NEWS - Selbstbeweihräucherung
Wat de Fränz Aulner vun Äre Kommentaren hält

Sources: freepik; RTL; Montage: RTL Eent
Wann de Fränz Aulner sech net grad fir den obligatoresche Militärdéngscht oder nach méi Autobunnen asetzt, weist hien seng masoschistesch Säit a liest Är Commentairen op RTL.lu.
Wousst Der schonn - dass jidderee ka gesinn, wéi eng Bewäertungen Dir op RTL-Commentairen gitt? An dass de François Aulner zanter 2019 iwwer 10.000 Mol op en RTL-Daum geklickt huet? Wann net, da sidd Der hei richteg. Mir hunn Iech déi bescht Aulner-Likes an Dislikes gesammelt.
Zu Klimaschutz:
Zur Verkéierspolitik:
Bitzi1929.04.2025Dir kénnt 4spuëréch Autobunnen bauën égal wou. Soubaal dir an d'Staad wéllt hängt dir an éngem Triichter , égal vu wélcher Sëit dir kommt. Dann as ....1 Spuër ëran, an 1 Spuër ëraus...!! Maacht éng aanër Propose....!!
Besonnesch um Häerz läit him awer, wat Dir vu sengen RTL-Kolleg*innen haalt. A vun him. Virun allem vun him.
peepee30.04.2022Top Froen Här Aulner, Bravo an ganz schwaach Aentwerten !Source: Tripartite-Mesurë si fir "puer Méint z’iwwerbrécken"
Peter Wackel12.05.2022Här Aulner Dir huet dat gutt erklärt, op jiddefall esou dass ech hoffen dass och deen net esou cleveren, fir et mol esou ze nennen, nach versteet. [...]Source: Wa Béier méi deier gëtt
Marcel5422.02.2023Bravo H.Aulner fir äre Commentaire . Ech sinn frou daat mol dee vill Problemer dee mir an eisem Marienland hunn endlich mol Diskussionen an der Press stattfannen . [...]Source: Et gëtt Buttek (Part deux)
Iddefix22.01.2021Ganz gudde Commentaire Här Aulner. Et as genau dat gesot wat di meeschte Leit denken.Gudde JournalismusSource: Affär Semedo: DP streng mat deenen aneren, net mat sech selwer
Chris Nauta24.05.24Gudden Owend Här Aulner, Déontologie ass wuel kee Begrëff fir Iech? [...]
Umsonst24.08.2020Herr Aulner, geweinlech sinn är Kommentairen ganz interessant an nogesicht, An desem Fall klengt dir awer émozionell, wierwat och ëmmer.Source: CSV - Keng Diskussioun
Lodiblo27.10.2021Den Här Aulner schéingt och skandalgäil ze sin.Source: Eng penibel Plagiatsaffär an e Verloscht u Glafwierdegkeet
Guy Mathey28.11.2024Ich habe in der Tat noch selten einen derart unsinnigen Kommentar ihrerseits gelesen Herr Aulner! Diesmal enttäuschen Sie mich sehr! [...]
Klengen_Endkonsument21.09.2021Här Grotz, Mat déser Erwaardungshaltung un dem "Här Buergermeeschter vum ganze Land" säin Optrétt strahlt Dir, bei allem Respekt, fir mech ower eng grouss Naivitéit aus.
CMac03.12.2024Här Grotz bleift w.e.g. bei der Wourecht a bei de Fakten: [...]Source: D'Insel vun de Séilegen
miregal13.06.2022Den H. Roy Grotz wëll secher bei den näckste [sic] Wahlen op enger Lëscht vun de Gambia Kollegen matmëschen.
Yomal21.09.2021Ech ginn dovunner aus Här Grotz dass dir äre Commentaire net wierklech eescht huelt soss kéint een iech awer eng gewessen Naivitéit virwerfen.
Umsonst24.08.2020Genau eseu [sic] as et. Merci Herr Grotz, dir hut et genee op de Punkt bruecht. [...]Source: Den Jesse James vun der CSV
An déi, wou mer hoffen dass en sech verklickt huet:
Generell geet de Fränz Aulner keng Commentairen liken, déi géint Minoritéiten hetzen, do léisst hie meeschtens en Dislike. Dofir falen dës Beispiller e wéineg aus der Reih, a si just hei fir ze demonstréieren, dass een*t e Commentaire vläicht soll zwee mol liesen, ier een*t eng Bewäertung ofgëtt. Och wann een*t dovun ausgeet, dass dës anonym ass.
Eng aner Meenung20.02.2025De Problem ass jo graad, dass EU sech just nach ob Fraen, LGBTQ, Migranten, Klimaschutz, konzentréiert, emmer méi Radikal an dessen Beräicher gett, an alles Aneschtes einfach äusblennt. [...]Source: EU muss op gemeinsam Nenner kommen, soss ass et "Game over"
Knouterer21.02.2025Ganz d'accord mat iech, just d'EU huet e grousse Problem mat der Migtation [sic], déi nächst Redirung [sic] an Däitschland muss déi Problemer konsequent léisen an net esou maache wéi wann [...]Source: EU muss op gemeinsam Nenner kommen, soss ass et "Game over"
Skandaléis?
Ass dem Fränz Aulner säi Walverhalen skandaléis? Net wierklech. Ass et witzeg? E wéineg. Ass et problematesch, dass RTL senge User*inne virenthält, dass hir Likes all ëffentlech zougänglech sinn - genee sou wéi all Är Commentairen, bis wéinstens an d’Joer 2011 zréck, obwuel dës der RTL-Charte no no zwou Wochen net méi sichtbar solle sinn? Dat loosse mer Iech decidéieren. Schéckt eis eng mail op info@rtl1.lu, a vläicht verëffentleche mer se als Commentaire ënner dësem Artikel.
Source: Skandal!!!