© RTL EENT

Dës Nouvelle iwwerrascht: No engem Wollef am Oste vum Land an enger Kaz am Zuch bis an d’Stad gouf elo een Haifësch am Stau gemellt.

Et ass kee verfréiten Abrëllsgeck. Am Norde vum Land suergt d’Meldung, dass sech am Stauséi méiglecherweis en Hai befënnt fir Polemik an Opreegung. Entspriechend Film- a Fotoopnahmen mussen nach vun der Naturverwaltung analyséiert ginn, mee Villes deit op d’Presenz vun engem Hai, méi genee engem Carcharhinus leucas am gréisste Séi vum Land hin.

Solle mer all Observatioun, all potentielle Hai am Grand-Duché eraus ginn oder waarde mer besser of, wat sech da vläicht an nächster Zäit bestätegt? Eng Fro, op déi et keng Äntwert gëtt, déi allgemeng gëlteg ass. Also weie mer of. Den Hai-Expert vum Staat Fernand Bley recommandéiert trotz allem, de Côté scientifique net aus den Aen ze verléieren. Et sollt een och weider op alle Fall mellen, wann ee mengt, en Hai gesinn ze hunn. D’Thema „Hai“ ass e sensibelt, dat op alle Fall oppe muss diskutéiert ginn.

Weider Informatiounen ab muer op RTL1.lu an den 12.04. um 20h00 an der Abtei Neimënster.