Photo: RTL

Ouni Visibilitéit, kënnt een als Kulturschafenden net wäit - dat misst virun allem d’Kulturjournalistin Christiane Kremer wëssen, déi sech iwwert hier Aarbecht bei RTL Visibilitéit fir hier zweet Aarbecht als Autrice verschafe konnt.

Wien um RTL Radio d’Sendung „5 vir 12“ lauschtert, denkt wuel kaum u Konscht a Kultur. Warscheinlech freet een sech éischter, wien d’Iddi hat eng Neioplo vun den Déckkäpp ouni „Witzer“ a mat 2 Promill manner ze starten. Dobäi ass d’Host vun der Ronn vun ale wäisse Männerronn meeschtens d’Christiane Kremer, déi wuel renomméiertste Kulturjournalistin vun RTL. Moment. Ass d’Christiane Kremer net eigentlech schonn zanter Juni lescht Joer a Pensioun?

Eist nationaalt Kultur-Idol

D’Christiane Kremer huet 1985 bei RTL Radio Lëtzebuerg ugefaange mat schaffen. Si wor nieft dem Sportjournalismus haaptsächlech fir d’Kultur zoustänneg. Hier Karriär bei RTL huet si d’lescht Joer dann als „Head of Culture RTL Lëtzebuerg“ opgehalen. An dëser Positioun a mat enger vun deene bekanntste Stëmme vun RTL konnt si sech dann och alles erlaben, bzw. alles publizéieren. Dat geet da vun (fuerchtbar randomen) Meenungs-Artikelen, wéi zum Beispill dem fiktive Bréif un den Albert Camus, der Suerg virum Klimawandel als „fad Bäigefill“ an natierlech dem eegene Gank an d’Net-Pensioun: „Apropos: Och ech fänken elo, no 37 Joer hei am Haus, en neien Abschnitt un. […] Mee vläicht begéine mer eis nach heiansdo. Zum Beispill hei!“, bis hin zur Publikatioun vun enger wierklech schlecht photographéierten 170-Biller Galerie aus der Vakanz um Jakobswee.

Woren et déi näischtsoend Meenungsartikelen, de labbere Radios-Talk oder awer déi komplett onkritesch Moderatioun vun de Kulturentwécklungsplang-Eventer, déi et der Natioun, oder zumindest dem Xavier Bettel, ugedoen hunn? Den deemolege Premier zeechent d’(Ex-) RTL Journalistin jiddwerfalls 2023 zu Nationalfeierdag mam „Ordre de la Couronne de Chêne“ aus: RTL beriicht vun der Laudatio: „Als bekannte Journalistin, hätt si et fäerdeg bruecht, d’Kultur no vir ze bréngen an hir Inhalter ze vermëttelen.“ Dobäi kennt d’Christiane Kremer d’Kultur net just als Journalistin.

Kremer + Marteling = Kremart

2013 grënnt d’Christiane Kremer nämlech zesumme mat hirem RTL-Aarbechtskolleeg Luc Marteling de Verlag „Kremart“. De Luc Marteling schafft mëttlerweil fir d’Zentrum vun der Lëtzebuerger Sprooch, huet do awer eigentlech just gewaart bis den „Directeur de l’information“ Guy Weber bei RTL a Pensioun gaangen ass, fir dëst Joer am Juli deem seng Plaz z’iwwerhuelen. Wéi wichteg Visibilitéit fir d’Auteuren an Autricen, genee wéi fir all aner Konschtschafender ass wëssen déi béid, wuel ganz gutt - a well si lo endlech net méi sou ganz fir RTL schaffe gëtt et elo och kee Problem méi beim Reklamm-maache fir d’Bicher an och d’Events vum Christiane Kremer an dem Luc Marteling. An wann de Luc Marteling geschwënn nees bei RTL en charge ass, gëtt sech nees streng un den Deontologies-Codex gehalen, oder? Zumindest d’Bicher, déi d’Christiane Kremer als Autrice selwer geschriwwen huet kann RTL jo elo ouni Interessekonflikt ukënnegen.

Ah, mee, d’Bicher vum Christiane Kremer goufen och scho virdrunner vun der Kulturredaktioun präsentéiert. Iwwerhaapt kann a konnt sech de Verlag „Kremart“ ëmmer iwwer eng immens grouss Visibilitéit op RTL erfreeën. Wéi de Verlag 2013 nei gegrënnt gouf, huet RTL mat enger ganzer Serie vun Artikele Reklamm gemaach. Also net Reklamm, mee Kulturjournalismus. Mat Titele wéi „Kremart Edition: 6 Bicher op eemol“ oder och dem „Buch vun der Woch“, an zwar „Mammendag“ vum … Christiane Kremer, huet dee jonke Verlag e gudde Start higeluecht. Dass de Verlag direkt zwee RTL Journalist*innen gehéiert, déi mam Verkaf vum Buch Sue verdéngen, huet RTL wuel all Kéiers vergiess z’erwänen. Iwwersetzunge vum Christiane Kremer, déi d’Christiane Kremer sengem Verlag als „Coup de Coeur“ bezeechent goufen, goufe vum Christiane Kremer senger Kulturredaktioun virgestallt, bei Gewënnspiller goufen dem Christiane Kremer seng Bicher verloust an d’Bestseller vum Mount zu Lëtzebuerg waren RTL eng Zäit laang eng Nouvelle wäert. Zoufälleg an der Zäit, an där d’Kremart-Bicher oder/an dem Christine Kremer seng Bicher vir bäi woren.

Ween sech gefrot huet, wéi d’Christiane Kremer et gepackt huet, nieft hirer journalistescher Aarbecht och nach mat engem Verlag an eegene Bicher Erfolleg ze hunn, weess elo: Et ass vu Virdeel, alles mateneen ze verbannen.