Screenshot RTL

An engem rezente Reportage iwwer d’Model Mandy Graff heescht et: „RTL ass jiddwerfalls stellvertriedend fir vill Lëtzebuerger houfreg op dës Leeschtung“. Op d’Lëtzebuerger*innen houfreg op d’Leeschtung vun RTL sinn?

Et ass Ouschtervakanz an net just d’Schüler*innen an déi Deputéiert aus der Chamber hu Vakanz, mee offensichtlech och d’Personal bei RTL. Um Site rtl.lu si bal just nach kopéierte Police-Rapporten an iwwersaten Agencëmeldungen ze fannen an op RTL Tëlee schéngt een och net ze wëssen, wat een nach sende soll. Spontan sent RTL e Sonnden e Reportage iwwer déi ehemoleg Kandidatin vun Germany’s next Topmodel Mandy Graff. „Wéi d’Karriär duerno weidergoung a wou déi jonk Fra haut drun ass, dat gesitt der elo“ gëtt de Beitrag umoderéiert. Woubäi „haut“ wuel éischter eng Metapher ass, de Bäitrag gouf nämlech schonns virun iwwer engem Joer fir déi éischte Kéier op RTL ausgestraalt.

Rediffusioune gehéiere bei RTL zum Programm, ab 20h00 widderhëlt sech de Contenu vum Dag. Kuckt een de ganzen Tëleesprogramm stellt ee fest, dass den „eegenen“ an zumindest meeschtens „neien“ Contenu vun der RTL Tëlee seelen iwwer eng Stonn den Dag rauskënnt - an dovunner missten nach d’Reklammen ofgezu ginn. Eng 25 Minutte Journal a virdrunner eng 25 Minutten „Magazine“, „Live Planet People“, heiansdo „Pisa“ oder „No Art on Air“, je no Wochendag. Uewendrop gëtt et Sonndes a Méindes e Sportprogramm an Donneschdes heiansdo den „Kloertext“. Eigentlech misst RTL dem Staatsvertrag no méi produzéiert, mee RTL ignoréiert d’Virgaben. De Recht vum Programm ass nieft de Rediffusiounen ee Live-Stream vum Radio, externe Contenu a Reklammen. Vill Reklammen.

Fir wéi vill Contenu a Qualitéit huet de Staat bezuelt?

Käschtepunkt, wann een der CLT-UFA da gleewe wéilt, wiere 24 Mio € fir dëse Programm pro Joer. Well RTL op d’Transparenz vu senge Finanze verzicht ass et schwiereg festzestellen, wéi vill wéi eng Sendung kascht. Béi héichgegraffenen bal 8 Stonnen eegene Contenu d’Woch géif eng Stonn RTL ca. 60.000€ kaschten, also ee Minuttepräis vun 1.000€. Dass des Käschten eigentlech eng gewësse Qualitéit mat sech zéie missten ergëtt sech zum Beispill aus dem Verglach mat de Käschte vun aneren ëffentlech-rechtlechen Tëlee-Sender. Dat renomméiert Wëssensmagasinn „Nano“, dat an um ZDF an 3Sat leeft kascht zum Beispill am Schnëtt 20.000€ fir eng Folleg vun 28 Minutten. Déi wichtegsten däitsch Noriichteformater, wéi d’„Tagesschau“ mat am Schnëtt iwwer 10 Milliounen Zuschauer*inne kaschten ca. 2.000€/Minutt.

De Produktiounsopwand vun engem Reportage vun RTL Tëlee Lëtzebuerg ass natierlech net mat de Sendunge vun de groussen ëffentlech-rechtleche Programmer ze vergläichen. Bei der RTL Tëlee kann ee frou sinn, wann sech de „Reportage“ net just op een eenzelt Interview begrenzt, bei deem vläit nach e bëssi Schnëttmaterial aus dem RTL-Archiv drënner gemëscht gouf.

Sou wéi beim Reportage iwwer d’Mandy Graff, dee lo fir eng zweete Kéier als aktuelle Contenu präsentéiert gouf. Eng kleng Ännerung gouf et awer, 2023 huet et an der Umoderatioun nach geheescht: „Am Moment leeft jo och grad déi nei Staffel vun der däitscher Casting- Show Germany’s next Topmodel. An do ass viru 16 Joer d’Mandy Graff dat fënneft ginn“, e Sonnden dann „2007 war ee jonkt Nowuessmodel ganz vir mat derbäi. D’Mandy Graff. An et gouf souguer dat véiert“. Et geet also biergop.