Photo: RTL

Eng Iwwersiicht mat den involvéierte Persounen.

Net just d’DP ass personell enk mat RTL verbonnen, och d’CSV verfüügt historesch iwwer een enkt Netz u Verbindunge mam gréisste Sender am Land - an dat obschonns d’CSV jo och schonns mam gréisste Printmedium „Luxemburger Wort“ verbonne war. A wéi fern d’CSV fréier net gezéckt huet fir eng Hegemonie bei de Medien hierzestellen huet e.a. d’Diskussioun 1981 gewisen, wéi d’CSV de Wort-Direkter Heiderscheid an de Verwaltungsrot vun der CLT placéiere wollt. Op RTL Eent hu mir schonns iwwert de Jean-Louis Schiltz beriicht, dee Kommunikatiounsminister war an duerno bei d’CLT-UFA, dem Konzern hannert RTL, gewiesselt ass an och gewisen, wéi d’Viviane Reding als EU-Kommissärin en Faveur vu Bertelsmann, dem Mammekonzern vun der CLT-UFA, regéiert huet. Mee d’Lëscht ass vill méi laang.

Fir een Iwwerbléck op d’Relatiounen tëscht RTL an der CSV ze kréien, ginn hei nees dräi Kategorien opgestallt. Versicht gouf hei net ze vill wäit an d’Geschicht eranzegoen, mee e Bild vun ca. 1991 un (dem Vote vum éischte Mediegesetz) bis haut opzezeechnen. Natierlech gouf et och virdrunner deels nach wesentlech méi flagrant Vermëschunge vu Politik a Medien. Fir vläit déi zwee wichtegst Beispiller erauszepicken: Laangjärege Generaldirekter vun der CLT, der Firma hannert RTL, wor de Gust Graas. Hien ass eng Zort Grënnerfigur vun RTL Tëlee, war och schonns zanter 1962 Personal-Chef an duerno bei all deenen zentrale Projete vun der Weiderentwécklung vun der CLT-UFA dobäi. Parteipolitesch neutral wor de Gust Graas awer net, och innerhalb vun der CSV huet hien eng Roll gespillt, hat hien dach d’CSV Jugendorganisatioun CSJ gegrënnt. De Pierre Werner wor net just Premierminister zu Lëtzebuerg, mee duerno och Direkter vum Verwaltungsrot vun der CLT-UFA.

Komplett ass déi follgend Lëscht warscheinlech net, sollten iech nach Nimm bekannt sinn, schreift eis gären eng Mail.

1) Bekannt Gesiichter woen de Sprong an d’Politik

  • Hefteg verspekuléiert hat sech de laangjäregen RTL-Journalist Frank Kuffer, deen 2013 fir d’CSV mat an d’Wahlen gezunn ass. Nach kuerz virdrunner war hien ee vun deene wichtegste politesche Journalisten op RTL, deen och gären a Commentairen géint d’Parteien ausgedeelt huet, zumools géint d’LSAP , a scho stoung hie fir d’CSV am Norden op der Lëscht. Resultat: leschte Plaz. De Frank Kuffer stoung also ouni Job do an ass am Lycée zu Ettelbréck ersetze gaangen ier hie vun der CSV als Kommunikatiouns-Chef vun den EU Deputéierte rekrutéiert gouf. Haut setzt hie fir d’CSV am Gemengerot zu Ierpeldeng an ass Responsabel fir d’Presseaarbecht vun der CSV-Fraktioun.
  • Och beim Nico Keiffer, RTL-Sportjournalist, klappt et net bei de Walen. Uganks 2018 reveléiert de Paperjam, dass den Nico Keiffer wuel Kandidat si wäert. Den Nico Keiffer dementéiert dat net, trëtt awer och net zeréck mee schafft sou laang wéi méiglech weider bei RTL. Zanter 1983 wor hie bei RTL aktiv. No senger Waldefaite ass fir hien awer eegenen Aussoen no éischter „Schluss mat Politik“. Anzwousch anescht schéngt et awer net ze klappen, sou dass hien dann awer kuerz drop awer CSV Mataarbechter gëtt an sech, zesumme mam Frank Kuffer, ëm d’Kommunikatioun vun der Partei këmmert.
  • Schonns zanter 1987 ass de Felix Eischen dem Paperjam no Member an der CSV, seng Karriär fänkt ee Joer duerno bei RTL un. Vun 1988 bis 1997 ass de Felix Eischen Reporter vun RTL Radio Lëtzebuerg ier e bei d’Tëlee wou hie bis 2007 als Moderateur schafft. Vun 2001 un ass hien do en plus „Chef de Service“ fir den RTL Magazine. No enger kuerzer Zäit als Versécherungs-Agent geet de Felix Eischen 2009 fir d’CSV mat an d’Walen a packt et och direkt an d’Chamber gewielt ze ginn. Hien gëtt 2013, 2018 an 2023 erëmgewielt, ass tëschenduerch kuerz CSV Generalsekretär a sëtzt lo ë.a. als President an der Mediekommissioun vum Parlament. Zousätzlech ass de Felix Eischen Buergermeeschter vun der Gemeng Kielen.
  • Et ass mëttlerweil 30 Joer hier, mee och den aktuelle Premierminister Luc Frieden huet eng Zäit fir RTL Bäiträg gemaach. Vun 1981 bis 1994 huet hien eng reegelméisseg Rubrik iwwer juristesch an europapolitesch Theme fir RTL Radio Lëtzebuerg opgeholl, ier hien 1994 eng éischte Kéier an d’Chamber komm ass. A senger spéiderer politescher Karriär war hien 2013 kuerz Medieminister an ass aktuell nieft sengem Posten als Premier och nach Medieminister.

