© RTL EENT

De Camille Aal presentéiert wéi all Stonn ee coup de coeur, mat dem hien nëmmen entfernt finanziell Verstréckungen huet. D’Land gëtt ëmmer méi kleng, wie soll dann do schonn nach den Iwwerbléck halen?

Wousst der schonn, dass et zanter Ugangs de Joers een neie Produit aus der Famill RTL gëtt? Op dem Site rtl1.lu, fënnt een ewell den offiziellste Service Public vum eenzege Sender am Land. Service Public kënnt iech elo villäicht als Begrëff e bëssen dréchen an ofschreckend dohier, mee keng Suerg: op eisem neie Site bleift alles beim Alen. An dat heescht virun allem, dass mir eisen eegene Site notze fir Reklamm ze maachen. Fir eis selwer.

RTL1 ass sou, wéi dir et schonn ëmmer vun eis gewinnt sidd an dir fannt hei alles, wat eis iwwer Joerzéngten zu dem gemaach huet, wat mir haut sinn. Bekannt Gesiichter, vertraute Stëmmen an all eis Produiten op enger Plaz. RTL1 bitt iech nëmmen dat bescht. Och an Zukunft bleift dëse Site d’Nr. 1 fir déi ënnerhalsaamst Accidentsfoto-Kollektiounen, déi wichtegst Eventprogrammer, den informatiivsten „Journalismus” an déi beschte Reklammen aus dem Land.

RTL1: Eng grouss, lackeleg Offer

D’RTL1-Computerspill, d’RTL1 Theaterstéck, den RTL1 Radio a lo och nach den RTL1-Film? Do freet ee sech, op RTL1 da wierklech all Aspekt vun eisem Liewen hei am Land ofdeckt. D’Äntwert ass: Jo.

Laangjäreg Kollaboratioune mat de gréissten Nimm an der Lëtzebuerger Geschäftswelt garantéieren eise Clienten och an Zukunft ëmmer de beschten Accès op eis Konsumenten, deenen näischt aneres iwwereg bleift wéi RTL anzeschalten. Wat sollen se da maachen, 100komma7 lauschteren? An dësem Sënn: RTL1, nëmmen dat bescht.