Photo: ©SMC

Iwwerraschung: De Lëtzebuerger Staat bezilt RTL fir eng Radios-Chaîne ouni wierklech ze spezifiéieren, wat déi Radios-Chaîne eigentlech maache soll.

D’Géigestéck zu de staatleche Faveure wor ëmmer een Tëlees-Programm a Lëtzebuerger Sprooch. Den Tosch tëscht Regierung a RTL huet virgesinn, dass de Staat keng Taxe fir d’Benotze vu Frequenze gefrot huet an dofir RTL den „Hei Elei“-Informatiounsprogramm produzéiert an ausgestraalt huet. Bei de Verhandlunge ronderëm de Staatsvertrag 2017 gouf dunn awer eng éischte Kéier eng direkt Finanzéierung vun RTL an d’Spill bruecht. Et ass dovunner auszegoen, dass Bertelsmann (de Konzern hannert RTL an der CLT-UFA) de finanzielle Bäitrag vum Staat als Conditioun gesat huet, fir d’Tëlees-Chaîne bäizebehalen.

De Wonsch no staatleche Subside fir eng Privatfirma huet eng Rei juristesch Problemer mat sech bruecht, déi den neiste Vertrag méi oder manner elegant versicht ze ëmgoen. RTL Lëtzebuerg ass keng eegestänneg Firma, mee eng Zort Divisioun innerhalb vun der CLT-UFA, dem milliardeschwéiere Konzern. Innerhalb vun deem Gebilde ko-existéieren RTL Tëlee, Radio an NewMedia (déi digital Aktivitéite vun RTL Lëtzebuerg). Personal, Contenu an och d’Notze vu Raimlechkeeten etc. iwwerschneide sech. Wann de Staat Sue fir een Tëleesprogramm ausgi wëll, wéi kéint da séchergestallt ginn, dass net och de Radio oder den Internetsite vun RTL profitéiert? Déi brauchen nämlech weder e staatlechen Optrag nach staatlech Suen. Souwuel de Radio wéi och de Site rtl.lu si profitabel a stinn en plus nach a Konkurrenz zu anere Sender a Plattformen, déi net oder zumindest net esou vill vu staatlechen Hëllefe profitéieren. Wéi kënnen trotzdeem Sue fléissen?

En neie Service-Publics Radiosender - ouni wierklechen Optrag

De Responsabele schéngt bewosst gewiescht ze sinn, dass eng Trennung tëscht de Finanze vun Tëlee, Radio an Internet esou net méiglech ass. Dës Trennung ass nach am Staatsvertrag fir den Zäitraum vun 2021-2023 virgesi gewiescht, gouf wuel bis elo awer net iwwerpréift. Fir d’Konstrukt manner ugräifbar ze maachen ass RTL Radio an der aktueller Konventioun tëscht Staat an RTL dowéinst net just symbolesch, mee och finanziell Deel vum „Service Public“. D’konkurrenzrechtlech Bedenke ginn einfach ignoréiert. Amplaz awer a Konsequenz och RTL Radio, genee wéi der Tëlee, zumindest usazweis ee Cahier de Charges ze ginn, beschränkt sech den Deal tëscht Staat an RTL a puncto Radio ob eng DinA4-Säit mat Floskelen.

Näischt ass konkret. RTL Radio Lëtzebuerg kritt den Optrag een deegleche Radiosprogramm ze produzéieren, deen „haaptsächlech“ op Lëtzebuergesch si soll, sech awer un een „gréisst méigleche“ Public am Land riichte soll. Inhaltlech ginn et praktesch keng Virgaben. „Des émissions d’informations générales“ ginn ernimmt, déi „aux heures de grande écoute radiophonique“ ausgestrahlt gi soll - wat RTL sou zimmlech alles oppe léist. Fir d’Tëlee gouf e Volume genannt, fir Informatiouns-, Educatiouns-, Kultur- a Sportssendungen, fir de Radio gëtt et keng eenzeg wierklech strikt Virgab oder Richtlinn. Präziséiert gëtt allerdéngs ausdrécklech, dass RTL souvill Reklamme senden dierft, wéi d’Gesetz et erlaabt.

E weidere Kaddo u Bertelsmann

Zesummegefaasst muss festgestallt ginn: RTL Radio Lëtzebuerg ass elo zu vollem Ëmfank Deel vum Service Public, dat awer ouni ee bestëmmten Optrag ze hunn. RTL Radio Lëtzebuerg ka genee esou weidermaachen, wéi virdrunner - ausser dass insgesamt nach méi staatlech Sue fir RTL verfügbar sinn. De Staat huet et verpasst, RTL am Géigenzuch mat spezifesche journalistesche Contenu a Sendungen ze fuerderen a subventionéiert hei blann de Programm vun engem puere Kommerz-Sender. U sech wollt kee Mënsch, dass RTL Radio Lëtzebuerg esou een Optrag kritt, et wor awer déi pragmateschste Léisung fir der RTL Tëlee Suen zoukommen ze loossen.

An engem nächsten Deel vun der Serie iwwert den aktuelle Konzessiounsvertrag geet et dann ëm d’’Bestëmmunge fir de Volet „Digital Plattformen“ am Kontext vum Service Public. Bis elo an der Serie:

  1. „E besonnesch dichtege Vertrag, deen nach fir vill Problemer suerge wäert.“
  2. „Eng „Mission de Service Public“ fir ee kommerzielle Sender“
  3. Qualitéitskontroll bei RTL?
  4. Wéi eng Ziler a Missiounen huet RTL - ausser Suen ze maachen?
  5. Eng „Commission de Suivi“ ënnert der Kontroll vum Ministére
  6. Ignoréiert RTL säi Cahier de Charge fir d’Tëlee?