© RTL EENT

Dat neit 3D-Autosspill aus dem Haus RTL Eent léisst keng Wënsch op an ass net nëmme fir d’Fans vun den Accidentsfotoen op rtl.lu en absolutte Must. Den David Frühling huet sech zesumme mat der kompetenter Gamingredaktioun vu MeineOnlinewerbung dat neit Spill ugekuckt, dat elo schonn zu Lëtzebuerg all d’Rekorder brécht.

Den Hiersteller*inne vun „Hei Elei, Knips Elei“ ass et gelongen, eent vun deene beléiftsten News-Formater vun RTL an e spannend Spill ëmzesetzen. Et geet hei wuelgemierkt ëm d’Rubrik vun den Accidentsfotoen, mat deenen sech immens vill Klicks op Basis vum Leed vun anere Leit generéiere loossen. Firwat esou Fotoen iwwerhaapt publizéiert gi sollten erkläert iech rtl.lu an engem héichst problemateschen Artikel op hirem Site. RTL Eent huet eng änlech Erklärung online gesat an huet den Challenge acceptéiert fir nach wesentlech méi Accidentsfotoe wéi RTL ze produzéieren.

Ambulanz op der Kopp tëscht Schlënnermaanech an Wäiswampech. ©Olivier Sonnden

Klammt och dir an den RTL Eent Auto an an d’Course eran, fir sou séier wéi méiglech sou vill wéi méiglech spektakulär Fotoe vun engem Accident op eise Stroossen ze produzéieren. Heibäi vergréissert sech de Wäert vun der Foto, wat den accidentéierten Auto méi deier ass. Et ass un iech, fir als éischte sur Place ze sinn… an eventuell nach ee bëssi nozehëllefen. Wann der genuch Fotoe geknipst hutt, geet et zeréck an den RTL Eent Headquarter fir d’Biller ofzeliwweren an ofzekasséieren. Den Headquarter ass am Spill eng impressionant an detailversiessen Nobildung vun der Villa Louvigny, dem historesche Sëtz vun der CLT.

Besonnesch geléngt et dem Spill, d’Loscht un engem Accidentsspektakel novollzéibar ze maachen. „Hei Elei, Knips Elei“ reproduzéiert déi nämmlecht primitiv Gefiller, déi beim Kucken vun den Accidentsfotoen op rtl.lu entstinn. Firwat géif een sech Fotoe vun Accidenter ukucken? Firwat géif een duerch d’Land fueren, mat der Missioun, grousst Leed méiglechst nach ganz frësch ze knipsen? Firwat géif een als „Service Public“ all Woch op en neits säi Public net just iwwer klengen Accident z’informéieren, mee him d’Méiglechkeet ginn sech d’Detailer vun all Tragedie an enger Fotosgalerie unzekucken? Dës Froe kënnt Dir spéider mat ärer Psychotherapeutin klären, fir de Moment genéisse mer einfach vun doheem um Computer aus déi spektakulär Biller an de Fait, dass mir net selwer betraffe sinn.

Massekarambolag op eise Landstroossen. ©Olivier Sonnden

D’Spill kritt vun eis eng perfekt 10 vun 10, well RTL Eent dat hält, wat ee vun rtl.lu gewinnt ass, an nach doriwwer eraus ëmmer nees z’iwwerrasche weess. An dat muss och mol mat engem perfekte Score belount ginn.

*Informatiounen an Audiomaterial (wéi Interview-Material) kritt d’Redaktioun vun RTL Eent vu „MeineOnlinewerbung“ aus Däitschland. Well e Konschtkollektiv peinlecherweis opgedeckt huet, dass mir op RTL Schleichwerbung schalte, fille mir eis genee wéi den David Winter op rtl.lu lo dozou gezwongen, esou een dommen Disclaimer ze schreiwen an deem mir erklären, „dass et sech heibäi ëm e Gewënnspill a keng Review/Bewäertung vum Spill handelt. Eng ausféierlech Review kënnt an der Reegel méi spéit a separat no, an sou Artikelen ass dann och kee Gewënnspill“. Ännert dat eppes um Fait, dass dësen Artikel eng verstoppte Reklamm ass? Nee. Mee et wierkt awer sou, wéi wa mir eppes gemaach hätten.