METEO - Meteolux mellt
Schmeiert Déifdrockgebitt
Alerte Jaune
Alerte Jaune gëllt vun 15:53 bis 07:42 Auer
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
Baam27.05.2023Police ass chronesch ennertbesaat.... Emplus kommen nach Stonnen Pabéierkrich derbai! Alles Wonschdenken.....🤷♂️
-
Wuermdran27.05.2023Majo dann. Als éischt goufe mam Briecheisen Aspuerungen am Enseignement secondaire duerchgeboxt, elo dann oppene Sträit mat Police, SREL a Fleegesecteur. An deenen 3 éischte Fäll gouf respektiv gëtt et Mediatioun a Conciliatioun. An dat all Kéier mat heftege Virwërf, de Staat géif sech net un d'Spillregelen halen, mol Accorde quasi erfannen, mol Accorden net ëmsetzen. Am Fleegesecteur géife gesetzlech Assimilatiounsdispositiounen (e gewëssen Artikel 28?) einfach ignoréiert ginn. Do zeechent de Staat jo en immenst Beispill vu sech selwer. Souveräänt regéiere gesäit anescht aus. Awer Haaptsaach et gëtt sech gebretzt mat enger Steierreform vun där net emol kloer ass, ob se iwwerhaapt duergeet fir déi ugesammelt kal Progressioun auszegläichen. Op den Aarm huele kann ech mech och selwer.
-
Kriddelschass27.05.2023Top Diddeleng, déi ganz Équipe huet zäitweis wéi aus engem Goss gespillt, vläit och e Verdéngscht vum neien Coach ? Eraus gestach hunn iewer besonnesch de Sinani an de Schnell! Denken dass besonnesch den D.Sinani net méi laang wäert Amateur bleiwen. Dat wier zwar schuet fir Diddeleng, mee gutt fir ons Nationaléquipe. A propos Nationaléquipe, firwat steet de T.Schnell nach ëmmer net am Kader vun de roude Léiwen ? Mat der Leeschtung (an dat schonn iwwer länger Zäit) muss deen einfach gesat sinn.... hei muss wuel een iwwert säin Schiet sprangen ... allez Holz/Schnell, setzt iech zesummen a kläert äre Litige! An un RTL, mam Marc Oberweis hutt dir genau de richtegen Mann fir d ‘Analysen vun de Matcher, do mierkt een dass dee Mann laang um Terrain stoung. Seng Analysen setzen an hien scheit och net fir Problemer unzeschwätzen. Weider esou!
-
Yuppy27.05.2023Schued, e capablen Technocrat geet. Am Plaatz kënnt hoffentlech erëm e Mann odervengbFra vum Fach heescht Économist. Mir brauche net erëm ennTurnprofbannoch keen Affekot,als Wirtschaftsminister. W.e.g. Léif LSAP kuckt och no de Fähergkeeten net nëmmen ob en treie Parteizaldot oder schlëmmer nach e Schnösel wou de Papp vrun him do war.
-
Duke_of_Lux27.05.2023Hei hëlleft jommeren a jeitzen no der Politique naïscht. D‘Politique kann do naïscht maan, just eng Drëpps Wasser op e warme Steen. Hei spillt d*Gesetz vun Offre an Demande, Capitalismus pur. Kuckt op YT d‘Sendung vun „Tout Compte Fait“ iwert micro appartementer, „Plus c*est petit, plus c’est cher“ do gesid Dir wou d‘Rees higeht. Leit liewen an Miniverschléi vun ron 10m2. An auslänneschen Metropolen normal. Dofir gin dann 500€ de Mount bezuelt 😢 https://www.youtube.com/watch?v=fG8LHzqnGmU RTL Link w.e.g. löschen wa net ok
-
gestressten27.05.20231254 Iwwrigens,krut de muergen eng email apparemment vun Luxtrust mat...main ...... wier/ ass oofgelaaf an cliquez ici.... 1) wei kommen dei un meng email....nemmen duerch d Post.....also ass d Post gehackt ginn an huet et verheemlecht. 2) ähnlech bei den Banken , op mannst Verschiddener , wou bleift do d Opklärungsfliicht , et geet em donnees personelles an Datenschutz , deen deklareiert gött Daag an Nuecht, an der Realiteit,wei mer live gesinn,nött fonktionneiert.... Wou bleift d Action nationale an europeenne ??? Et misst all user , bei jegweiliger Gefor oder Bedruch , direkt seng Verbindong spären können , och dei lescht Operatiounen. Eischt no Iwwerpreifong duerch eng kompetent Instanz kann d Verbindong erem on geschalt ginn. All Aktiounen ginn an engem Euzentralregister gespeichert an analyseiert fiir dem Crime d Handwierk ze leeen. Wier nött iwwerrascht wann d Mafia,d Russen ,Chinesen an aanerer do hier Fangeren am Spill hätten... waat seet den Aussenminister dozou....????