LIFESTYLE - Faktencheck
Kann ee sech bei der Iwwerpréiwung vun Informatiounen op RTL verloossen?

Phone Photo: Terje Sollie, Pexels, Screenshot: RTL, Montage: RTL EENT
Éischter onwarscheinlech.
Zanter dem 7. Februar 2025 kurséiert op RTL.lu den Artikel mam Titel „Geféierlechen TikTok-Challenge aus den USA elo och an Europa ukomm“. Rieds ass vum sou genannten „Paracetamol-Challenge“, en TikTok-Challenge, wou Jugendlecher dozou animéiert solle ginn, eng Iwwerdosis vum Schmäerzmëttel Paracetamol ze huelen. Et handelt sech hei em eng Story, déi wuel op engem AFP-Artikel baséiert, och aner Haiser wéi den ZDF hu beriicht. RTL mécht hei allerdéngs ausnamsweis richteg journalistesch Aarbecht, an interviewt souguer en Dokter, fir iwwer déi reell Gefore vun sou enger Iwwerdosis opzeklären.
Wou d’journalistesch Aarbecht awer ophält, ass wann et drëms geet ze kucken, ob et dësen Challenge iwwerhaapt gëtt. Een Dag ier RTL dës Story verëffentlecht also de 6. Februar 2025, bréngt di franséisch Libération en Artikel eraus mam Titel: „«Paracétamol challenge» : comment des dizaines de médias ont écrit sur un défi «morbide»… qui n’existe pas“. Tatsächlech huet d’Faktencheck-Websäit Snopes en Artikel aus dem Joer 2015 doriwwer, dass et fir dëse vermeintleche Social-Media-Trend keng Beweiser gëtt – dat eenzegt, wat geännert huet, as d’Plattform em déi et geet.
D’AFP ass hei also op en Hoax era gefall, an RTL huet d’Story réischt opgeholl, nodeems se schonn als solch entlarvt war – an natierlech ni e Rectificatif verëffentlecht.
Net fir d’éischt
Dat alles erënnert staark un déi sou genannten „Momo-Challenge“, iwwer déi RTL am Joer 2018 eng Jett Artikel verëffentlecht huet. „Et héiert sech schrecklech un, et mengt ee bal et kënnt net wouer sinn. An awer ass de sougenannte Momo Challenge leider eng seriö Realitéit.“, „geféierleche Momo-Challenge och zu Lëtzebuerg ukomm, an e puer Méint drop, „De Ministeren no keng Info iwwert ee Momo-Challenge zu Lëtzebuerg“. Et geet em eng Rei Suiciden ënner Jonken aus verschiddene Länner, déi angeblech op dës Challenge zréck ze féiere solle sinn – Beweiser heifir gouf et keng, an nodeems genuch Panik gemaach gouf a raus koum, dass et effektiv just en Hoax war, huet och RTL einfach net méi driwwer geschwat.
Haut huet de „Momo Challenge Hoax“ souguer en eegenen Wikipedia-Artikel. E Rectificativ säitens RTL feelt awer och hei bis haut.