reegelen? Dach: „Bei der Aufnahme ihrer Tätigkeit übernehmen sie die feierliche Verpflichtung, während der Ausübung und nach Ablauf ihrer Amtstätigkeit die sich aus ihrem Amt ergebenden Pflichten zu erfüllen, insbesondere die Pflicht, bei der Annahme gewisser Tätigkeiten oder Vorteile nach Ablauf dieser Tätigkeit ehrenhaft und zurückhaltend zu sein.“

„Éierenhaft an zeréckhalend“, wéi d’Fusionsverträg et fir Kommissiounsmemberen virgesinn, ass den Gaston Thorn an sengem neien Job genee sou mann, wéi an senger Zäit als Kommissiounspräsident. Den Henri Roemer, DP-Member, lëtzebuerger Diplomat an CLT-Pressespriecher schreift a sengem biografeschen Sammelband zum Gaston Thorn (S. 356): „Unser Präsident Gaston Thorn hatte in seiner aktiven politischen Laufbahn hervorragende Kontakte zu holländischen Politikern aufgebaut […] Der CLT Präsident hat kurzerhand mit Ministerpräsident Ruud Lubbers telefoniert, welcher uns über sein Sekretariat einen Termin mit seinem damaligen Minister für Medien Elco Brinkmann arrangierte“. Déi beschwriwwen Episode geschitt kuerz nodeems den Gaston Thorn vun der Kommissioun bei d’CLT wiesselt. Et ass seng Direktive „Télévision sans frontières“, déi am Gaangen ass an déi jeweileg national Gesetzer ëmgesat ze ginn. Genee deen Dag, wou d’Direktive den 2. Oktober 1989 dann och an Holland gëlt, start d’CLT mat „RTL Veronique“ um holläneschen Marché. De Monopoly fänkt un, CLT expandéiert, fusionéiert a gëtt konsolidéiert. Schlussendlech ass en mat der Hëllef vu Bertelsmann de gréisste Medienkonzern vun Europa. De Gaston Thorn bleift bis 2004 mat un der Spëtzt vum Konzern, fir d’Lescht nach vun 2000 bis 2004 als Virsëtzenden vum Verwaltungsrot vun RTL Group.

Den Gaston Thorn dreift d’Visioun, déi och haut nach déi grouss CEOs vu RTL Group a Bertelsmann, deenen mëttlerweil d’CLT-UFA gehéiert, undreiwen: Et hunn. An engem Interview mam Spiegel aus dem Joer 1987 deelt hien seng Vue mat a versteet sech do an enger Reih mam Rupert Murdoch an dem Silvio Berlusconi. 1993 kritt den Gaston Thorn dann den prestigiéisen Titel „Homme de l’année“ vun der MIPCOM zu Cannes, e puer Joer noom Silvio Berlusconi.

Wat fir ee Bild bleift also elo vum Gaston Thorn? Hien ass een groussen Europäer, mee eben een, deen Europa haaptsächlech als e grousst Geschäft gesinn huet. Hien ass een erfollegräiche Politiker a Geschäftsmann, allerdéngs een, fir deen et keng Grenzen tëscht Politik a Business gouf. Hien ass ideologeschen Verfechter vum fräie Maart, en Neoliberalen, eng Vertrauenspersoun vun den europäeschen Chef-Etagen an esoueppes wéi de Papp vun den Reklammen um europäesche Marché.