Photo: RTL Eent

RTL Lëtzebuerg huet Iech dëst Joer keen Abrëllsgeck gegënnt, wuel awer RTL1.

Zwar versicht Bertelsmann schonns zanter längerer Zäit RTL Lëtzebuerg lasszeginn, mee net, wéi mir gëschter gemellt hunn, de Sender un eis ze verkafen. Bei RTL selwer gouf et dës Joer wuel näischt ze laachen. Oder louch et vläit dorunner, dass dësen éischten Abrëll op den Ufank vun der Ouschtervakanz an op e Feierdag gefall ass, dass RTL op säin traditionellen Abrëllsgeck verzicht huet?

Dobäi wor RTL dach all déi Jore besonnesch kreativ, wann et drëms gaangen ass mol een Dag laang net just Police-Rapporten ze kopéieren. Dacks huet RTL säin Abrëllsgeck mat engem Thema a Verbindung bruecht, dat eis all am meeschten um Häerze leit, dem Auto. D’N7 géif 4 Spuere kréien, d’Stoppschëlder géifen ersat ginn, d’Autoen aus engem Parkhaus géife versteet ginn an am Tunnel Stafelter géifen Tester gemaach ginn: 4 vun 8 Abrëllsgecken aus deene leschten 10 Jore waren op de wichtegste Public vun RTL cibléiert: d’Automobilist*innen. D’RTLs Abrëllsgecke funktionéiere meeschtens zimmlech gutt, wat dorunner läit, dass sech d’Aart-a-Weis wéi déi normal RTLs-Artikele geschriwwe sinn a wéi si sech verbreeden am Fong genee sou opgebaut sinn, wéi den Abrëllsgeck. Et geet dacks ëm belanglos Kuriositéiten, déi dann esou formuléiert an inzenéiert ginn, dass d’Leit aus Virwëlz drop klicke ginn, bzw. drop rafalen. Kee Wonner also, dass um RTL Facebook och dëst Joer nees ënnert all Artikel deen RTL gepost huet vu User*innen „Abrëllsgeck?“ drënner kommentéiert gouf.