2) Mächteg Decideuren, déi am Interessi vun RTL handelen

  • Als Kommunikatiounsminister ënnerschreift de Jean-Louis Schiltz 2007 déi nei Konzessiounsverträg mat RTL a setzt sech op EU-Level fir d’Interesse vun CLT-UFA an. Duerno sëtzt hien als CSV Fraktiounschef am CLT-UFA Verwaltungsrot, verléisst d’Politik, behält awer säi Sëtz. Seng Karriär innerhalb vum Mediekonzern bréngt hie schlussendlech op de Poste vum Vize-Direkter vun RTL Group. Als CLT-UFA Verwaltungsrot-Direkter ënnerschreift hien 2020 vun der anerer Säit aus de Staatsvertrag.
  • Dem Jacques Santer seng lescht Amtshandlung als Premierminister war et de Konzessiounsvertrag mat der CLT-UFA z’ënnerschreiwen, ier en 1995 Kommissiounspresident zu Bréissel ginn ass. An der neier europäescher Funktioun huet de Jacques Santer weider fir d’Interesse vum Lëtzebuerger Mediekonzern gekämpft a sech fir d’Deregulierung vum Tëleesmarché agesat. Nom Enn vu senger europäescher Karriär huet et net laang gedauert, bis de Jacques Santer an d’Privatwirtschaft gewiesselt ass an 2004 den Gaston Thorn un der Spëtzt vun der CLT-UFA ofgeléist huet.
  • E weidere Kommunikatiounsminister aus de Reie vun der CSV wor de François Biltgen, dee scho viru sengem Ministermandat een Abléck an d’CLT-UFA krut. Säi Mandat als Medienminister fällt an eng Zäit, wou keng nei Konzessioun mat RTL Verhandelt gouf, hie bereet awer déi nächst Etappen en Faveur vun RTL fir. Sou fält beispillsweis déi dringend noutwenneg Reform vun der Medienopsiicht wesentlech manner performant aus wéi néideg wier.
  • Natierlech huet och de Jean-Claude Juncker dacks dat nationaalt Interessi mam Interessi vun RTL gläichgesat an eng gutt Relatioun mam RTL Mammekonzern Bertelsmann gehalen. 1996 huet de Jean-Claude Juncker d’Fusioun vun der CLT mat Bertelsmann erméiglecht an domat matgehollef dee gréisste Mediekonzern an Europa entstoen ze loossen. Als EU Kommssiounspräsident befërdert hien den Ex-Bertelsmann-Lobbyist Martin Selmayr zu sengem Chef de Cabinet.
  • E weideren aflossräichen CSV Politiker ass de René Steichen, deen a senger politescher Karriär souwuel Minister wéi EU-Kommissär war an duerno am Verwaltungsrot vun der CLT-UFA souz. Zousätzlech war hie President vum Satellittebedreiwer SES, an huet zu engem wichtege Moment d’Zesummespill vun SES an CLT-UFA iwwerkuckt.

3) Firwat Staat oder RTL wann och béides gläichzäiteg geet?

  • D’Françoise Hetto-Gaasch huet vun 1993 bis 2004 fir RTL Tëlee Lëtzebuerg geschafft, ier dass si 2004 mat an d’Chamberwale gaangen ass an och de Sprong an d’Parlament an 2009 souguer an d’Regierung gepackt huet. Allerdéngs war d’Françoise Hetto-Gaasch schonns virun de Walen 2004 politesch aktiv fir d’CSV, an zwar op kommunalem Level zu Jonglënster, wou si vun 1999 am Gemengerot souz an 2007 och fir eng kuerz Zäit Buergermeeschtesch war.
  • E weideren aktuelle Minister deen als Freelance bei RTL geschafft huet ass de Sports- an Aarbechtsminister Georges Mischo, an dat eegenen Aussoen no 9 Joer laang. Hien war ë.a. RTL „Schwammkorrespondent“ an dat och nodeems hie schonns fir d’CSV 2013 mat an d’Chamberwale gaange wor (allerdéngs de Sprong an d’Parlament bei Wäitem verpasst hat). An der Zäit souz de Georges Mischo och ewell zu Esch am Gemengerot.
  • D’Viviane Reding huet als Journalistin ugefaangen, allerdéngs beim „Wort“ an net bei RTL. Spéider, als EU-Kommissärin, huet d’CSV-Politikerin sech fir d’Interesse vum RTL Mammekonzern Bertelsmann staark gemaach. Am Uschloss zu dësem Mandat war si vun 2015 bis 2023 Member vum Kuratorium vun der Bertelsmann Stëftung a gläichzäiteg Deputéiert vum EU-, bzw. vum Lëtzebuerger Parlament.