© Internet

Haut ass „Trans Day of Visibility“. Wat wëllen se dann elo, nach méi schlecht Representatioun?

D’Haaptsäit vun RTL verëffentlecht ëm 2 Artikel iwwer queer Themen am Joer, üblecherweis pünktlech zur Pride. Ausserhalb vun der Pride gëtt d’Thema just ugeschwat, wann et drëm geet, e Review vum neien Harry-Potter-Spill ze rechtfertegen. D’RTL1 Redaktioun huet iwwerpréift, ob dat wat RTL iwwer queer Leit beriicht, iwwerhaapt d’Wuert „Representatioun“ verdéngt huet.

Inhaltlech gesinn dës Artikelen en absolutte Minimum u Recherche a Suergfalt, a benotzen Ausdréck, déi schonn an den 90er als komplett inakzeptabel kritiséiert gi wieren. Als Beispill: en Artikel vun 2023 doriwwer, wat déi eenzel Buschtawe vun der LGBTQI+ Ofkierzung bedeiten, liest sech wéi eng iwwert de Knéi gebrachen Hausaufgab - inklusiv enger falscher Definitioun vum Terme „Intersex“.

RTL vergoogelt sech: Dëst as di richteg Definitioun… fir den Terme „non-binary“

Klischeehaft Berichter iwwer trans* Persounen

Anstatt den ILGA Guidelines fir Beriichterstattungen iwwer LGBTQI+ Persounen ze follegen, bedreiwen RTL-Journalist*innen léiwer den sou genannten „deadnaming“; d’Praxis, eng trans* Persoun mam falschen Numm unzeschwätzen, respektiv mam falschen Numm iwwer si ze berichten.

An engem Artikel iwwer d’Caroline, eng trans Fra, widderhëlt RTL ëmmer an ëmmer rëm hiren Deadname, reproduzéiert Klischeeë wéi „gebuer am falsche Kierper“, a reduzéiert si um Schluss och nach komplett op hier geschtlechtsugläichend Operatioun.

Am RTL-Archiv fënnt sech de selwechte Schema ëmmer rëm. 2021, an engem Segment an der RTL-Show „Mënschen a Geschichten“, gëtt d’trans Fra Veronica direkt mat hirem Deadname an ale Pronomen ugeschwat. Souguer an der Beschreiwung vun der Episod gëtt just den Deadname erwäänt, a wéi beim uewe genannten Artikel gëtt sech och ëmmer nees dem „gebuer am falsche Kierper“-Klischee bedéngt - hei ass et souguer den Titel vun der Episod. „U sech sidd der nach e Mann“, seet d’Reporterin zur Fra.

2020 dat nämmlecht, dës Kéier iwwer en trans Mann, de Jan. Hie gëtt bei enger OP gewisen, a wärend se dës Kéier wéinstens säi richtegen Numm an di richteg Pronomen an der Intro vum Video erwänen, gëtt en awer am Laf vum Video ëmmer nees gedeadnamed, an nees gëtt den „gebuer am falsche Kierper“ Klischee benotzt.

Trans Persounen ze „misgenderen“, also absichtlech mam falsche Geschlecht bzw mat de falsche Pronomen unzeschwätzen - sief et am direkte Gespréich oder nodréiglech an engem Voiceover - ass gewaltvoll op eng Aart a Weis, déi fir cis Persounen oft schwéier nozevollzéien ass. D’Obsessioun mat de Kierper an de Genitalie vun trans Persounen, déi an dësen Artikele kloer gëtt, ass net just verwerflech a respektlos, mee zudéifst schiedlech a kënnt der Verantwortung vu seriöe Journalist*innen a kenger Weis no. An deem Sënn erreecht RTL bei dësem Thema och d’Standarde vu sengem allgemengen etheschen a journalisteschen Niveau.

D’Journalist*innen (déi sech oft hannert dem allmächtegen Auteur „RTL“ verstoppen) sollte sech vläit schummen doriwwer, wéi se mat dësen Themen ëmginn, a sech Zäit huele fir z’iwwerdenken, ob se iwwerhaapt iwwert eppes sollte beriichten, wa se et net ouni schiedlech Stereotyppen an Onwourechte fäerdeg bréngen. Mee och dat kéint ee verallgemengeren an et géif d’RTL1 Redaktioun staark wonneren, falls kritesch Reflektioun bei RTL jee zu Staane komme sollt.

Dës fetischiséirendend a sensationaliséierend Narrativer droe bäi zu engem Ëmfeld, dat ëmmer méi feindlech géintiwwer vun trans Persoune gëtt. De lëtzebuerger Mediemonopolist dréit zu engem Klima bäi, dat Schold un dem erhéichte Suizid-Taux, Selbstverletzungen, a mentalen a physesche Problemer bei trans Persounen ass, an dëst scho vun engem jonken Alter un. Et ass offensichtlech, dass se net mol probéiert hunn, hei enger Suergfaltspflicht nozekommen, an et warscheinlech och an Zukunft net vir hunn.

Et geet och anescht

Dat alles steet a staarkem Kontrast zu RTL Today, dem engleschsproochege Site vun RTL. Hei schéngen eng oder zwou queer Persounen et fäerdeg bruecht ze hunn, sech an d’Redaktioun ze verlafen, an hu gutt recherchéiert, gutt geschriwwen, a befreiend Artikel aus der Siicht vu queere Persounen verëffentlecht. RTL1-Informatiounen no weist de richtegen RTL all Verbindung zu dësen net approuvéierten Persoune vun RTL Today of an huet vir, an de Medien, déi wierklech konsuméiert ginn, weiderhin almoudesch an transphob ze bleiwen.

Anescht wéi bei RTL üblech, gouf dësen Artikel vu Persounen aus der LGBTQI+-Communautéit verfaasst.