© RTL EENT

Zwee Méint laang gouf et all Dag nei Artikelen, wéinst dem Theaterstéck gouf et eng kuerz Ënnerbriechung. Elo gi weider Projeten ugekënnegt.

E puer Deeg wor et méi roueg ginn um Site vun RTL Eent, méi genee gesot zanter der Première vum Theaterstéck „Ween stoppt RTL?“. Iwwer 20 Persounen aus der RTL Eent Redaktioun waren d’Stéck am Kasemattentheater kucke komm. Déi Deeg drop, nodeems och dee leschte Choleriker ënnert eis nees niichter wor, gouf da versicht e Bäitrag zum Stéck ze formuléieren. Als Service Public si mir jo eigentlech verflicht dat kulturellt Liewen am Land ofzebilden. Dës Aufgab huet eis awer därmoossen iwwerfuerdert, well se d’Méiglechkeet abegraff hätt, enger Kritik un RTL Plaz op RTL anzeraumen. Mir hunn et schlussendlech si gelooss a wollten elegant sou weidermaachen, wéi wann dat Stéck ni existéiert hätt.

Allerdéngs hunn eis Kameraleit eis dunn dorops higewisen dass si, wéi bei RTL üblech, ouni ze froen einfach dat ganzt Stéck gefilmt hunn. Gratis-Content konnte mir nach ni widderstoen, well da musse mir näischt schaffen. Deemno wäert muer d’Stéck „Ween stoppt RTL?“ hei um Site ze fanne sinn.

E weidere grousse Projet annoncéiert sech

Domat awer net genuch, RTL1 Informatiounen no gëtt deen nächst grousse Projet iwwert de Lëtzebuerger Mediemonopolist geschwë präsentéiert. Op rtl1.lu sidd Dir déi éischt, déi informéiert gi wäerten.

Bis zum Start vum nächste Projet wäerten op rtl1.lu dann och nees wéi gewinnt nei Artikelen erschéngen. Méiglecherweis wäert och op anere Plazen an der Gesellschaft déi néideg Diskussioune ronderëm d’Zukunft vun de Medien zu Lëtzebuerg ufänken.