Photo: RTL

Ontransparent an ondemokratesch: sou huet deen deemolege Medieminister d’Zukunft vun de Medien hei am Land aushandele gelooss.

Zwar stoung am Walprogramm vun der DP 2013 kee Wuert iwwer d’Mediepolitik oder iwwer d’CLT-UFA, de Konzern hannert RTL, an awer ass et d’DP, déi sech no de Walen de Medienressort kroopt. Domat ginn déi Liberal responsabel fir déi ustoend Verhandlungen iwwert een neie Vertrag tëscht der CLT-UFA an dem Staat. Et ass de Xavier Bettel selwer, schonn als DP-Fraktiounschef souz hien 2011 kuerz am CLT-UFA Verwaltungsrot, deen elo net just de Premierministerposten fuerdert, mee och dee vum Medieminister. Domat féiert hien eng Traditioun nees an, déi zulescht vum Jacques Santer 1989 praktizéiert an elo och vum Luc Frieden weidergefouert gouf: Medie sinn zu Lëtzebuerg Chef-Saach.

Am Januar 2014 stellt de Xavier Bettel de Volet Medie vum Koalitiounsprogramm an der Chamber vir. Et gouf net vill ze präsentéieren, scho mam Koalitiounsvertrag gouf kloer, dass déi kommend Verhandlungen tëscht Staat an der CLT-UFA hannert zouenen Diere stattfanne wäerten. Als Kommunkatiounsberoder vum Xavier Bettel wiesselt de Paul Konsbrück direkt um Ufank vum Mandat vun der CLT-UFA, hie wor do fir d’Lescht Chefredakter vun Eldoradio, eriwwer an de Staatsministère. Duerno ass laang näischt méi ze héieren, d’Ëffentlechkeet kritt net mat, wat fir eng Dynamik sech tëscht Ministère, CLT-UFA, RTL Group a Bertelsmann entwéckelt.

Maximal Intransparenz

Wéi déi final Verhandlunge mat der CLT-UFA virbereet goufen, ass vu bausse schwéier ze soen. Et ginn awer genuch Indicen, déi weisen, wéi no sech béid Säite komm sinn. Do wier zum Beispill d’Auszeechnung vun der Bertelsmann-Ierwin Liz Mohn duerch de Xavier Bettel Uganks 2016. Béid gesi sech och kuerz drop nach eng Kéier um „Mittelstandsgipfel“ vun engem däitschen Interesseverband. D’Diskussiounen hannert de Kulisse si scho kuerz virum Ofschloss, wéi op ee mol d’Lunghi-Affär eng ganz schlecht Luucht op RTL wërft an d’Verhandlungen tëscht Staat an CLT-UFA op ee mol u Brisanz gewannen. An engem mësslongenen Interview mam 100komma7 verplappert sech dann och nach d’Simone Beissel (DP), déi deemoleg Präsidentin vun der Chamberskommissioun fir Medien. Et gëtt offensichtlech, dass Bertelsmann mat héije Fuerderungen Drock mécht. Fuerderungen, déi de Xavier Bettel bereet ass z’akzeptéieren.

Am Fréijoer 2017 geet et da ganz séier. De Paul Konsbrück ass lo „Commissaire du Gouvernement“ bei CLT-UFA, hien iwwerkuckt also fir de Staat d’Aktivitéite vu sengem alen Employeur. De Xavier Bettel huet eng Etude maache gelooss, déi him weise soll wéi wäit hie bei der Finanzéierung vun engem Privatkonzern goe kann ouni EU-Reegelen ze briechen. Dass d’CLT-UFA iwwerhaapt eng éischte Kéier direkt vum Staat finanzéiert gëtt, an dat mat Milliounebeträg, gouf ni ëffentlech diskutéiert. De Xavier Bettel huet et genee sou geplangt: Amplaz eng Konzessioun iwwer den üblechen Zäitraum vun 10 Joer ze maachen, gëtt eng éischt Etapp vun 3 Joer decidéiert. Esou ka verhënnert ginn, dass d’Chamber ee Finanzéierungsgesetz stëmme misst, d’Diskussioune méi breet am Parlament gefouert gi géifen. Pro Forma gëtt de Xavier Bettel den 23. März 2017 eng Regierungserklärung am Parlement of, hält awer den ausgehandelte Vertrag selwer geheim: „Firmegeheimnis“. De Xavier Bettel kommunizéiert souwisou léiwer iwwer pompös Biller, zum Beispill déi vun der Aweiung vun der RTL City am Abrëll 2017. Fir d’CLT-UFA nach weider ze berouege placéiert de Xavier Bettel e perséinleche Koleeg op de Presidenteposte vum Konkurrent 100komma7. Et ass och de Laurent Loschetter, deen fir den 100komma7 nach 2018 eng iwwert de Knéi gebrache Konzessioun ënnerschreift, fir de Sender am passive Status Quo gefaangen ze halen.

Wat gouf dann elo mat RTL vereinbaart? Nieft dem Xavier Bettel hunn de Moment vun der Ënnerschrëft just ganz e puer Ageweiter op der Säit vum Staat de Vertrag gesinn. Genee sou geet et och mat engem ominéisen Zousazdokument, fir dat hie matzen am Walkampf 2018 extra op Gütersloh bei Bertelsmann jettet. Jo genee, hien ass geflunn, an zwar vu Lëtzebuerg mam Privatjet fir 12.000€ op de Flughafe Paderborn. Wat dat fir ee Vertrag wor ass net gewosst.

