Photo: Marco Verch

Hannert der Aarbecht vun RTL stieche vill Geheimnisser – souguer fir RTL selwer sinn eenzelner dovun iwwerraschend.

Wéi mécht RTL dat nëmmen? All Dag fënnt ee bei hinnen um Site sou eng Onmass u Contenu an dorënner sou héich qualitativ Artikelen – an dat bei enger sou gerénger Unzuel vu Mataabrechterinnen a Mataarbechter, dass de Responsabele vun RTL bei all Verhandlung mam Staat d’Tréine kommen. Hei wëlle mer Iech eent vun de ville Geheimnisser vun eiser Effizienz verroden: D‘Ofschreiwen. Tatsächlech handelt es sech dobäi em eng ganz geleefeg an üblech Praxis bei quasi allen online Medie weltwäit. Et huet een en Abonnement bei de gréissten Noriichtenagence – dpa, afp, reuters – an däerf dofir hier Kuerzmeldungen iwwerhuelen a verëffentlechen. Soulaang een dofir bezilt an d‘Quell ugëtt. Mir bei RTL wëssen: Dat kann een sech béides spueren. Firwat sollt RTL dann eng Flatrate bei den Agenturen bezuelen an sech d‘Méi mat de Quelle maachen, wann een déi selwecht Meldunge ganz heemlech bei aneren auslännesche Medien ofgräifen an dann einfach an d‘Lëtzebuergescht iwwersetzt. Ni vu, ni connu. Wéi soll dat dann ee mierken?

Wat och kee mierkt, dat ass d‘Ofschreiwe vun echten Artikelen, sou genannten Autorenstécker. Dir wësst jo: Qualitéitsmedien hu Korrespondenten an allen Härelänner a fir allerhand spezifesch Themen – Wirtschaft, Sport, Bildung asw. Dat verursaacht natierlech enorm héich Personalausgaben. A wa schonn anerer dofir opkommen, sollt een dat dach net duebel bezuelen – mee recycelen. Dat ass bestëmmt ëmweltfrëndlech.

Beim Spiegel erschéngt den 12.12 also follgenden Artikel zum Thema „Blutthéichdrock“ vum Auteur Julian Aé: Link zum Spiegel-Artikel. Eng Woch méi spéit iwwersetze mir säin Artikel an d‘Lëtzebuergescht a ginn als Auteur net säin Numm un, mee „RTL“. Nëmme konsequent. Éischtens soll et jo kee mierken, zweetens hu mir säin Text ëmmerhi bei GoogleTranslate aginn an duerno duerch de Spellchecker gejot a souvill Aarbecht muss och mol honoréiert ginn.

Asou… et wier natierlech och verbëtzten Zäit, wann een elo nach den Titel oder den Ënnertitel fir den eegene Publikum upasse wéilt. Einfach eent zu eent iwwerhuelen, fäerdeg. Nëmme bei klenge stilistesche Feinheete gräife mir alt an. De Spiegel zitéiert a sengem Artikel z.B. ee Wëssenschaftler – a mécht soumat transparent, dass dës Aussoe vis-a-vis der BBC gemaach goufen, sëtzt souguer de Link ran, wou een dat noliese kann. Wat ee Gekniwwels a Gerëffels. Onsënneg Detailer loosse mir fort. Sou kéinten eis Lieser nämlech bal op d‘Iddi kommen, mir vun RTL hätte selwer mat Wëssenschaftler geschwat. An dat mécht nawell e gudden Androck.

Ganz ënnen op der Säit vum Spiegel fënnt een zum Schluss dann och nach den héchst interessanten Hiweis: „Dieser Text wurde erstmals am 26.7.2023 veröffentlicht.“ Huch, bal hätte mir dat och nach iwwersat an och bei eis dohinner geschriwwen. Hei elei, nu kuckt emol: Gutt fënnef Méint ass de Spiegel-Text also al a mir hunn e ganz frësch mat dem Datum 12.12 verëffentlecht. Et gesäit een: Mir bei RTL sinn net déi eenzeg, déi gäre recycelen. An, ganz wéi beim Spiegel, hënnert eis dëse butzeg klengen Ëmstand natierlech net dorun, d‘Tagline vum Artikel einfach stoen ze loossen: „Nei Gesondheetsstudie“. Nei, also wierklech ganz nei! Quasi vun haut de moien. Dir wësst nawell: Dat aktuellst, gëtt et ëmmer bei ons!