Photo: RTL

Eng Iwwersiicht mat den involvéierte Persounen an ee Bléck op eng Geschicht voller Widderspréch.

D’RTL-Parteie sinn historesch gesinn d’CSV an d’DP, hei gouf et net just déi séier Wiessel vu Journalist*innen an d’Politik, mee och déi grouss Verstréckunge vu Minister*innen an EU-Politiker*innen an d’Firmepolitik vun der CLT-UFA. Mee wéi gesäit et da mat der LSAP aus, der drëtter grousser Partei zu Lëtzebuerg?

Den 9ten Januar dëst Joer huet déi nei delegéiert Medieministesch Elisabeth Margue (CSV) de Volet Medie vum Koalitiouns-Accord an der Chamberskommissioun fir Medie präsentéiert. D’Taina Bofferding, elo Fraktiouns-Cheffin vun der LSAP an domat Oppositiounsleaderin, ergräift am Uschloss d’Wuert a fuerdert méiglechst séier mat den Diskussiounen unzefänken, ob d’Ofhängegkeet vun enger privater Entreprise fir d’Mission de Service Public bei de Medie gebrach gi sollt. D’A-Fro-Stellen vum Vertrag tëscht Staat an CLT-UFA, dem Konzern hannert RTL Lëtzebuerg, huet bei der LSAP duerchaus Traditioun an ass an der Linn mam LSAP Walprogramm, deen d’Kreatioun vun engem neien ëffentlech-rechtleche Medium zu Lëtzebuerg virgesäit.

Vun RTL bei d’LSAP

Dass d’LSAP vun 2004 un a bis zur leschter Wal mat an der Regierung souz an insgesamt op dräi Verträg tëscht Staat an CLT-UFA hätt e wesentlech méi groussen Afloss huele kënnen, ass Geschicht. Och schéngt et net ze stéieren, dass d’Taina Bofferding, déi hei an der Chamberskommissioun iwwer d’CLT-UFA schwätzt, selwer als LSAP Fraktiouns-Cheffin am CLT-UFA Verwaltungsrot sëtzt. En offensichtlechen Interessekonflikt. Nieft hier an der Mediekommissioun sëtzt fir d’LSAP och d’Francine Closener. D’Francine Closener huet 1994 ugefaange fir RTL ze schaffen, als Journalistin fir RTL Radio Lëtzebuerg. 2008 ass si du Chefredaktesch vum Radio ginn, ier se 2010 bei d’RTL Tëlee gewiesselt ass. 2013 trëtt si bei de Chamberswalen da fir d’LSAP un, verpasst zwar de Sprong an d’Parlament, mee gëtt vum Etienne Schneider als Staatssekretärin mat an d’Regierung geholl. Bei de Walen 2018, bei der och d’RTL Moderatrice Sandy Lahure fir d’LSAP untrëtt, verpasst d’Francine Closener nees de Sprong an d’Parlament, mee kann 2019 noréckelen a sëtzt zanterdeem fir d’LSAP ë.a. an der Mediekommissioun. Mat hierem Walresultat 2018 ass d’Francine Closener iwweregens virun eng weider Ex-RTL-Journalistin op der LSAP Lëscht gerutscht, d’Cécile Hemmen.

D’Cécile Hemmen huet 1978 ugefaange fir d’RTL Virgängerin CLT ze schaffen a wor 2009 eng éischte Kéier fir d’LSAP mat an d’Wale gaangen. An hirer politescher Karriär wor si och Buergermeeschtesch an LSAP Bezierkspresidentin am Zentrum. Déi rezentst RTL Mataarbechterin an de Reie vun der LSAP ass d’Danielle Filbig. Si ass Spëtzekandidatin fir déi kommend Europawalen an hirem eegene LinkedIn Profil no nach ëmmer Korrespondentin vun RTL. Wahrscheinlech schafft d’Danielle Filbig an Tëschenzäit net méi wierklech fir RTL, Korrespondentin wor si parallel zu hirem Studium. Mee hire Start an d’Politik kann awer nach gutt iwwer de Site vun RTL novollzu ginn. Am Juli 2022 beriicht d’Danielle Filbig fir RTL vun der 120-Joer Feier vun der LSAP zu Esch.

