Photo: RTL

Wéi sech d’Regierung an d’CLT-UFA iwwer d’Parlament lëschteg gemaach hunn.

Zanter dem 1. Januar dëst Joer gëllt deen neie Staatsvertrag tëscht dem Staat an der CLT-UFA, dem Konzern hannert RTL Lëtzebuerg. Bis zu 15 Milliounen Euro kann RTL pro Joer vum Staat kréien, fir een Defizit auszegläichen. Wéi genee d’Finanzéierung vun RTL gelénge kann - ëmmerhi gëtt hei eng privat Entreprise ouni Ausschreiwung vum Staat beoptraagt - gëtt am Vertrag gekläert, an huet och misse vun der Chamber iwwer ee Finanzéierungsgesetz ofgestëmmt ginn.

Et ass eng komplizéiert Ugeleeënheet. Ëmmerhi misst RTL genee weisen, wéi deen ominéisen Defizit entstoe géif an dofir eng Compta virleeën, déi all hier Aktivitéiten transparent oppeleet. D’Membere vun der Mediekommissioun vum Lëtzebuerger Parlament kréien de finanziellen Deel vum Vertrag an der Sëtzung vum 21. September 2021 fir ze diskutéiere virgeluecht. De Medieminister Xavier Bettel huet sech excuséiere gelooss, fir d’Regierung schwätzt: de Paul Konsbruck. Eng Persoun, déi sech Beschtens mat der CLT-UFA auskennt.

De Paul Konsbruck wor dee Moment deen enkste Beroder a Chef de Cabinet vum Premierminister Xavier Bettel. Schonns direkt um Ufank vum Xavier Bettel sengem éischte Mandat als Premierminister ass de Paul Konsbruck als Kommunikatiounsberoder bei de Staat gewiesselt - an zwar vun der CLT-UFA aus. Beim Mediekonzern huet hien d’éischt jorelaang als Journalist fir RTL Radio Lëtzebuerg geschafft a wor dann Chefredakter vun Eldoradio, enger Duechterfirma vun der CLT-UFA. Schonn 2017 huet de Xavier Bettel de Paul Konsbruck zum „Commissaire du Gouvernement“ innerhalb vun der CLT-UFA ernannt. Dass et och de Paul Konsbruck ass, deen net just virun der Mediekommissioun de Vertrag tëscht Staat an CLT-UFA präsentéiert, mee dësem och mat ausgehandelt huet, gëtt awer vu kengem a Fro gestallt.

Zu enger richteger Diskussioun kënnt et net. Wéi och, de Medieministère huet déi wichteg Pabeiere réischt ganz kuerz virun der Reunioun un déi Deputéiert ausgedeelt an de Paul Konsbruck geet alle wichtege Froen, zum Beispill där wéi vill Recetten RTL duerch Reklammen erakritt, aus dem Wee. Um Schluss vun der Reunioun dann d’Matdeelung: „M. Konsbruck informe qu’il quittera la fonction publique et que Mme Anne-Catherine Ries sera la future commissaire de Gouvernement près la CLT-UFA“. Dass de Paul Konsbruck nämlech säi Poste verloosse wäert an op een Direkteschposten an der Wirtschaft placéiert gouf, wou hien sech am Alter vu grad emol 40 Joer da bis zur Rent eng gëllen Nues verdénge kann, wor schonns zanter Méint gewosst. D’Konventioun tëscht Staat an CLT-UFA an dréchen Dicher kréien ass wierklech seng allerlescht Handlung, de Paul Konsbrück arrangéiert praktesch een Deal tëscht sengen zwee Ex-Employeuren. Duerno kënnt hien iwweregens op eng Positioun, wou him d’Lienen zu béide gutt nëtze wäerten.

Well de Xavier Bettel sech fir d’Reunioun excuséiere gelooss huet an de Paul Konsbruck eng Woch méi spéit schonn net méi fir d’Regierung schafft ass also zum absolut wichtegste Moment an der parlamentarescher Diskussioun iwwert den RTL Staatsvertrag eigentlech kee Responsabele vun der Regierung do. Ass dat bewosst geschitt, well gewosst wor, dass hei eigentlech deen heikelsten Deel vun der Konventioun zur Diskussioun stoung? Am Fong gouf de Geck mat de Parlamentarier gemaach. Si haten net déi néideg Informatiounen, keng Zäit fir d’Virbereedung an dann och net mol e richtegen Uspriechpartner viru sech, mee een Ex-CLT-UFA Mataarbechter, dee grad de beschtméiglechen awer immens wackelegen Deal fir d’CLT-UFA u sengem leschten Aarbechtsdag an dréchen Dicher brénge wollt.