Eng nei Ausgangslag fir deen zweeten Konzessiounsvertrag

Dëst bréngt zwee Joer drop de Sven Clement op de Plang. Well Bertelsmann mëttlerweil dozou iwwergaangen ass sämtlecht Personal vun RTL Group nees aus der neier RTL City erauszepuchen an de „Medienstanduert“ zu enger Bréifkëschte Firma ze maachen, wollt den Deputéierte vun de Piraten lo awer gäre wëssen, op net op mannst ee Bekenntnis zum Standuert Lëtzebuerg Deel vum Vertrag gewiescht ass. De Sven Clement huet Succès, allerdéngs éischt vill méi spéit.

De Xavier Bettel, deen 2018 rëmgewielt gouf an nees de Poste vum Premierminister mat deem vum Medieminister kombinéiert, weess schonn, dass hie fir deen nächste Vertrag anescht rugoe muss. D’CLT-UFA freet no nach méi Suen an e Finanzéierungsgesetz gëtt onëmgänglech. Wann dat Gesetz bis an der Chamber diskutéiert gëtt ass et onméiglech den Deputéierten net och ze weisen, woufir de Staat bis zu 15 Milliounen am Joer ausgi soll. De frësche Konzessiounsvertrag soll bis 2030 lafen an RTL den absolutte Maximum u Sue beschafen, deen nach sou just mam EU-Konkurrenzrecht kompatibel ze si schéngt. Wien dat gären esou hätt? D’DP hat nees keen eenzege Saz iwwer d’Zukunft vum „Service Public“ an de Medien am Walprogramm stoen. Béid Koalitiounspartner, déi Gréng an d’LSAP hunn awer schonn ugefaangen iwwer d’Schafe vun engem richtegen ëffentlech-rechtleche Sender nozedenken. Et ass méi Drock do, och vun der Medienopsiicht ALIA, déi lues a lues méi staark a selbststänneg gëtt.

Den Drock gëtt awer och vu Bertelsmann erhéicht. RTL Group huet net just massiv Personal zu Lëtzebuerg ofgebaut, mee och ugefaangen RTL-Branchen ofzestoussen. 2021 gëtt RTL Belgium verkaf, de Verkaf vun RTL Holland virbereet an och M6, déi franséisch RTL Group Duechter, huet solle verkaf ginn. Eigentlech ass d’Zäit vun RTL Lëtzebuerg riwwer. Mee kann de Xavier Bettel dee Minister ginn ënnert deem RTL d’Land verlooss an eng ëffentlech-rechtlech Alternativ entstanen ass? De Gaston Thorn géif sech am Graf ëmdréinen.

E Coup vum Bettel

De Virdeel vum Xavier Bettel ass, dass nees just hie bestëmme kann, wéini wie wou iwwer d’Zukunft vun de Medien zu Lëtzebuerg ze diskutéieren huet. Hien mécht säi Medieministère zur Festung. An et ass kloer, wéi d’Personal do denkt. De Michel Asorne ass hei ënnert dem Xavier Bettel Directeur Adjoint ginn. 10 Joer huet de Michel Asorne bei der CLT-UFA Duerchter BCE geschafft, ier hie schonn 2012 als Conseiller an de Medieministere gewiesselt ass. Ënnert dem Xavier Bettel gëtt hien en plus Chef vum ILR. De Paul Konsbruck ass elo net just Beroder vum Xavier Bettel, mee Chef de Cabinet a féiert am Numm vum Staat duerch d’Verhandlungen. D’Finanzéierungsgesetz fir d’CLT-UFA gëtt ë.a. vum Carole Nuss geschriwwen, déi vu LuxInnovation riwwer an de Medieministere gewiesselt ass. Dem Carole Nuss seng Vue op d’Thematik kann am Beschten mat folgendem Zitat duergestallt ginn: „Luxembourg’s long-standing history in broadcasting has shaped a pragmatic business-oriented regulatory landscape, especially suited for the cross-border needs of broadcasting services.“

Schlussendlech geet alles nees ganz séier. Fir de Koalitiounspartnerinne virzegaukelen, dass sech iergendeen iergendwou seriö Gedanken iwwer d’Méiglechkeet vun engem ëffentlech-rechtlechen RTL-Ersaz gemaach huet schreift de Medieministère d’„Etude“: „Les médias de service publie au Luxembourg - Défis actuels et perspectives d’avenir“, wie genee déi net emol 20 Säiten geschriwwen huet ass net kloer. D’Haaptargument gëtt awer vum Xavier Bettel vun deem Moment u benotzt fir d’Diskussioun fir beend ze erklären: En ëffentlech-rechtlecht Medium ze grënne géif méi deier ginn, wéi RTL ze subventionéieren. Et gëtt eng „Orientatiounsdebatt“ an der Chamber aberuff. De Beweis fir d’Onsënnegkeet vun enger Alternativ wier dem Xavier Bettel no de Fait, dass d’Chaîne ARTE jo iwwer 130 Milliounen d’Joer kaschte géif. Wien esou ee Modell gefuerdert hätt gëtt net gesot. An esou mann Kommissiounssëtzunge wéi méiglech geet d’Finanzéierungsgesetz dann duerch d’Chamber. D’LSAP a Gréng soe Jo an Amen an d’Oppositioun ass net um Dill. De Xavier Bettel hat et nees eng Kéier gepackt.