D’LSAP kuckt no

Trotz de personellen Iwwerschneidungen an Interessekonflikter an och der joerzéngtelaanger Präsenz vun der LSAP am CLT-UFA Verwaltungsrot ass d’LSAP ni zu enger mat der DP oder der CSV vergläichbarer RTL-Partei ginn. D’Mediepolitik vun der LSAP u sech ass net op d’Interesse vun de Privatmedien ausgeriicht, d’LSAP muss sech awer de Virworf vun der Inkonsequenz a virun allem der Passivitéit virwerfe loossen. D’Mediepolitik gouf iwwer Joren dem jeeweilege Koalitiounspartner iwwerlooss. D’LSAP huet de Jean-Louis Schiltz (CSV) an och d’Viviane Reding (CSV) gewäerde gelooss a spéider net sou genee higekuckt wou de Xavier Bettel (DP) als Medieminister zesumme mam Paul Konsbrück déi nei Deals ausgeschafft huet. De Poste vun dem/der Parlamentsvertrieder*in an der „Commission de Suivi“, déi d’CLT-UFA kontrolléiere soll, gouf éischt nach an der Regierungsverantwortung deene Gréngen an dann elo an der Oppositioun souguer der ADR offréiert.

E Visionär vun den ëffentlech-rechtleche Medie geréit a Vergiessenheet

Dobäi wor et grad d’LSAP, déi an den 80ger an 90er Jore fir eng Alternativ zum Monopol vun der kommerzieller Tëlee gekämpft hunn an d’Medien net dem Reklammsmarché iwwerloosse wollten. Informatioun a Bildung, Kultur an d’Stäerke vum Austausch an der Demokratie: ëffentlech-rechtlech Medie waren een zentraalt Element fir d’Sozialdemokratie, dat et ze verdeedegen - an zu Lëtzebuerg iwwerhaapt emol anzeféiere golt. De Kampf gouf a villen Länner an och op europäeschem Level gefouert, wou d’Lëtzebuerger Thorn (DP), Flesch (DP) Dondelinger a Santer (CSV) am Zäitgeescht vun der maximaler Privatiséierung sech géint verschidde mëtt-lénkse Verfechter vun ëffentlech-rechtleche Medie gréisstendeels duerchgesat hunn. Zu Lëtzebuerg huet de Robert Krieps, eemolege Justizminister an an den 80er Kulturminister a Spëtzemann vun der LSAP offensiv fir d’Schafe vun ëffentlech-rechtleche Medie plädéiert. Als eng Zort Kompromëssléisung ass de Radio 100komma7 entstanen, allerdéngs nom Dout vum Robert Krieps 1990.

Spéitstens Enn vun den 90er Joren si vill Sozialdemokrat*innen uechtert d’Welt zu enger méi wirtschaftsliberaler Politik iwwergaangen, a Lëtzebuerg wor hei keng Ausnam. Mat Bléck an de Walprogramm vun 2004 ass festzestellen, dass d’LSAP d’Iddie vum Robert Krieps ecartéiert hat an d’Sozialist*innen insgesamt net vill zur Mediepolitik ze soen haten. Et heescht: „Im Hinblick auf die wirtschaftliche Dimension des Kultur- und Medienbereichs sollten in Management- und Finanzierungsfragen Partnerschaften zwischen öffentlichen Institutionen, Betrieben und privaten Initiativen aktiv gefördert werden“. Kee Wonner also, dass d’LSAP éischt der CSV an duerno der DP komplett den Terrain vun der Mediepolitik iwwerlooss huet.

Back to the roots?

Zumindest programmatesch huet d’LSAP an deene leschte Jore Schrëtt fir Schrëtt nees zeréck bei seng Wuerzele fonnt. Bis bei d’Walen 2018 huet et gedauert, bis d’LSAP nees wierklech e Kapitel zur Mediepolitik am Walprogramm hat an hei och d’Aféierung vun enger ëffentlech-rechtlecher Tëlee gefuerdert huet. Obwuel och déi Gréng an hirem Walprogramm 2018 zumindest „die Schaffung eines öffentlich-rechtlichen Fernsehprogramms prüfen“ wollten, an sech doriwwer raus fir ëffentlech-rechtlech Medien um europäeschen Niveau asetze léisst een d’DP beim Ausschaffe vum Staatsvertrag, deen elo ab dem 1. Januar dëst Joer a Kraaft getrueden ass an der CLT-UFA pro Joer bis zu 15 Milliounen € zougesteet, gewäerden.

D’Diskussioune ronderëm d’Zukunft vun dem Staatsvertrag mat der CLT-UFA stinn, wéi jo och d’Taina Boffrding et an der Mediekommissioun ze bedenke ginn huet, geschwënn nees virun enger neier Phase. Nach an dëser Legislaturperiod wäert ee Plang ausgeschafft gi mussen, wéi et no 2030 weidergoe soll. D’LSAP wäert déi Diskussiounen elo vun der Oppositiounsbänk aus begleede mussen, vläit awer grad dowéinst souguer mat méi Impakt, wéi zu Regierungszäiten.