Photo: ©SMC

Am Konzessiounsvertrag mat der CLT-UFA spezifizéiert de Staat, wéi eng Programmer RTL a Contrepartie zu Milliounen u Subventiounen ze produzéieren huet.

Endlech gëtt et konkret. Am Kapitel „1.2. Engagements relatifs au service public en matière de télévision“ gëtt opgelëscht, wéi eng Inhalter RTL produzéiere muss fir der am Konzessiounsvertrag definéierter Mission de Service Public gerecht ze ginn.

D’CLT-UFA, de Konzern hannert RTL, engagéiert sech fir een „public résident le plus large possible“ unzeschwätzen, dat mat engem Programm, deen haaptsächlech op Lëtzebuergesch si soll. Deeglech soll een „Journal d’informations“ lafen. Et gëtt och eng Zort thematesch a strategesch Ausriichtung festgehalen, de Programm soll et erméiglechen d’Welt vun haut ze verstoen a spezifesch wirtschaftlech, sozial a wëssenschaftlech Theme behandelen a Froe ronderëm d’Integratioun, d’Solidaritéit an d’Gesellschaftlech Verantwortung thematiséieren.

Elementer, déi fest am Programm verankert si sollten

  • Een deeglechen Informatiounsprogramm vu min. 30 Minutten, deen am Laf vum Owend mat franséischen Ënnertitele rediffuséiert gi soll. De „Journal“ op RTL erfëllt dës Konditiounen net wierklech, d’Format huet éischter eng Längt vu 25 Minutten an ass vu Reklammen encadréiert fir den 30-Minutte Slot ze fëllen, heiansdo gëtt souguer nach 5 Minutten „Piccobello“ an dee Slot ragedréckt.
  • Eng (oder méi) Kultursendunge mat der Gesamtdauer vun enger Stonn pro Woch an dat wärend mindestens 10 Méint am Joer (fir eng Summervakanz z’erlaben). Hei liwwert RTL mam „No Art on Air“ an der just nach seelen erschéngender „Art Box“ awer maximal 30. Minutte pro Woch of, wouvunner dee gréissten Deel käschtegënschteg mat enger Talk-Ronn gefëllt ass.
  • Eng oder méi Sportemissiounen, och iwwert eng Dauer vun enger Stonn pro Woch. Mam „Sport Weekend“ an der Sendung „Goal“ vu jeeweils enger hallwer Stonn kënnt RTL hei usazweis senge Verflichtungen no, et däerf een sech awer froen a wéi fern Live-Iwwerdroungen als Sportemissiounen zielen.
  • Eng oder méi Emissiounen als Informatiounsprogramm an der Gesamtdauer vun enger Stonn pro Woch fir déi Net-Lëtzebuergesch Communautéiten hei am Land. Vun esou enger Sendung feelt am Tëleesprogramm vun RTL all Spuer. Schonn am Konzessiounsvertrag fir den Zäitraum vun 2021 bis Enn 2023 gëtt esou eng Sendung, allerdéngs an der Gesamtdauer vun 30 Minutte pro Woch, erwäänt. Produzéiert gouf awer just iwwer kuerz Zäit dat net mol 5-minuttelaangt Format „Portugais du Luxembourg“, dat 2023 all zweete Samschde gelaf ass.
  • Eng oder méi edukativ Sendungen. Och hei ass dem RTL Tëleesprogramm no net kloer, wéi eng vun RTL produzéiert Sendungen hei drafalen. De Verdacht kënnt op, dass RTL verschidde co-produzéiert Sendungen hei ziele loosse wéilt, z.B. d’Sendung „Pisa“ („presented by FNR“), d’Energie-Tipps (gesponsert vun der „Klima-Agence“) oder d’Sendung „Wou deet et wéi?“ (gesponsert vun den „Hôpitaux Robert Schuman“)

Donieft stinn och nach politesch Diskussiounsformater an den Oplagen, hei awer ouni e Volume ze spezifizéieren. Fir Walperiode ginn et speziell Oplage fir RTL an a verschiddenen Sonderfäll, wéi zum Beispill Katastrophen, soll d’Tëlee dem Staat zur Verfügung stoen.

D’Kapitel gëtt mat enger Rei Punkten zur Iwwerdrounegstechnik ofgeschloss. RTL kritt hei nach eng Kéier explizit d’Recht zougestane Reklammen ze senden, ass awer och dozou verflicht een Accessibilitéitsplang fir Persoune mat enger Behënnerung auszeschaffen. Fir d’Lëtzebuerger Staatsbierger*innen och ausserhalb vu Lëtzebuerg z’erreechen, verflicht sech RTL eng Iwwerdroung och per Satellit ze garantéieren.

An engem nächsten Deel vun der Serie iwwert den aktuelle Konzessiounsvertrag geet et dann ëm d’’Bestëmmunge fir de Volet „Radio“ am Kontext vum Service Public. Bis elo an der Serie:

  1. „E besonnesch dichtege Vertrag, deen nach fir vill Problemer suerge wäert.“
  2. „Eng „Mission de Service Public“ fir ee kommerzielle Sender“
  3. Qualitéitskontroll bei RTL?
  4. Wéi eng Ziler a Missiounen huet RTL - ausser Suen ze maachen?
  5. Eng „Commission de Suivi“ ënnert der Kontroll vum Ministére